E Programm fir Lëtzebuerg, e Programm fir d’Zukunft

D’CSV schafft um Wahlprogramm “CSV – de séchere Wee”. Hei e Kommentar vum CSV-Generalsekretär Jean-Louis Schiltz.

Den CSV-Wahlprogramm stung de leeschte Samschdeg um Ordre du Jour vun enger Réunioun vum erweiderten CSV-Nationalrot. Et war dëst den Ufank vun enger Série vu Réuniounen an denen de Wahlprogramm virbereet gëtt, fir dann de 27. Mäerz um CSV-Nationalkongress definitiv votéiert ze ginn.

Déi verschidden Diskussiounen am Nationalrot bauen op de Viraarbechte vun zeng Reflexiounskreesser. D’Iddeeën an d’Virschléi vun iwwer 300 Parteimemberën an Expertën, déi an de Reflexiounskreesser matgeschafft hunn, fléissen elo an e kohärenten a grëffegen Text.

Net “out of the blue” präsentéiert

Mir haalen also un eiser Aarbechtsphilosophie fest: Wéi beim CSV-Grondsatzprogramm “Jidder Enzelen zielt” ginn och beim Wahlprogramm d’Parteimemberën aktiv matagebonnen. Eise Walprogramm ass nët d’Wierk vun anonymen Auteuren. Den CSV-Wahlprogramm gëtt net “out of the blue” präsentéiert. Den CSV-Wahlprogramm gëtt an der Partei aktiv diskutéiert.

An och dat dréit dozou bäi, datt eise Wahlprogramm kloer weist, wou sech d’CSV positionnéiert: An der Mëtt vum Lëtzebuerger Vollek. D’Virschléi am CSV-Wahlprogramm wäerte sech un den Erwaardungen an Hoffnungen vun de Leit hei am Land orientéieren. D’CSV geet mat konkreten Iddeeën op d’Suerge vun de Leit an.

Nët un den Herausfuerderungen laanscht schwadronéieren

Utopien, déi un de Réalitéiten vu muer zerbriechen, wäerte mir nët an eisem Programm präsentéieren. Mir wäerten an eisem Wahlprogramm och nët un den Herausfuerderungen laanscht schwadronéieren. Mir wëssen, wat mir mat eisem Programm wëllen: Argumenter präsentéieren, iwwer d’Ambitiounen fir eist d’Land schwätzen an sécher Weeër an d’Zukunft präsentéieren. D’CSV, de séchere Wee.

Eise Programm nennt d’Prioritéiten vun eiser Politik beim Numm. Hien définéiert d’Zieler an hien wäert weisen, wéi mir dës Zieler erreeche kënnen. Mir wëllen eng leeschtungsstaark Ekonomie, déi sech an der Globaliséierung behaapt. Déi d’Chancen vum gréisseren Europa an dem technologische Fortschrëtt ze notze wees.

De Realitéiten op eisem Aarbechtsmarché Rechnung droen

De Chômage ass eng vun den Haaptsuergen vun de Lëtzebuerger. Dat huet eng rezent Etude vun der Uni Lëtzebuerg an der ILRes gewissen. D’CSV wäert duerfir suergen, datt daat breet Instrumentarium, dat mir zur Bekämpfung vum Chômage hunn, nach besser zum droe kënnt. Datt et op eng intelligent Manéier weider developpéiert gëtt. Eng Aart a Weis, déi de Realitéiten op eisem Aarbechtsmarché Rechnung droen.

Gesond a zollid Staatsfinanzen

Mir wëlle gesond a zollid Staatsfinanzen. Sie sinn déi beescht Visitekaart fir eist d’Land. Eng Politik op Kredit, déi d’Zukunft hypothekéiert, ass mat der CSV nët dran. D’CSV ass de Garant vu gesonde Staatsfinanzen. An eisem Wahlprogramm maache mir däitlech, datt mir daat och weider wäert sinn.

Eng leeschtungsstaark Ekonomie a gesond Staatsfinanzen mache nëmme Sënn, wann sie enger Politik déngen, déi am wäiteste Sënn nohalteg ass. Mir skizzéieren an eisem Wahlprogramm kohärent a realistisch Pisten fir eng nohalteg Entwecklung an alle Beräicher.

Mir wëllen d’Familljen- an d’Kannerfrëndlechkeet an eiser Gesellschaft weider developpéieren. An eisem Wahlprogramm soe mir wéi.

De Sozialstaat kritt keng Diät verschriwwen

Mat der CSV kritt de Sozialstaat keng Diät verschriwwen. Soziale Fortschrëtt an sozialen Ausgläich bleiwen eng Prioritéit vun eiser politischer Aktioun.

Prioritéit am CSV-Wahlprogramm huet och eng aktiv a breet Integratiounspolitik. Dëst verbonne mam Ziel, den Zesummenhalt an eiser Gesellschaft ze haalen a weider auszebauen. Déi präzis Punkten, déi bei dësem Thema am Mëttelpunkt stinn, sinn d’Duebbelnationalitéit an d’Lëtzebuerger Sprooch. Daat eent mecht sech nët ouni daat aanert.

Am CSV-Wahlprogramm wäerte mir nët nëmme soen, wat mir wëllen. Mir wäerten och soen, wéi mir eis Zieler erräiche wëllen. Wéi mir eis Projetën a praktisch Politik ëmsetzen.

Den CSV-Wahlprogramm ass fir all Bierger hei am Land d’Geleenheet, sech iwwert d’Grondrëss vun eiser Politik ze informéieren. Et ass d’Geleenheet eis Virschléi zu de Problemer an den Erausfuerderungen vun der Zäit kennenzeléieren.

Mir freeën eis drop, iwwert den CSV-Wahlprogramm mat de Lëtzebuerger an d’Gespréich ze kommen.

Jean-Louis Schiltz
CSV-Generalsekretär