D’Opnam vu Verhandlungen ass eng Saach, de Bäitrëtt ass eng aner

Dem Fraktiounspresident Michel Wolter seng Ried an der Chamber zum Thema Tierkei

Här President,
Dir Dammen an dir Hären,

De Bäitrëtt vun der Tierkei ass e Sujet, dee mat vill Passioun diskutéiert gëtt. D’Kenntnis, respektiv d’Onkenntnis iwwer Geschicht, Kultur a Leit vun engem Land, dat um Rand vum europäeschen Kontinent läit, d’Relioun vu senger Populatioun an dat, wat vill Leit haut mat däer Relioun a Verbindung bréngen (islamesche Fundamentalismus an Terrorismus uechter d’Welt), droen derzou bäi, datt déi allgemeng Perceptioun vun der Tierkei an der europäescher Unioun eng ass, déi d’Opnam vu Bäitrëttsverhandlunge net zu engem Fait divers vun der europäescher Agenda maachen.

D’Tierkei ass zënter iwwer 50 Joer mat Europa enk verbonnen. Si ass Grënnungsmember vun der NATO, Member vum Europarot zënter 1950, mat der EG associéiert zënter 1963. D’Tierkei huet hir Bäitrëttsdemande zur Europäescher Gemeinschaft 1987 gestallt, an d’Zollunioun tëschent der EU an hir ass zënter 1994 a Kraaft. 1999 hunn déi europäesch Staats- a Regierungschefen um Sommet vun Helsinki d’Tierkei als Kandidatestaat confirméiert an hir Adhesiounsvokatioun ënnerstrach. Schliisslech läit zënter dem 6. Oktober 2004 déi nuancéiert positiv Recommandatioun vun der Kommissioun vir, déi dem Europäesche Conseil un d’Häerz leet, d’Opnam vu Bäitrëttsverhandlunge mat der Tierkei am Dezember ze beschléissen.

D’Entwécklung vun de Relatioune vun der Tierkei mat der EU sinn deemno am Laf vun de Joere lues a lues op Bäitrëttsverhandlungen erausgelaf.

Här President,
Dir Dammen an dir Hären,

D’Opnam vu Bäitrëttsverhandlunge rifft déi enorm Erausfuerderungen an Erënnerung, déi mat enger tierkescher EU-Memberschaft verbonne wieren. Dës Erausfuerderungen ergi sech aus der Gréisst vum Land – et ass annerhallef Mol esou grouss wéi Frankräich – aus senger geographescher Situatioun tëschent Europa an Asien, aus de Relatioune mat seng Nopeschlänner, wéi dem Irak, dem Iran, Syrien an Armenien, aus seng Populatioun vun haut 70 an an 20 Joer tëschent 90 an 100 Milliounen Awunner. Erausfuerderungen ergi sech awer och aus dem Zoustand vun der tiirkescher Wiertschaft, déi zwar déi 21. Ekonomie weltwäit ass, mee awer nëmmen e PIB pro Kapp vun 21% vun der aktueller Uniounsmoyenne erbréngt. Dobäi soll een allerdéngs net ënnerschloen, datt dat zimlech genee de Niveau ass vu Rumänien a Bulgarien, déi 2007 sollen der Unioun bäitrieden.

En tierkesche Bäitrëtt géif ouni all Zweiwel eng spierbar Belaaschtung vum europäesche Budget um Niveau vun der Landwiertschaft an de Strukturfonge bedeiten. Esou e Bäitrëtt kann deemno eréischt erfollegen, nodeem déi finanziell Perspektive fir d’Unioun iwwer 2014 eraus virleien. Och d’EU muss an der Perspektiv vun engem Bäitrëtt vun der Tierkei Effortë maachen – dat ka keen unilateralen tierkeschen Exercice sinn, wa mer dem tierkeschem Bäitrëttswonsch wëllen op fair Manéier begéinen.

Här President,
D
ir Dammen an dir Hären,

D’Opnam vu Bäitrëttsverhandlunge mat der Tierkei ass net gläichbedeitend mat dem Bäitrëtt vun der Tierkei. De Bäitrëtt u sech gëtt konditionéiert duerch en erfollegräichen Ofschloss vun engem Prozess, deen d’Wiese vum tierkesche Staat beréiert a net wäert onverännert loossen. D’Tierkei ass zu esou engem Prozess bereet, an dëss Bereetschaft verlaangt eise Respekt.

D’Opnam vu Bäitrëttsverhandlunge selwer ass nëmme méiglech ginn opgrond vun deenen konsequente Changementer, déi an deene leschte fënnef Joer an der Tierkei stattfonnt hunn. Ech mengen domat ongezielte Verfassungs- a Gesetzännerungen; d’Ofschafung vun der Doudesstrof; d’Erlaabnis vum Gebrauch vun der kurdescher Sprooch; d’Stäerkung vun der ziviler Administratioun an déi faktesch Aschränkung vun der Roll vun der Arméi. Am Résumé bedeit dëst, datt déi wesentlech politesch Kriterien, déi e Bäitrëttskandidat muss erfëllen, haut vun der Tierkei erfëllt ginn.

Mee wéi scho gesot, d’Opnam vu Verhandlungen ass eng Saach, de Bäitrëtt ass eng aner. Et si ronn 30 Verhandlungskapitelen ofzeschléissen, iert et zu engem Bäitrëtt ka kommen. All eenzelt vun dëse Kapitele muss mat Succès ofgeschloss ginn. Ausname ginn et a goufen et fir kee Kandidat. Et kann och keng fir d’Tierkei ginn.

D’Europäesch Unioun muss der Tierkei am Verlaf vun dësem Prozess schounungslos bäibréngen, wat et heescht, zu Europa ze gehéieren an Deel vum politeschen Europa wëllen ze sinn. Dat bedeit jo net nëmmen Demokratie a Mënscherechter, wiertschaftlech Stäerkt a Währungsstabilitéit. Et bedeit och eng bestëmmte Kultur vu Sozialpolitik, vu Familiepolitik, vum Respekt an der Forderung vun der Roll vun der Fra, an et bedeit kulturell, reliéis, gesellschaftlech a mënschlech Toleranz.

Donieft ginn et weider Elementer, déi en tierkesche Bäitrëtt zum heitegen Zäitpunkt onméiglech maachen. All Joer ginn nach ëmmer Honnerte vun individuelle Folterfäll aus der Tierkei gemellt, och wann net méi systematesch gefoltert gëtt. Ob eng Persoun allerdéngs Affer vun enger Systematik oder vun individuellem Feelverhale gouf, ass hir zimlech egal. All Joer gi nach ëmmer ronn 2.000 Asylanten aus der Tierkei an der EU opgeholl. Dat kann net esou bleiwen: e Land, wat als EU-Member soll potenziell um System vum sécheren Drëttstaat deelhuelen, ka kee Land sinn, aus deem nach ëmmer Leit fortlafen an an der Unioun Asyl sichen. D’Relatioune mat Zypern an Armenien si net gekläert, an och dat kann net esou bleiwen. Et ass ondenkbar, datt e Memberstat vun der EU en anere Memberstat net unerkennt, an et ass ondenkbar, datt e Memberstat vun der EU seng Grenz mat engem friddlechen Nopeschland zou léisst. All dës Froe musse beäntwert ginn, iert een un en tierkesche Bäitrëtt kann denken.

Här President,
Dir Dammen an dir Hären,

Op der aner Säit, an dat muss een och soen, kann een e Land an seng Leit net éiweg hinhalen. D’Tierkei huet an de leschten Joere vill versprach kritt, hir europäesch Vokatioun ass op ville Platzen ënnerstrach ginn. Elo, no immensen tierkesche Virleeschtungen, ass eng europäesch Géigeleeschtung néideg. D’Opnam vu kontrolléierten a regelméisseg evaluéierte Bäitrëttsverhandlungen sinn haut eng europäesch Verpflichtung géigeniwwer engem Land, dat interativ widderholl huet, dass et Member vun der Unioun wéilt ginn, awer och géigeniwwer engem treien Alliéierten, den sécherheetspolitesch ëmmer fest un eiser Säit stoung. D’Tierkei ass ee Stabilitéitsfakteur am Balkan, deem seng Staten och Vokatioun hunn, der EU unzegehéieren, an doriwwer eraus.

D’Tierkei ass Deel vun enger europäescher Friddensuerdnung a vun der Friddensuerdnung rondrëm Europa. An Europa u sech ass nach ëmmer an och besonnesch eng friddenspolitesch Entreprise, déi fir Stabilitéit a Sécherheet op eisem Kontinent suergt. Hei kann d’Tierkei an a mat Europa eng Roll spillen, déi soss kee vun den europäesche Partner kann iwwerhuelen. D’Tierkei ass deen eenzege wierklech demokratesch konstituéierten a laizistesche Stat mat enger moslemescher Populatioun. Si ass d’Paart an dat turkeschsproochegt Zentralasien, e Raum, dee sech bis a China erstreckt, an 150 Milliounen Awunner zielt. Si ass Member vun der Konferenz vun den islamesche Staten an ënnerhält gläichzäiteg besonnesch a privilegéiert Relatioune mam Stat Israel. A schliisslech liewen zu dësem Zäitpunkt schonn iwwer 3 Milliounen Tierken an der Europäescher Unioun, deenen hir Integratioun e wichtege Facteur vun der Kohesioun vun der Gesellschaft a Länner ewéi Däitschland, Frankräich, Eissträich an Holland ass.

Här President,
Dir Dammen an dir Hären,

D’Evaluatioun vun Inhalt a vun den Etapperesultater vu Bäitrëttsverhandlungen ass e béidsäitege Prozess. Et sëtzen zwee Partner um Dësch, déi kënnen zur Konklusioun kommen, eenzel oder zesummen, weiderzefueren, d’Négociatiounen auszesetzen oder ofzebriechen. D’Verhandlunge musse mam Zil vum Bäitrëtt opgemaach ginn, well dat de Sënn vu Bäitrëttsverhandlungen ass. Mee de Bäitrëtt ass net d’office d’Resultat vun de Verhandlungen. Wuer dee laange Wee féiert, dee mat engem Beschloss fir d’Opnam vu Verhandlungen elo soll ugoen, dat wäert den Inhalt, d’Atmosphär an de Fortschrëtt vun dëse Verhandlunge musse weisen.

Loosse mer deemno déi legitim Erwaardunge vun de Partner an déi objektiv Fortschrëtter vun deene Verhandlungen, déi elo sollen ugefaange sinn, éierlech a fair begleeden an évaluéieren. En tierkesche Bäitrëtt zur Unioun ass dann, awer nëmmen dann, wann e gutt präparéiert gëtt, wann en aus deene richtege Grënn stattfënnt, a wann en de Leit an deene nächste Joere begreiflech gemaach ka ginn, eng Beräicherung fir Europa.

Michel Wolter,CSV-Fraktiounspresident