Jean-Claude Juncker am Interview mam Jay Schiltz op Radio 100,7

De Jay Schiltz vum 100,7 ennerhält sech mam Premier

“Eng Presidentschaft beuerteelt sech an hirer allgemenger Atmosphär …”

Jay Schiltz: Maja dann, Här Staatsminister, wéilt ech vläicht fir unzefänken Iech eng hypothetesch Fro stellen. Ugeholl mir maachen dësen Interview elo net Enn Dezember 2004, mä den 1. Juli 2005. Dir hutt d’EU-Présidence elo un England viruginn. Wat wéilt Dir kënnen als positivt Resultat zréckhalen? Wat wier et wouvun Dir géift soen, dat hu mir gutt gemaach?

Jean-Claude Juncker: Eng Presidentschaft beuerteelt sech an hirer allgemenger Atmosphäre, déi se fäerdeg bruecht huet an Europa groussginn ze loossen a beuerteelt sech op konkrete Sachresultater. Ech géif gären den 1. Juli 2005 soen, datt mer duerch déi Aart a Weis wéi mer présidéiert hunn, wéi mer nogelauschtert hunn, wéi mer geschwat hunn, wéi mer arrangéiert hunn a wéi mer décidéiert hunn, d’Europäesch Union och atmosphäresch e Stéck weiderbruecht ze hunn, et fäerdeg bruecht ze hunn, datt déi 25 Länner besser mateneen eens ginn, et fäerdeg bruecht ze hunn, datt se opbauend op enger ënnerer Kraaft, déi se da kritt hätten, sech och konnte gewënnbréngend an d’Léisung vun de Konflikter, déi et ronderëm Europa gëtt, anzebréngen. An ech géif gäre kënne soen, den 1. Juli 2005, datt mer eng Rei vu wichtege Problemer, déi zur Léisung ustinn, entweder geléist hunn oder enger Léisung esouwäit méi nobruecht ze hunn, datt duerno kee méi d’Rad kann zréckdréien.

Jay Schiltz: Dir hutt elo vun der atmosphärescher, also vun der Ambiance och an der EU geschwat. D’leschte Kéier bei der Présidence waren et 15 Länner. Elo sinn et der 25. Mécht dat d’Saach méi komplizéiert?

Jean-Claude Juncker: Dat mécht d’Saach méi komplizéiert, et mécht se méi ustrengend, et Dezember mécht se méi ufuerdernd och an et muss een Talenter, déi ee kann hunn a méi engem grousse Mooss asetzen an op méi Partner verdeelen. Et war scho ganz schwéier sech an deem Europa vun deene 15, an dem Duercherneen an Niefteneen vu Sensibilitéiten, vu Meenungen, vun Opfaassungen esou erëmzefannen, datt een eng Linn konnt dodra bréngen. Elo si mer zu 25. Dat sinn zu engem groussen Deel kleng Länner, déi bäikomm sinn. Mä mir wësse jo aus dem Ëmgang mat eis selwer, datt kleng Länner am Regelfall esou grouss Problemer hunn ewéi grouss Länner an dat alles an Erfahrung ze bréngen, déi national Eegenaarte vu Länner, déi mer net esou gutt kennen, well se nach net esou laang bei eis sinn opzespieren, an dann och ze spieren, wat déi Länner gären hätten, wat ee mat deem, wat een iwwert si an Erfahrung bruecht huet soll ufänken, dat ass eng Aufgab an eng Belaaschtung, déi menger Ansicht no vu Villen ënnerschat gëtt. Do brauch ee scho vill Zäit tëscht de Sitzungen, fir datt et an der Sitzung net schief geet.

Jay Schiltz: Mä déi kleng Länner zesummen, ginn déi net awer elo da méi grouss? Bis elo waren et d’Belsch, Lëtzebuerg an d’Hollänner. Elo sinn der dobäikomm. Gëtt dat net deene Klenge méi Poids am Conseil vun deene Groussen?

Jean-Claude Juncker: Déi kleng Länner an déi mëttelgrouss Länner – Holland ass ee mëttelgrousst Land mat 15 Millioune Leit; mir soen ëmmer “déi kleng Hollänner”, mä d’Hollänner gesinn dat net esou – déi di gutt drunn, wa se sech net duerch d’Optriede vun deene grousse Länner all zevill impressionnéiere loossen. Et muss een ëmmer wëssen, wann ee schwätzt, wou deen hirkënnt a fir wéivill Millioune Leit datt e ka schwätzen. Mir hunn dat geléiert, mä mir hunn och geléiert als Lëtzebuerger, datt mer eis net un d’Mauer spille loosse vun deene Groussen a mir probéieren och dauernd deenen neie Klengen, wann ech mech däerf esou ausdrécken, eppes vun deem Reflex ze vermëttelen.

“Mir wëllen eis Presidentschaft notzen, fir d’Verhältnis mat Russland ze verbesseren…”

Jay Schiltz: Fir bei deene Groussen dann ze bleiwen. Dëser Deeg hutt Dir där ganz Grousser ee besicht zu Moskau. Do hutt Dir e puer Saache gesot, vläicht och am Hibléck op d’Présidence, wou ech gär géif kuerz drop zréckkommen. Esou hat een den Androck, wéi wann Dir do wéilt Weiche stellen, déi vläicht net méi an déi richteg Richtung gewisen hunn. Ass dat richteg a wourëm ass et Iech haaptsächlech gaange beim Här Putin?

Jean-Claude Juncker: D’Relatiounen tëscht Russland an der Europäescher Unioun hu sech an deene leschten zwee Joer net gutt entwéckelt, bedingt duerch eng Rei vu Konflikter a Russland an ëm Russland erëm, bedingt och duerch eng Rei vu Feelaschätzungen, deene mir ëmmer opsëtzen hei an eise Länner, déi alles besser wëssen wéi déi aner, déi Problemer hunn, an dofir ass et mer drop ukomm, fir Ofstand ze huele virun där Manéier, déi eenzel Europäer hunn, de Russen ëffentlech Lektiounen a Russland selwer z’erdeelen. Dat hunn ech och gesot.

Mir wëllen eis Presidentschaft notzen, fir d’Verhältnis mat Russland ze verbesseren, zum Gudde vun de Mënschen hei, an zum Gudde vun de Mënschen a Russland. De Sträit, dat géigesäitegt Ufeinden, dat permanent Ënnerstelle vun Absichten, d’Beschreiwe vun deem aneren, wéi wann en engem schlecht gesënnt wier, schafen eng Grondatmosphäre, déi d’Relatiounen tëscht deenen zwee wichtegen Ensemblen, d’Europäesch Unioun engersäits, Russland anerersäits, gréisste Land vun der Welt, lues a lues ëmmer méi versauere loossen. Dat soen ech net, well ech der Meenung wier, datt een do, wou ee wierklech zolitt Meenungsënnerscheeder huet, soll roueg sinn. Zu enger erwuessener Frëndschaft, déi awer nach weider wuesse kann, gehéiert, datt ee sech d’Saache muss kënne soen. Mir hunn och mam Här Putin alleguer déi kontrovers Themen ugesprach: Ukraine, innepolitesch Reformen a Russland, eenzel Virgäng am russesche Wirtschaftsliewen, déi éischter dérangeant oder derangéierend op westlech Investisseure wierke kënnen. Dat alles ass ugeschwat ginn. Also et ass net datt mer eis Zong an d’Täsch do stiechen. Ech hale wéineg dovun, fir sou déck Baken do ze maachen, datt se op kee Fernsehschierm méi ginn.

Jay Schiltz: Wat versprëcht sech dann ee Mann wéi den Här Putin vun Europa an elo och ebe vläicht am speziellen och vun Iech, vu Lëtzebuerg, deen elo d’Présidence huet?

Jean-Claude Juncker: Den Här Putin weess, datt en dat gréisste Land vun der Welt regéiert. Mir wëssen et ëmmer, datt mer, wa mer mam Här Putin schwätzen, wa mer mat deem schwätzen, deen dat gréisste Land vun der Welt regéiert. Den Här Putin weess, datt en ouni d’Europäesch Unioun eigentlech op kengem Feld vun der Politik déi Fortschrëtter fir säi Land kann erreechen, déi en erreeche kann, wann e mat den Europäer gutt zesummeschafft. Mir musse wëssen, ech menge mir wëssen dat och, datt Russland, als dee Quasi-Kontinent deen et ass, muss esou an europäesch Sécherheets- a Stabilitéitsstrukturen agebonne sinn, datt mer Rücksicht huelen op dat wat do geduecht a gemaach gëtt, an datt Russland sech och verstane muss spieren a sech als ee Partner kënne selwer erliewen, dee sérieux geholl gëtt vun deenen aneren. Et muss een déi russesch Volleksséil, iwwert déi vill geschriwwe ginn ass, richteg verstoen. Dat ass ee Land, dat een Empire verluer huet viru 14, 15 Joer, dat eng Supermuecht war, déi mat den Amerikaner op gläicher Héicht konnt diskutéieren, a wat elo muss nokucken, datt et aus dem Krees vun de Supermuechten ausgeschloss ginn ass, an datt d’Amerikaner eigentlech déi alleng bestëmmend Kraaft an der internationaler Politik sinn. Do däerf een net de Russen, menger Aschätzung no, d’Gefill ginn, wéi wa mer se elo géifen zurechtstutze wëllen, quasi aus esou engem Reschteffekt vu Kalem-Krich-Revanchismusdenken. Dat maachen eenzel europäesch Regierungschefen heiansdo. Ech hätt gär, datt een déi aner respektéiert, well mir wësse wéi een drop ugewisen ass, vun deenen anere respektéiert ze ginn. Wa mer gär hätten, datt mir respektéiert ginn an Europa, solle mer och Russland respektéieren. Wat nach eng Kéier – ech soen dat nach eng Kéier dobäi – net heescht, datt mer do net soen, wat ze soen ass. Mä fir d’éischt muss een emol deen, mat deem ee wëllt éierlech schwätzen, och éierlech respektéieren.

Jay Schiltz: Wat fir eng Perspektivë kann ee Land wéi Russland da mat der EU, an der EU hunn, à long terme?

Jean-Claude Juncker: Ech mengen net, datt et an der Europäescher Unioun eng Plaz fir Russland gëtt. Ech mengen, datt mer eis do wierklech géifen iwwerdehnen, nach méi wéi am Fall vun der Tierkei. Dee Risiko besteet. Ech mengen, mir musse mat Russland ee kontinentalt Matenee fannen, wou keng grouss Fro, déi de Gesamtkontinent intresséiert, vun den Europäer oder vun de Russen alleng kann tranchéiert ginn. Ech mengen, et brauch ëmmer dat Matenee vun deenen Zwee a mir hunn een Intresse drun, lues a lues – dat ass net einfach – a Russland demokratesch Grondreflexer, déi et jo awer an deem Land gëtt, wuessen ze loossen, sou datt mer ni méi an déi Situatioun zréckkommen, an där mir zanter dem Zweete Weltkrich waren, wou Europa, wat jo deemols anescht war wéi haut a Russland, sech wéi zwee Feinde géintiwwer stinn. Dat huet eis leschten Enns net gutt gedoen. Mir hunn an Europa 60 Joer wertvoll Zäit verluer, eis kritesch a negativ ze kucken. Mir hätte grouss Saache kënnen an Europa maachen, wa mer 1950 schonn do gewiescht wieren, wou mer 2005 ukommen.

Jay Schiltz: Da ganz um Enn, Här Staatsminister, erlaabt mir Är Lieblingsfro ze stellen, well Dir se sécher jo och nach erëm anerwäerts gestalt wäert kréien, och no der Présidence nach Premier zu Lëtzebuerg oder erschaalt scho neess en neie Ruff aus Europa?

Jean-Claude Juncker: Ech hu jo bewisen, kierzlech, datt ech gutt Ouerendeckelen hunn, wann ech wëll. Ech héieren net all Ruff.

Jay Schiltz: Gutt, an dësem Sënn da merci, datt Dir Iech dëst Joer Zäit geholl hutt. Schéi Feierdeeg an dann ee gudde Rutsch an d’Présidence an alles Gudds!

Jean-Claude Juncker: Schéi Feierdeeg och fir Iech an och fir déi, déi eis nolauschteren. Merci.

Radio 100,7 vum 31. Dezemeber 2004 / Service Information et Presse