Situatioun am Kosovo

Interview vum Jean-Claude Juncker op RTL Radio mam Frank Kuffer iwwert d’Situatioun am Kosovo

Zanter e puer Deeg sinn am Kosovo nees Ausernaersetzungen tëscht den Albaner a Serben. Den Opbau vun enger multiethnescher an demokratescher Gesellschaft ass an dësem Moment net méi garantéiert.

De Premier Jean-Claude Juncker seet an engem Interview op RTL Radio mam Frank Kuffer, datt hien nët iwwerrascht ass iwwert déi Nees-explosioun vun der Gewalt am Kosovo, hat awwer éischter gemengt, daat géif sech d’nächst Joer em dës Zäit, wann d’Fro vun der Onofhängegkeet vum Kosovo zur Diskussioun steet.
Déi kuerzfristeg getraffe Moossnahmen, fir eng Katastrof ze verhënneren, notamment eng Verstäerkung vun den Nato-Truppen, soll nees fir Rou suergen.

De Jean-Claude Juncker huet och präziséiert, datt an den nächste Woche keng individuell Retoure vun Albaner stattfënnt esou laang deenen Leit keng 100% Sécherheet an hierem Land garanteiert ass…