“Méi Flexibilitéit”

Jean-Claude Juncker am Interview mam Frank Goetz op RTL Télé

RTL: Här Staatsminister, mir sinn hei an engem ganz komplizéierte Sujet. Fir d’Leit dobaussen ass et net ëmmer ganz einfach nozevollzéien. Méi flexibel, d’Reform vum Stabilitéitspakt, wat bedeit dat fir d’Länner a vläicht och fir Lëtzebuerg?

Jean-Claude Juncker: Et geet net nëmmen ëm méi Flexibilitéit. Et geet ëm eng richteg Applikatioun vun de Basisregelen. Keen däerf méi wéi 3% Defizit maachen. Kee soll méi wéi 60% Schold maachen, iwwert dee ganze Konjunkturzyklus, a gudden an a schlechten Zäiten verdeelt, hinzekréien. Dofir verstännege mer eis drop, dat hu mer gëschter Owend plus ou moins fäerdeg bruet, fir datt et, wann et der Wirtschaft gutt geet, wa se staark wiisst, d’Länner musse spueren, Suen op d’Säit leeën, hir Defiziter reduzéieren, hir Staatsschold reduzéieren, fir datt se méi Bewegungsraum hunn an deenen Zäiten, wou et der Wirtschaft méi schlecht geet a wou een eigentlech méi Budgetsmëttele brauch fir d’Konjunktur ze stäipen. E bëssen dat, dat soen ech hei net gären, mä hei mat eiser Televisioun kann een dat soen, an Europa anzeféieren, wat mer doheem ëmmer scho maachen. Wann et gutt geet, Suen op d’Säit leeën, fir datt ee Suen huet wann et schlecht geet an der manner erakritt, fir déi Suen ze hunn, fir notamment ëffentlech Investitioune kënnen ze finanzéieren. Et ass den Anzug vum gesonde Mënscheverstand an d’mehrjähreg Finanzplanung.

RTL: Ugeholl, ee Land wéi Däitschland kéim elo fir d’véierte Kéier hannerteneen iwwert déi erlaabten Neiverschëldung eraus. Wann een elo den neie Prinzip uwandt, wat géif dat am konkrete Fall bedeiten?

Jean-Claude Juncker: Wa mer deen neie Stabilitéitspakt gehat hätten, sou wéi ech mer virstellen, datt mer e musse kréien, dann hätt dat geheescht, datt mer an de Joren 1998, 1999 an 2000 Däitschland regelrecht zwéngen hätte kënnen, net déi Suen, déi se deemols duerch gutt Konjunktur an duerch staark Wirtschaftswuesstum bedingt, méi erakritt hunn, a staatlech Konsumausgaben ze schëdden, mä dann hätten se déi Sue missten notzen, fir hiren Defizit ze reduzéieren, fir hir Schold ze reduzéieren, sou datt se, wann se dat a gudde Jore gemaach hätten, net an där miserabler schlechter Situatioun wieren an där se elo sinn, well se a gudden Zäite keng vernünfteg Politik haten.

RTL: Muss een och zur Kenntnis huelen, wann elo ee Land, zum Beispill wéi Däitschland, ganz vill an d’EU abezillt, vill méi abezillt wéi et eigentlech op der anerer Säit erauskritt, muss een déi Rechnung, dat mat consideréieren?

Jean-Claude Juncker: Mir probéieren eng Rei vu Critèren opzestellen, déi een erunzéie kann, fir deen Defizit, deen entstan ass, vu senger Zesummesetzung hir, besser erklären ze kënnen. An do gehéiert ouni all Zweifel och dozou, datt wann ee Land grouss Nettobeiträg un d’Europäesch Unioun iwwerweist, datt dat muss zumindest eng gedanklech Berücksichtegung fannen. Et muss een déi däitsch Positioun do e bësse verstoen, ech deelen se zwar net ganz. Däitschland, wéi mir iwwregens och, bezillt esouvill netto an, kritt manner Suen eraus wéi se abezuelen, dat gëtt eis als Defizit ugerechent, während déi Länner, déi méi Suen erauskréien, wéi se abezuelen, dat als een normalt Stéck vun hirem Budget ugerechent kréien. Dat heescht, wat negativ géint Däitschland spillt, dat spillt positiv fir Irland, dat spillt positiv fir aner Empfängerlänner. Do ass ee Widdersproch, dee muss een iergendwann opléisen.

RTL: Wéi ass et elo mat héigen Dépensen, zum Beispill d’Flutkatastrof a Südasien, also fir d’Hëllefen, gëtt esou eppes consideréiert bei der Defizit-berechnung?

Jean-Claude Juncker: Dat kann een Element sinn, dee berücksichtegt gëtt. Mä déi Dépensë fir déi Fluthëllef an eisen nationale Budgeten, déi sech jo iwwert e puer Joer verdeelen, sinn net esou, datt dat kënnt d’Defizitbildung an eenzelne Staaten alleng erklären.

RTL: Wéi sollen dann elo Länner a konjunkturell gudden Zäiten dozou bruecht ginn, fir ze spueren, respektiv wéi sollen se opgefuerdert ginn hiren Defizit ofzebauen?

Jean-Claude Juncker: Do gëtt et Regelen, an d’Regel ass, datt een a gudden Zäite muss 0,5% vu sengem strukturellen Defizit ofbauen, och wann een nach net 3% Defizit erreecht huet. Do gëtt et Warnunge vun der europäescher Kommissioun, Opfuerderunge vun deenen anere Finanzminister, fir konstant um Wee vun der Defizit- a Scholdereductioun ze bleiwen. Dat feelt haut, souwuel am Vertrag wéi am Stabilitéitspakt. Et gëtt ëmmer gesot, besonnesch an Däitschland, wat jo eng iwwerflächlech Ëffentlechkeet ass, wann et ëm sérieux Saache geet, elo géif dee Stabilitéitspakt hei weich gekocht ginn, e géif op eng fluchend Aart a Weis flexibiliséiert ginn. Nee, e gëtt och stabiliséiert, an deem wat mer säi préventiven Aarm nennen, dat heescht, wann et der Wirtschaft gutt geet, wann et der Wirtschaft ganz gutt geet, kënnen d’Regierungen déi Suen, déi se erakréien, net huelen zum Zweck vun der Volks[inaudible] a vun der Erfëllung vun onnéidege Walverspriechen, mä mussen da konsequent an eng orthodox finanzpolitesch Kanalbildung abréngen.

RTL: Wann déi Regelen, déi Dir ugeschwat hutt, net agehale ginn, wat geschitt dann?

Jean-Claude Juncker: Jo, da si mer an deem normale Verfahren, datt wann een iwwer 3% kënnt, datt et engem da schlecht geet an et geet engem ëmsou méi schlecht wéi ee manner sérieux war a gudden Zäiten. Et gëtt ee gewëssermosse belount, wann een a gudden Zäite responsabel gehandelt huet. Wann een a gudden Zäiten irresponsabel gehandelt huet an et kënnt een a schlechten Zäiten a Bedrängnis, dann däerf een net mat Rücksicht vun deenen anere rechnen.

RTL: Här Staatsminister, ech soen Iech villmols Merci.

Jean-Claude Juncker: Merci och.

RTL Télé, 18. Januar 2005 / SIP-Service information et Presse