Conseil vun den EU-Wiertschafts- a Finanzministere

De Premier Jean-Claude Juncker op RTL Radio, iwwert de Conseil vun den EU-Wiertschafts- a Finanzministere zu Bréissel

RTL Radio: D’EU-Wiertschafts- a Finanzministere si jo zanter gëschter zu Bréissel beieneen. E grousse Sujet war do d’Gefuddels vun de Griechen fir an den Eurogroupe eranzekommen. D’Griechen dierfen am Eurogroupe bleiwen, ma kréien op d’Fanger gekuckt, dat sot eis viru Minutten elo um Telefon de Premier Jean-Claude Juncker.

Jean-Claude Juncker: Mir hu gëschter Owend, déi 12 Finanzminister vun der Euro-Zone, dee griechesche Fall besprach. Et stellt sech eraus, datt op Grond vu verschiddenaartege Rechemethoden de Verdacht ka bestoen, datt Griechenland keng richteg Donnéeë geliwwert huet. De Vertrag gesäit net vir, datt een e Land kann aus dem Euro erauskatapultéieren, mä dofir hu mir einfach décidéiert, Griechenland ënnert eng verschärfte Bewaachung an Iwwerwaachung ze stellen.

RTL Radio: Do gouf et jo och wuel statistesch Problemer. Sinn déi da fir an Zukunft geregelt mat Eurostat?

Jean-Claude Juncker: Mir sinn am gaang un deenen technesche Viraussetzungen ze schaffen déi et méiglech maachen, datt Eurostat besser Iwwerpréiwungsméiglech-keeten huet vun deenen nationalen Donnéeën déi agereecht ginn.

RTL Radio: Den niddregen Dollar an den héijen Euro dee misst jo den EU-Finanzminister nach Problemer maachen?

Jean-Claude Juncker: Den héijen Euro dee mécht eis Suergen, obscho mir jo ëmmer gär e staarken Euro gehat hätten. Elo hu mir dee staarken Euro, elo mécht deen eis natierlech Suergen. Wëll dat eis Exportdisponibilitéit vun den europäeschen Economien a Kombinatioun mat den erhéijten Uelegpräisser, déi mir déi lescht Méint haten, wesentlech schwächt an domat d’Wuesstemserhuelungschancen an der europäescher Unioun däitlech no ënnen gedréckt huet wéi déi rezent Zuelenwierker aus Däitschland an aus Frankräich jo och weisen. Mir sinn der Meenung, datt deen dueblen amerikaneschen Defizit – Leeschtungsbilanz a Budget – mëttelfristeg net ze hale sinn an, datt et net richteg ass, datt d’Amerikaner duerch déi entstaane Situatioun vum Rescht vun der Welt eigentlech géigefinanzéiere loossen. Mir hätten dofir gären, datt Amerika net nëmmen verbal, mä och an der politescher Aktioun zu enger Politik vum staarken Dollar erëmfënnt an et also e Rééquilibrage gëtt zwëschent dem Dollar an dem Euro.


RTL Radio Lëtzebuerg, vum 16. November 2004
Quell: Service Information et Presse (SIP)