Zéng Joer Premier zu Lëtzebuerg

E Commentaire vum Marc Linster op RTL Radio Lëtzebuerg

“De Jean-Claude Juncker ass e politesche Personnage, deen extrem polariséiert… déi eng fannen, dass et e super geniale Politiker ass, déi aner sinn der Meenung, dass et e Politiker ass, dee vill schwätzt an dovunner net ganz vill a praktesch Politik ëmsetzt.

U béiden Impressiounen ass wuel eppes drun. Tatsaach ass op alle Fall, dass een dachs beim Jean-Claude Juncker oppositionell Stréimunge constatéiert. Op eise Premier passt ganz gutt dat bekanntent Zitat vum Goethe sengem Faust ‘Zwei Seelen wohnen in meiner Brust’.

Op europäeschem Plang gëtt de Jean-Claude Juncker a ville Situatiounen als éierleche Makler gesinn, deen tëscht ënnerschiddlechen an souguer contraire Positioune vermëttelt; heiheem dogéint polariséiert de Statsminister ganz dachs.

De Premier bréngt et awer och fäerdeg op verschiddenen Themen ouni mat der Wimper ze zucke vun engem bestëmmte Moment eng komplett aner Positioun ze vertriede wéi bis dohinner.

De Jean-Claude Juncker gleeft mat Sécherheet un d’Prinzipien vun der kathoulescher Sozialleier, bréngt et awer duerchaus fäerdeg geleeëntlech wiertschaftsliberal Akzenter ze setzen.

De Premier gëtt sech dachs gär méi lénks wéi d’Sozialisten, mee ass hien net méi konservativ wéi hee mengt?

De Statsminister ass fir d’Sträitkultur, hee kann awer nëmme schwéier mat Kritik u senger Politik liewen.

De Jean-Claude Juncker agéiert dachs wéi e Pop-Star, wëll awer dovunner näischt wëssen an als sachleche Politiker gëllen.

De Premier bréngt et souguer fäerdeg an enger Persoun Regierungschef an Oppositiounsleader ze spillen.

Heen ass mat Momenter total emotional, kann awer knallhaart Politik maachen.

….tjee, dat sinn nëmmen e puer Beispiller fir de gespléckte Politiker Jean-Claude Juncker.

Op alle Fall ass de Premier e Phenomen, deen nëmme schwéier ze paken ass.

Eent steet awer fest… mam Jean-Claude Juncker koum virun zéng Joer e komplette Broch mam Stil vu senge Virgänger Pierre Werner a Jacques Santer, e Stil dee méi modern a manner paternalistesch ass. Wat een dem Statsminister awer och zougestoe muss ass, dass hee seng Dossiere kennt an en zolidde Schaffert ass.

Virun allem huet heen awer Lëtzebuerg e Gesicht op europäeschem Plang ginn, an deene meeschte Fäll wou an eisen Noopeschlänner vun eisem Land geschwat gëtt, ass dat wéinst dem Jean-Claude Juncker.

No zéng Joer um Regierungsrudder muss ee sech awer froen, ob et net besser fir den Här Juncker, fir seng Partei an d’lëtzebuerger Land wier, wa mer mol e Changement un der Spëtzt vun der Regierung hätten. Et freet ee sech nämlech wat de Jean-Claude Juncker eigentlech nach un der lëtzebuerger Politik fënnt, ob hee sech net vläicht langweilt.

Ofgesinn dovunner waarden ech nach ëmmer drop, dass iergendee kënnt an eis de Phenomen Juncker explizéiert. Bis dohinner bleiwen ech op alle Fall gespléckt: ech tendéieren tëscht Bewonnerung an tëscht generft sinn. “

Marc Linster, RTL Radio Lëtzebuerg den 20. Januar 2005