Resolut zukunftsorientéiert

Ried vum neien CSV-Fraktiounspräsident Michel Wolter zum Koalitiounsprogramm an den Erklärungen vum Premierminister Jean-Claude Juncker: “Meng politesch Deklinatioun de Moien orientéiert sech un de verschiddenen Dimensioune vun der Entwécklung, an dëst op véier Pläng D’Land entwéckelt sech, a mat him musse séng Strukturen a séng Verwaltungen et maachen; Eis Wirtschaft entwéckelt sech, a mat hir muss d’Bereedschaft zur Innovatioun et maachen; Daat internationalt Ëmfeld vu Lëtzebuerg entwéckelt sech, a mat him muss eis Integratiounsfähegkeet et maachen; Eis Gesellschaft entwéckelt sech, a mat hir muss och hire sozialen Encadrement et maachen.”

Ried vum neien CSV-Fraktiounspräsident Michel Wolter zum Koalitiounsprogramm an den Erklärungen vum Premierministzer Jean-Claude Juncker: “Meng politesch Deklinatioun de Moien orientéiert sech un de verschiddenen Dimensioune vun der Entwécklung, an dëst op véier Pläng

  • D’Land entwéckelt sech, a mat him mussen seng Strukturen a seng Verwaltungen et maachen;
  • Eis Wirtschaft entwéckelt sech, a mat hir muss d’Bereetschaft zur Innovatioun et maachen;
  • Daat internationalt Ëmfeld vu Lëtzebuerg entwéckelt sech, a mat him muss eis Integratiounsfähegkeet et maachen;
  • Eis Gesellschaft entwéckelt sech, a mat hir muss och hire sozialen Encadrement et maachen.”

Här Präsident, Dir Dammen an Dir Hären,
no baal zeng Joer an der Regierung ass et fir mech mat dëser Ried de Retour an d’Chamber, also op déi Platz, wou meng politesch Karrière den 16. Juli 1984, viru iwwer 20 Joer ugefangen huet.

E bëssen houfreg sinn ech schon, datt meng Kollegen aus der Fraktioun vn der CSV mer déi éierevoll Aufgab ugedroen hunn, hiire Präsident, an domatter och hiire Spriecher an der Chamber ze sinn. Ech wäert versichen, hiir Erwardungen net ze enttäuschen an déi Erfahrungen, déi ech an all deene Joëre konnt sammelen an den Dingscht vu menger Partei an der Chamber ze stellen.

Den 13. Juni hunn d’Lëtzebuerger déi politesch Kaarten hei am Land nei verdeelt. Si hunn daat op eng Manéier an an engem Mooss gemaach, déi déi wéinechst sech – trotz deene sëlleche Sondagen – erwaart haaten.

De grousse Gewënner ass d’CSV. Eis Fraktioun zielt elo 24 Memberen, fënnef méi wéi virdrun. D’CSV ass déi Partei, déi landeswäit déi gréissten an déi déifsten Assisën huet. Si ass am ganze Vollek, an alle Bezierker, queesch duerch all Gesellschaftsschichte verwuerzelt. Dës Wuerzele gräifen déif an déi Planzen, déi se stäipen, sinn dëst Joer héich gewuess.

Dësen Erfolleg bedeit awer gläichzeiteg eng grouss Erausfuerderung, an eng schwéier Verantwortung. D’CSV als Vollekspartei zitt aus dem Resultat vum 13. Juni keng aner Konklusiounen wéi déi, datt d’Lëtzebuerger wollten hunn, datt si weiderhin an Regierung a Chamber Responsabilitéit soll droen, an dëst ennert der Leedung vum Staatsminister Jean-Claude Juncker.

Genee daat wëlle mer och maachen. Mir wëllen daat Vertrauen, daat d’Bierger an eis gesaat hun, esou honoréieren, datt et kengem Leed deet, eis gewielt ze hunn. Mee Triumphalismus oder en oofschätzenden Ëmgank mat anere Parteie ergin sech doraus net. Mir wëssen, datt do, wou et Gewënner gëtt, et och Verléierer gëtt, a mir hu Respekt virun deene, déi verluer hunn.

Eise fréiere Koalitiounspartner, d’Demokratesch Partei, huet d’Wale verluer. Nodeems mer mat der DP fënnef Joer laang op eng anstänneg a korrekt Manéier regéiert hunn, a nodeems mer mat hir zesummen d’Grondbasis fir eng zukunftsorientéiert Politik fir Lëtzebuerg konnte leeën, hu mer awer aus dem Wielerwëlle gelies, datt eng Neioplag vun dëser Koalitioun net méiglech wier. D’DP ass mat vill Dignitéit de Wee an d’Oppositioun gaangen, an duerfir verdingt sie eis Unerkennung an eise Respekt, déi ech och op dëser Plaz wëll zum Ausdrock bréngen.

Eise neie Koalitiounspartner, d’LSAP, huet d’Walresultat esou interpretéiert, datt et elo un hir wier, fir nees Regierungsverantwortung ze iwwerhuelen. Si mecht daat par rapport zu 1999 stabiliséiert a liicht gestäerkt, an dach ass d’Differenz tëschent hir an der CSV esou grouss wéi ni virdrunn an der rezenter Geschicht. Dëser Tatsaach huet misse bei der Regierungsbildung an der Ressortsverdeelung Rechnung gedroe ginn, an daat ass och geschitt – am Accord tëschent eis an de Sozialisten, déi hiirt Resultat riichteg ageschaat an eng differenzéiert Vertriedung an der Regirung akzeptéiert hunn.

Déi Gréng sinn haut eng politesch Kraaft, déi un der drëtter Plaz um Parteientreppche kraazt. Bei den Europawale gouwen si déi drëttstäerkst Partei. Dëst Resultat ass bemierkenswäert, an et verdéngt Beuechtung. Besonnesch dowéinst, well domatter d’Zuel vun de regierungsfähegen Parteien zu Lëtzebuerg sech em eng Unitéit vergréissert huet. Awer och, well déi Gréng mat dësem Resultat fir eng inhaltlech räich an uspriechend Oppositiounspolitik belount goufen.

A contrario ass dem ADR, an domat dem Deel vun der Lëtzebuerger Politik, deen 15 Joer laang, net ouni Succès, d’Schinn vum rengen Populismus an der steriler Demagogie gefuer ass, vum Wieler eng zolidd Brems ageluecht ginn. Et schengt esou, datt eng politesch Artikulatioun, déi sech hapsächlech ronderem d’Faarw vun Steng vun engem Musée an aneren Onwiesentlechketen dréit, net méi esou usprëcht. Eng gudd Noriicht, fannen mir, fir d’Qualitéit vun eiser Demokratie, an hoffentlech och fir d’Qualitéit vun der politescher Ausernanersetzung.

Här Präsident, Dir Dammen an Dir Haeren,

D’Koalitiounsverhandlungen tëschent der CSV an der LSAP hu sech iwwer ee ganze Mount gezunn. Daat louch dorunner, datt an dëser Zäit eng seriös Politik an alle Beräicher huet musse zesumme gestréckt ginn, déi den Erausfuerderunge Rechnung dréit an an de Joëre Bestand kann hunn. Mir hunn eis intensiv an déifgräifend iwwer all déi wichteg a wesentlech Politikberäicher ënnerhalen, an deene mer déi nächst fënnef Joer gemeinsam wäerte schaffen. Iwwer Staatsfinanzen, Edukatioun, Asylpolitik a Flüchtlingen, iwwer d’Ëmsetzung vum IVL, d’Verwaltungsreform, d’Présidence vun der Europäescher Unioun muss ee méi laang an intensiv schwätzen. Daat hu mer gemaach, an duerfir ass d’Resultat vun eise Verhandlungen och eent, waat sech weise léisst.

De Koalitiounsaccord, dee mer zesumme fisseléiert hunn, ass esou, wéi déi zwou Parteien, déi d’Koalitioun bilden. En ass net pretentiéis, well mer net an enger Zäit vu Pretentioune liewen, a well seriös Problemer op seriös an handwierklech gudd gemaachte Léisunge waarden. En ass resolut zukunftsorientéiert, well et ëm d’Zukunft geet. En ass generéis, wou d’Méiglechkeet vun der Generositéit besteet, an de Mëttelen ugepasst do, wou mer wëssen, datt mer ganz einfach nët alles daat kënnen, waat mer wéilten. Et ass en Accord, deen d’Zukunftschance vun haut voll ausnotzt, ouni déi vun de Generatiounen no eis op d’Spill ze setzen.

Wann d’Koalitiounsverhandlunge während deem Mount, dee se gedauert hunn, eppes bewisen hunn, dann ass et, datt een haut Politik net méi ka no klasseschen Denkschemen gestalten kann. Aus der Komplexitéit vun de Problemer an den Zesummenhäng tëschent onendlech ville Facteuren, déi eis Realitéit ausmaachen, ergëtt sech d’Noutwendegkeet vun enger transversaler, Ressoren iwwergräifender Politikgestaltung. Ganzheetlech Approchen, vernetzte Léisungsusätz musse gesicht a fonnt ginn. Et ass eng nei Art a Weis vun Politikgestaltung gefuerdert.

Et ass dëst déi vläit gréissten Erausfuerderung vun der kommender, vun de kommenden Legislaturen. Brengen mer et fäerdeg eist Land aus den Strukturen, der Organisatioun an den Denkschemen, déi oft bis wäit an d’19. Johrhonnert zereckréchen, an d’21. Johrhonnert ze brengen.

Mir stellen fest, datt dësen Grondgedanken, deen villen Leit hei am Land erréischt säit der Debatt iwwer den IVL richteg bewosst ass, sech ewéi e schwaarz-rouden Fuedem duerch de Koalitiounsakkord an d’Regierungserklärung zitt. D’Regierung an hir Majoritéit, awer och d’Oppositioun wäerten gemooss ginn un hirer Facultéit, d’Erausfuerderungen, déi sech stellen nët nemmen ze erkennen, awer och unzepaaken an ëmzesetzen.

Häer Präsident, Dir Dammen an Dir Hären,

De Staatsminister huet seng Regirungserklärung un enger Atmosphär vu Modernitéit a Moderniséirung, Innovatioun, Integratioun a Moderatioun festgemaach. Meng politesch Deklinatioun de Moien orientéiert sech un de verschiddenen Dimensioune vun der Entwécklung, an dëst op véier Pläng:

  • D’Land entwéckelt sech, a mat him mussen seng Strukturen a seng Verwaltungen et maachen;
  • Eis Wirtschaft entwéckelt sech, a mat hir muss d’Bereetschaft zur Innovatioun et maachen;
  • Daat internationalt Ëmfeld vu Lëtzebuerg entwéckelt sech, a mat him muss eis Integratiounsfähegkeet et maachen;
  • Eis Gesellschaft entwéckelt sech, a mat hir muss och hire sozialen Encadrement et maachen.

1) D’Entwécklung vum Land

De Koalitiounsaccord déklareiert d’Ëmsetzung vum IVL zu enger vun den zentralen Erausfuerderungen vun dëser Legislaturperiod. D’CSV ass der Ménung, datt dëst eng wesentlech a noutwenneg Grondlag fir eng harmonesch Entwécklung vum Land duerstellt. Duerfir brauche mer d’Planungsregiounen, Dezentralisatioun, sektoriell Pläng, veräennert Aufgabe fir d’Gemengen an eng nei Logik an der Kompetenzopdelung tëschent Staat a Gemengen.

Déi 14 Punkten, déi ech als zoustännege Minister am Oktober vum leeschte Joer um Schluss vun der Chamberdebatt iwwer d’Kompetenzopdeelung tëschent Staat a Gemengen als Fortschrëttselementer formuléiert haat, fannen sech praktesch integral am Koalitiounsofkommes erëm. Waat beweist, datt eng bestëmmten Approche zum Plangen an zum Organiséieren hei am Land hire Wee gemaach huet. Si ass haut majoritaire am Parlament.

Véier Usätz gi vum IVL an d’Perspektiv gestallt, an duerch d’Regirungserklärung confirméiert:

Eischtens, méi dicht an anescht bauen a wunnen, eng méi urban Approche fannen. E Pilotprojet zur urbaner Verdichtung gëtt op de Wee bruecht. Mä déi urban Verdichtung geet nët duer, fir méi Leit bezuelbart Bauland a Wunnraum unzebidden. Mat engem Pak vu steierleche Moossnamen, och däer contraignanter, soll daat méiglech ginn. Duerch d’Schaffe vun öffentleche Baulandreserven wäerten de Staat an d’Gemenge selwer um Wunnengsmoart agéieren, mat enger sozialer Zilsetzung. Gläichzäiteg kann dës Baulandreserv derzou déngen, datt de Staat wichteg Infrastrukture besser ka plangen a realiséieren.

Zweetens, Industrie- an Aktivitéitszonen jhust nach do ariichten, wou se mat ëffentlechem Transport akzessibel sinn, an eng national Plus-Value duerstellen. Ee Plan sectoriel “Zones d’activités économiques” gëtt an däer Hisiicht elaboréiert.

Drëttens, eng fundamental Moderniséierung vun de Strukturen an de Verwaltunge vum Staat, fir daat administrativt Lëtzebuerg vum 19. an 21. Joerhonnert ze féieren. Op dëse Punkt kommen ech gläich zréck.

A véiertens, eng nei Approche am Transport.

Wéi Recht haat de Professer Brändli, wei e sot: “Dir hutt kee Verkéiersproblem, dir sidd de Verkéiersproblem!” Et ass e radikalt Ëmdenken noutwenneg, fir vun däer Lëtzebuerger Attitude zum “sech transportéieren”, déi jhust um Auto orientéiert ass, ewechzekommen.

Mir hunn haut 1,2 Milliounen eenzel Verkéiersbewegungen pro Daag zu Lëtzebuerg. Fir datt mer eis och mat 1,5 oder 2 Millioune Verkéiersbewegungen pro Daag nach kënnen am Land réieren, muss de Modal Split vu 25/75 tëschent öffentlech-kollektivem an individuellem Transport erreecht ginn. Weder deen öffentlechen, nach deen invididuellen Transport packt d’Verkéiersbewegunge vun der Zukunft aleng.

Zwar brauche mer eng Parti nei Stroossen. Mee virun allem leeë mer d’Prioritéit op d’Schinn an all hiren Erscheinungsformen. “mobilitéit.lu” gëtt esou ëmgesat, datt de Findel an de Kiirchbierg iwwer Dummeldeng d’Ubannung un d’Schinn kréien. Weiderhi préife mer, wéi déi fir den IVL relevant Kniet vun Zéisséng, Houwald an Dummeldéng kënne matenee verbonne ginn. Daat ass och wichteg am Hibléck op déi weider akademesch Entwécklung mat deene verschiddene Campusen – et hänkt eben villes mateneen zesummen.

D’Ubannung un d’international Schnellzuchnetzer ass och absolut prioritär. Dobäi sinn, fir d’Attraktivitéit vun eiser Haapstad als Siège vun europäeschen Institutioune sécherzestellen, virun allem Eurocap-Rail an TGV-Est kruzial. Et gëtt keng politique du siège ouni eng drastesch verbessert Accessibilitéit vun der Stad Lëtzebuerg mat schnellen Zich zu deenen aneren europäeschen Haapstied.

Am Kontext vum Transport begréisst d’CSV et ausdrecklech, datt an der Regirungserklärung e staarkt Kapitel zur Verkéierssécherheet ze fannen ass. All Doudegen am Verkéier bleiwt een zevill. All schwéier Verwonnten stellt ee Liewen duer, duerch daat eng Zäsur leeft, an daat vläicht ni méi esou gëtt, wéi et war. D’Metzlerei op eise Stroossen, déi all Joer e klengt Duerf ausläscht, muss ophéieren. Duerfir schafft den Transportminister een zesummenhängende Pak vu Moossnamen aus, an deem feststoënd Radaren, weider Sensibiliséirungskampagnen, verstäerkte Kontrollen op Vitesse, Alkohol an Drogen um Steier sech ergänzen. Präventioun, Repressioun, an Upassung vun de Strofen mussen effikass gebündelt ginn, fir datt de Wahnsinn op de Stroossen en Enn kritt. Frankräich ass an desem Domaine am gaangen ze weisen, dass et geet.

E Staat, deem seng Strukture sech wandelen, dee sech logistesch an infrastrukturell an eng nei Zäit begeet, dee muss och sech selwer an d’Modernitéit beförderen. Et däerf kee Gruew tëschent den Ambitioune vum Staat a senge Mëttele bestoen, fir dës Ambitiounen ëmzesetzen. Duerfir get de Ministär vum ëffentlechen Dingscht, dee sech verstäerkt ëm e-Government an d’Moderniséirung vun der Verwaltung an hiren Oofleef muss këmmeren, ee vun deene ganz wichtege vun dëser Legislatur. Un him wäert et zu engem net onerhiewlechen Deel leien, ob mer mat eiser ganzer staatlecher Administratioun am 21. Joerhonnert ukommen, wou eis Gesellschaft an eis Wirtschaft längst scho sinn. Déi erhiewlech Retaren, déi mer mat den elektronesche Verwaltungsoofleef hunn, mussen opgeholl ginn – e-Government muss a fënnef Joer eng spiirbar an novollzéibar Realitéit sinn.

Et geet awer net nëmmen ëm e performanten e-Government. Et geet grad esou drëms, eng modern, an äis Zäit passend Kohärenz an Interaktioun tëschent déi verschidde Niveauë vun der Administratioun ze kréien. Vun de Gemengen iwwer d’Syndikater, d’Etablissements publics, eventuell nei Forme vun interkommunaler Zesummenaarbecht bis hinn zum ëffentlechen Dingscht vum Staat muss d’Verwaltung an hire Methoden, an hirer Ausbildung, an hirer Aarbechtsaart a -Weis an an hire Missiounen iwerduecht an duerch d’Zäit bis an d’Joer 2004 transportéiert ginn. Et hänkt och hei alles zesummen.

Här Präsident, Dir Dammen an Dir Hären,

2) Entwécklung vun eiser Wirtschaft

Eis Gesellschaft ass net méi déi, déi se nach virun 10 oder 20 Joer war. Eis Ekonomi, iwwerhaapt déi europäesch Ekonomi, och net méi. Mir hunn eis an eng Wëssens- a Kommunikatiounsgesellschaft beginn, an och d’Wirtschaft funktionéiert drastesch verstäerkt mat der Ressource Informatioun. De Sommet vu Lissabon huet a senge Konklusioune festgehaal, datt Europa bis 2010 déi weltwäit kompetitivst wëssensbaséiert Ekonomi soll entwéckelt hunn. Am sou genannte Prozess vu Lissabon, deen zu deem Zil soll féieren, sinn Wirtschaft a Wëssen, sinn Ekonomie a Bildung, Héichschoul a Recherche nët méi vuneneen ze trennen. Daat entsprecht och enger gesellschaftlecher Bewegung a Richtung vu méi Bildung an Ausbildung fir jiddereen, Demokratiséirung vun der akademescher Formatioun, a liewenslaangem Léieren als Schlëssel fir dauerhafte beruflechen a gesellschaftleche Succès.

Am Koalitiounsaccord steet e kloert Bekenntnis zur Uni Lëtzebuerg. All déi, déi schon emol prophylaktesch vum Begriewnes vun der Uni geschwaat a geschrwiwen hunn, sollen sech raviséieren. Héichschoul a Fuerschung huelen eng Plaz ganz uewen um Agenda vun der Koalitioun an.

Dës Majoriteit mecht Eescht mam Opbau vun der Uni Lëtzebuerg, a si huet fest wëlles, Lëtzebuerg zu engem international unerkannten, an Europa relevanten Zentrum fir akademesch Exzellenz ze maachen, ouni dem universitaire Gréissewahn ze verfaalen. Duerfir ass bekräftegt ginn, datt mer eng Universitéit “de taille réduite” opbauen. Mir wëllen net déi 51. Normaluni an der Groussregioun opbauen, mir wëllen déi éischt an déi beescht multidisziplinaresch orientéiert, op Recherche fokusséiert an op Nischeberäicher spezialiséiert Uni an der Groussregioun kréien.

Déi Recherche, déi zu Lëtzebuerg bedriwwe gëtt a soll an Zukunft bedriwwe ginn, ass gläichzäiteg d’Réckgrat vum universitaire Betrib, wéi mer eis e virstellen. Eis Wirtschaft brauch spezialiséiert Fachleit – a mir forméieren däer zu Lëtzebuerg, am Finanzwiesen, an de Nanotechnologien, an der Materialwëssenschaft zum Beispill. Gläichzäiteg ass d’Ekonomi e noutwennege Sponser vum Gesamtphänomen autonom Uni. Wirtschaftlech relevant Forschung a reell Ekonomi sinn also nët ze trennen. Dëst ass sech d’Majoritéit bewosst, an opgrond vun däer Erkenntnis gëtt och eng vernetzte Politik bedriwwen. Eng Politik, déi Standuerter brauch, wéi mer se an der Landesplanung ausweisen, an déi muss vun enger Verwaltung, déi d’Ziler vun der Wëssensgesellschaft mat verkierpert, begleet ginn. Et hänkt alles zesummen.

Här Präsident, Dir Dammen an Dir Hären,

3) D’Aflëss vu baussen – d’Integratioun no bannen

Lëtzebuerg ass keng Insel. Daat ass schrecklech wouer, an et gett wuel duerfir och esou dacks gesoot. Mir bleiwe vu näischt verschount, och nët vun terroristesche Bedrohungen, deene mer eis mussen mat der Determinatioun vum Anstand a vun de fräie Mënsche stellen. An zwar mat alle Mëttelen, déi mer zur Verfügung hunn, well den Terrorismus viru kengem Mëttel zréckschreckt. Dat maache mer als Rechtsstaat, mat de rechtsstaatleche Garantiën, awwer mat nët manner Entschlossenheet. Mir wëllen d’Sécherheet vun alle Leit, déi zu Lëtzebuerg liewen, garantéieren, och vis-à-vis vum Terrorismus

An dësem Kontext och, awer net nëmmen an deem, féiere mer och déi Politik zugonschte vun der Police fort, déi an deene leeschte Joere bedriwwe gouf. D’Police kritt weider Leit bäi, fir hir ëmmer méi komplizéiert a komplex Missioune kënnen ze erfëllen. Dozou gehéiert och an erhiewlechem Mooss zivilt Personal an der Verwaltung, fir datt Polizisten daat kënne maachen, wat hire Beruff ausmecht, a nët brauche vill ze vill Zäit um Schreiwdësch ze verbréngen. An dozou gehéiere Fachleit, déi sech an deene verschlongene Réseauë vun der internationaler Kriminalitéit, mat hirer Finanzstruktur an hiren Deckungsstrukturen, zurechtfannen. Kriminalitéit an all hiren Erscheinungsforme gëtt och an Zukunft konsequent bekämpft.

Déi vill Leit, déi op Lëtzebuerg kommen, fir zesumme mat eis hei ze liewen, ze léieren, ze schaffen, Famillen ze grënnen, déi sinn eppes Schéines, eppes Guddes an Noutwenndeges fir eist Land. Si si wëllkomm bei eis, a mir wëllen se optimal integréieren.

Baal véierzeg Prozent vun deene Leit, déi hei am Land liewe, si Nët-Lëtzebuerger. An et ginn der nach méi. D’Integratioun vun dëse Leit an eis Gesellschaft, an eis Veräiner, an eis Gewerkschaften an an eis Parteiën ass fundamental wichteg fir d’Kohäsioun vun der Lëtzebuerger Gesellschaft.

Am Koalitiounsaccord steet ee Pak vun integratiousfördernde Moossnamen, fir datt déi Leit, déi hei e neit Doheem sichen a fannen, sech hei solle kënnen optimal aliewen a wuelfillen. Dat wichtegst Stéck Identitéit vun de Lëtzebuerger, daat waat eis all matenee verbënnt, well et daat ass, waat mer brauchen, fir mateneen ze schwätzen, daat ass eis Sprooch. Si ass net jhust een Element vun Integratioun, si ass de Schlëssel zur Integratioun. Duerfir wëlle mer méi Leit forméieren, déi Lëtzebuergesch ënnerriichten, an esou méi Leit d’Méiglechkeet ginn, et ze léieren. Fir déi ënner hinnen, déi eis Nationalitéit wëllen unhuelen, ass d’Kenntnis vun der Lëtzebuergescher Sprooch onerlässlech. Et muss eis all dru geleeë sinn, datt all Lëtzebuerger kënne Lëtzebuergesch matenee schwätzen.

A mir maachen déi duebel Nationalitéit méiglech. Leit, déi wëlle Lëtzebuerger ginn, brauchen an Zukunft net méi e Stéck vu sech selwer zréck op hir Ambassade ze schécken, wa se eis Nationalitéit wëllen unhuelen. Lëtzebuerger am Ausland kënne Lëtzebuerger mat hirem Pass an alle Rechter verbonne bleiwen, och wa se d’Staatsbiergerschaft vun deem Land unhuelen, an deem se liewen a schaffen.
Mee well déi duebel Nationalitéit eppes méi ass, wéi jhust eng, wéi jhust eis, kritt se speziell Bedingungen. Dobäi maache mer den Ënnerscheed tëschent der Optioun, besonnesch fir déi Kanner, déi hei gebuer sinn, an der Naturalisatioun. Wien sech als Lëtzebuerger wëll naturaliséiere loossen, a seng Nationalitéit bäibehaale well, dee muss zeng Joer hei geliewt hunn. Déi, déi fir eis Nationalitéit unzehuelen hir egen ofginn, brauchen nëmme fënnef Joër hei ze wunnen. Esou weise mer, datt d’Verbindung vun zwou Nationalitéiten, eiser an enger anerer, eppes Besonnesches ass.

Nët all Leit, déi bei eis kommen, maachen daat fräiwëlleg. Déi, déi verfollegt ginn, aus irgend engem Gronn, a bei eis Asyl froën, déi kréien deen, an zwar an Zukunft méi séier. Asylrecht däerf awwer net abuséiert ginn, wann e seng Bedeitung soll behalen. D’Recht op Asyl ass eent vun deene nobelste Mënscherechter. Et ass d’Recht vun engem geplotene Mënsch, op eng Plaz ze goën, wou e nees ka fräi ootmen, sech beweegen, nei ufänken. Wien mat dësem Recht vun de Verfollegten de Spunnes dreiwt, an domatter och mam Lëtzebuerger Staat, deen däerf nët hei bleiwen.

Verbonne mat dem Komme vu Flüchtlingen, deene richtegen an deene falschen, ass d’Ongläichheet vum Räichtum an der Welt. Well schrecklech vill Aarmut an der Noperschaft vun Europa ass, siche Leit aus Afrika, aus Zentralasien, aus dem Noën Osten, eng besser Zukunft an Europa.

Lëtzebuerg huet am Verlaf vun de Joere seng öffentlech Ëntwécklungshëllef op 0.84 Prozent vu sengem nationale Räichtum eropgesaat. Mir sinn eent vu weltwäit fënnef Länner, et sinn iwregens lauter europäescher, déi iwwer 0.7 Prozent ukomm sinn, a mir fuere weider, bis mer ee ganze Prozent vun eisem nationale Räichtum dofir benotzen, deenen Äermsten op der Welt ze hëllefen. Daat si mer hinne schëlleg, a mir sinn eis selwer, als eent vun deene räichste Länner um Globus, et schëlleg.

En aneren Domaine, deen eppes mat Engagement an der Welt a fir de Fridden, fir eng besser Zukunft ze dinn huet, ass dee vun der Verteidegung. Och hei erhéiche mer eise finanziellen Engagement fir eis Arméi, fir datt d’Arméi hiren Engagement fir de Fridde ka verstäerken, zesumme mat eisen europäeschen an atlantesche Partner. Mir wëllen eng handlungsfäheg an eng asazbereet Arméi, déi dozou bäidroë kann, datt Krich verhënnert a Fridden erhaale gëtt. E Land ewéi eist, an deem kaum eng Famill nët wees, waat Krich fir e Misère bedeit, ka keen anere Wee beschreiten. Ech si frou, datt de Regirungsprogramm op dësem Punkt keen Zweiwel dru léisst, wou eis Responsabilitéit läit.

Här Präsident, Dir Dammen an Dir Hären,

4) Entwécklungen vun der Gesellschaft an an der Famill

Zum Schluss, wëll ech am Numm fun der CSV-Fraktioun déi Entwécklunge beliichten, déi eis individuell direkt, an heiansdo ganz décisiv, betreffen. D’Entwécklung um Aarbechtsmaart nämlech, an de Famillen, an an der Schoul.

Den Aarbechtsmaart ass Deel vum Prozess vu Lissabon. E gëtt affektéiert vum gesellschaftlechen Drang no Wëssen an Informatioun. Hie selwer funktionéiert méi a méi op Basis vun Informatioun – daat heescht an dësem Fall meeschtens Qualifikatioun. Mir brauchen och an Zukunft Leit, déi manner oder nët qualifizéiert Arbechten maachen, déi nët méi gäer gemaach ginn. Mir hänken awwer all dovunner of, datt se gemaach ginn. Mir géiwen als Gesellschaft also gutt drunn doën, Unerkennung a Respekt virun denen Leit ze behaalen, déi déi desagreabel Aarbechte maachen.

An dach ass et esou, datt déi allermeeschten Aarbechten haut méi Qualifikatioun verlaangen, wéi daat viru Joren de Fall war. Ouni déi richteg, ouni déi gesichten a gefrote Qualifikatioun ass et schwéier, fir net ze soen onméiglech, déi Zort vun Aarbecht ze fannen, déi een gäer géif maachen. A mat der Ufanksqualifikatioun geet et net méi duer. Waat ee mat drësseg wees, geet dacks net méi duer, fir mat foffzeg net ëntlooss ze ginn. De Schlëssel zu engem laangen Aarbechtsliewen ass haut d’Bereedschaft, säi Wëssen a seng Fähegkeete stänneg a Fro ze stellen, a permanent ze verbesseren.

Aarbechts- a Beschäftegungspolitik, sou wéi dës Majoritéit se gesäit, muss vun der Politik esou begleet ginn, datt mer fir déi Leit, déi schaffen a wëlle schaffen, Viraussetzunge bidden, fir datt se um Aarbechtsmaart wëllkomm sinn. An domat si mer do ukomm, wou an dëser Zäit esou vill Fiedem beienee laafen: bei der Schoul.

D’Schoul huet haut esou vill Aufgaben, datt se se bal net méi packt. Si muss bilden, ausbilden, weiderbilden, si muss sozialiséieren, betreien, encadréieren. Si muss encouragéieren a motivéieren, si muss zum Denken an zum Handelen ureegen, si muss opfänken an opriichten, si muss Elteren ersetzen an och alt mat e streiden.
Mir ginn de Schoule méi Autonomi, fir datt se kënne pädagogesch Modeller a Programmer ausprobéieren, fir datt se erkennbar eege Bildungs- an Ausbildungsoffertë kënnen entwécklen, déi matenee verglach a géintenee kënne bewäert ginn. Esou brénge mer méi Dynamik an d’Schoul, a mir stäerken d’Motivatioun vun denen, die doran schaffen.

D’Offer vun de Programmer gëtt iwwerpréift, an eng gréisser Praxisorientéierung gëtt gesicht. Gréisser Praxisorientéirung, gréisser Noperschaft bei denen Inhalter, déi den Aarbechtsmaart sicht, sinn haut onverzichtbar. Vrun allem bei de Sproochen, wou mer mussen un eiser Méisproochegkeet festhaalen, déi en immensen Atout an eisem europäeschen Ëmfeld ass. Mee mir mussen de Schüler d’Chance ginn, déi verschidde Sproochen op ugepassten an ugemoosse Manéier ze léieren, an esou, datt hiirt Sproochewëssen en herno och eppes bréngt.

Fir ze probéieren, wéi daat geet, wann d’Schoul méi laang op huet, wéi jhust während de Schoulstonnen, gëtt e Pilotprojet vun enger Ganzdaagesschoul lancéiert. Dëse Pilotprojet soll et erlaaben, verschidde Konzepter ze testen, déi mer gäer gäifen an der Schoul zur Geltung bréngen: Disponibilitéit vun denen, déi Schoul haalen; e richtegt Tutorat, fir d’Chance vun deneen, déi léieren, ze verbesseren; gemeinsam Aktivitéiten, déi nët um Léierprogramm stinn.

D’Ganzdaagsschoul, nët ze verwiesselen mat Gesamtschoul, ass och e Modell, fir d’Vereinbarkeet vu Beruff a Famill ze stäipen a méi konkret ze maachen. Famill a Beruff ënner een Hutt ze kréien ass fir all Concernéierte wënschenswert. Mir mengen, datt et d’Recht vun all Famill ass, och de Beruff ënner Daag ze kréien, ouni een Deel vun deem, waat d’Famill ausmécht, mussen opzeginn.

Vereinbarkeet vu Famill a Beruff ass eng Erausfuerderung. Si ass ee reellen Ausdrock vu Chancegläichheet. Do huet d’Schoul eng Roll ze spillen, an d’Ganzdaagsschoul ass eng Pilotexperienz, déi mer och op hir positiv Wiirkung an dësem Beräich wellen préifen an evaluéieren. Selbstverständlech mussen d’Opfankstrukturen op alle Pläng och ausgebaut ginn. Dës Majoritéit steet fir däitlech méi Crècheplazen, déi finanziell accessibel sinn, a fir eng Ganzdagsbetreiung an a rondrëm d’Schoulen, déi un Dicht an Ëmpfank spiirbar zouhëllt.

Vereinbarkeet vu Famill a Beruff ass ewéi gesoot eng Noutwennegkeet, fir de Choix vun den Eltere bei hirer Liewensgestaltung fräi ze loossen. Et ass esou, datt dëse Choix aus ville Grënn ëmmer méi a Richtung vun der Beruffstätegkeet vu béiden Eltere geet. Mee deen anere Choix gëtt et awer och nach, nämlech deen, datt een Elterendeel décidéiert, fir aus dem Beruffsliewen auszescheeden, fir sech ganz hirer Famill ze widmen. An dee Choix do gëllt et och, an zwar absolut, ze respektéieren. D’Aarbecht doheem ass och Aarbecht, wichteg Aarbecht am Dingscht vun der Famill an der Gesellschaft, an d’CSV wäert weiderhinn och all déi Famillen ënnerstëtzen, déi dee Choix maachen.

Familljen an eiser Zäit sinn de Brennpunkt vun allen Entwécklungen, déi ech beschriwwen hunn. An hirer Mëtt begéine sech par rapport zu fréier veräennert Liewenserwaardungen. Et begéine sech d’Liewenserwaardungen an d’Erfarunge vun den Elteren an de Kanner, waat net ouni Konflikter geet. Et begéine sech Freeden, Enttäuschungen, Hoffnungen, Ängscht, déi all mat der Welt rondrëm ze dinn hunn: mam Aarbechtsmaart, mat der Schoul, mam Fanne vun enger Wunneng, mat der Grënnung vun engem Betrib a mam Kontakt mat der Verwaltung.

Eigentlech beweist d’Banneliewe vun enger Famill, datt alles zesummegehéiert, datt daat eent an daat anert iwergräift, datt eppes, waat ee mécht oder ënnerléisst, en direkten oder indirekten Afloss op eppes Anescht huet. D’Famill ass de Mëttelpunkt vum Liewen: si bleiwt och de Mëttelpunkt vun eiser Politik, well irgenwéi bal alles mat hir ze dinn huet. A si beschreiwt d’Noutwennegkeet vu vernetztem, transversale politeschen Denken an Handelen op ganz praktesch Manéier.

Et hänKt eben definitiv alles zesummen.

Här President, Dir Dammen an Dir Hären,

d’Politik vun der Majoritéit, esou wéi mer se am Koalitiounsaccord festgeschriwwen hunn, ass esou eng transversal ausgeriichten, vernetzte Politik. An déi konkretesten Ausgestaltung vun enger ganzheetlecher politescher Opféierung wäert mussen am éischten Hallefjoer 2005 geliwert ginn, wa Lëtzebuerg, fir d’lescht an däer Form, d’Présidence vun der Europäescher Unioun iwwerhëllt.

Daat gëtt keen einfachen Exercice. Mee en ass vu laanger Hand virbereet, an duerfir geléngt en och. Déi Themen, déi mer wäerten ënner eiser Présidence ze behandelen hunn, hunn et a sech. Et geet ëm déi finanziell Perspektive vun der Unioun, hir Erweiderung am europäesche Südosten, hir Verfassung och, déi nach muss a Kraaft trieden. Daat alles muss Lëtzebuerg op d’Schinne bréngen, an daat erfuerdert de ganzen Asaz vun fun ganz villen Leit, an der Regirung, am Parlament an och an der Verwaltung.

Lëtzebuergescher Présidencë waren ëmmer gutt fir Europa. Mir sinn éierlech Europäer, éierlech an deem Sënn, datt mer europäesch denken a sinn, grad wéi mer Lëtzebuergesch denken a sinn. Mir brauchen eis an Europa nët ze verstellen, well mer Europa wiirklech wëllen. Europa huet eis Fridde bruecht, Europa léisst eis a Rou Politik esou erliewen a gestalten, wéi mir selwer daat wëllen. Eis Présidence gëtt eis d’Geleeënheet iwwerall an Europa déi Iwwerzegung auszestraalen, déi eis un Europa bënnt.

Här President, Dir Dammen an Dir Hären,

deen Tour duerch d’Entwécklungen, heibannen an dobaussen, deen ech gemaach hunn, ass u sengem Zil ukomm. Ech wëll bei der Arrivée festhaalen, datt meng Fraktioun der Regierung zoutraut, déi Politik ëmzesetzen, déi mer am Koalitiounsaccord definéiert hunn.

Ech selwer an d’Fraktioun vun der CSV bidden der Regierung eng engagéiert a loyal Zesummenaarbecht un, fir datt Lëtzebuerg nees e gudd Stéck Wee weiderkënnt. A mir komme weider, wa mer Politik aus engem Goss maachen, eng Politik fir d’ganzt Land, déi d’Liewesrealitéit vun de Leit bei eis an hirer ganzer Komplexitéit erfaasst an do upaakt, wou eng Hand gebraucht get.

An deem Sënn well ech dann och am Numm vun den Majoritéitsfraktiounen eng Motioun hannerléeën, déi der Regierung d’Vertrauen ausschwätzt.

Ech soen Iech merci fir Äer Opmierksamkeet.

(Ried vum neien CSV-Fraktiounspräsident Michel Wolter zum Koalitiousnprogramm an den Erklärungen vum Premierministzer Jean-Claude Juncker)