CSV seet jo zum Projet

Aussoe vum CSV-Députéierten Fred Sunnen fir e Kulturprojet op “Arbed-Belval”.

Vu Bedeitung fir eist Land sinn déi Produktiounsbetriber fir Stol an Eisen am Süden vu Lëtzebuerg, haut historesch Bauwierker, déi ouni Zweifel zu eisem nationale Patrimoine gehéiren.

Si erzielen d’Geschicht vun enger gëllener Ära vun der lëtzebuerger Economie, an där d’Fondament fir de Räichtum vum Land geluegt gouf. Si erzielen vun de Stolaarbechter, déi den Haptundeel un dëser Erfollgstory hunn.

Mä si erzielen och d’Geschicht vun de méi däischtere Säiten vun der Siderurgie. Dat Ganzt si Meilensteng an der lëtzebuerger Geschicht.

Déi Generatiounen, déi no eis kommen, solle Bescheed wëssen iwwert d’Aarbecht vum Mineur a vum Schmelzaarbechter, déi Sozialgeschicht geschriwwen, an de Kapp duergehal hunn, fir datt et eis haut gutt geet.