“D’Gewalt géint Fraën ass eng Verletzung vun de Menscherechter – et ass eng Gewalt, déi absolut inakzeptabel ass!”

D’CSV-Deputéiert Ferny Nicklaus-Faber op RTL Radio an der fräier Tribün.

De 15. Juli vun dësem Joër – nuets ëm 10 vir 12 – war et endlech esou wäit: de Projet de loi iwwer d’Violence domestique louch dem Parlament zur Ofstemmung vir. De Vote war: 59 Jo an 1 Abstentioun.

Een erfreelecht Resultat fir e Gesetz, wat méi ewéi zwee Joer laang um Instanzewee war a wat vir vill Discussioune gesuergt hat E Gesetz, wat awer batter néideg ass: an Europa gëtt geschaat, datt all Daag eng vu fënnef Fraën der Gewalt ausgesaat ass, a, wéi all Form vu Gewalt an onser Zäit mat steigender Tendenz.

Déi häuslech Gewalt bekämpfen

D’Gewalt doheem ass awer och déi, déi am mannste sichtbar ass, a laang Zäit een Tabuthema war. Hautdesdaags gëllt d’Gewalt géint Fraën als eng Verletzung vun de Menscherechter, eng Gewalt, déi absolut inakzeptabel ass. Duerch Declaratioune, souwuel vum europäesche Parlament ewéi vun der UNO an de Recommandatioune vum Conseil de l’Europe sinn d’Regierungen opgefuerdert ginn, déi néideg Mossnahmen ze ergräifen fir déi häuslech Gewalt ze bekämpfen.

D’Gewalt doheem huet nët nemmen schwéierwiegend Konsequenzen fir déi betraffen Affer selwer, mee si huet och e groussen Impakt op d’Gesellschaft. Niewt allem Leed um menschleche Plang, kascht d’Gewalt och ganz vill un öffentleche Gelder, nët ze vergiessen déi finanziell Aboussen fir deen Eenzelnen an och z.B. fir d’Betribber.

Een delikate Problem

Vun alle Forme vu Gewalt, ass d’Gewalt an der Famill, déi am mannsten akzeptabel, well d’Famill fir jiddereen vun ons den Inbegrëff vu Sëcherheet a Gebuergenheet ass. Et ass sëcherlech och, well mir dëse Mythos vun der Famill nët wëlle zerstéieren, andeems mir agestinn, datt a ville Familljen d’Gewalt agezunn ass, an datt mer Schwieregkeeten hunn, ons daat anzegestoen.

An der Regierungserklärung vum August 1999 steet, datt eis Legislatioun an déi Richtung soll ofgeännert ginn, datt et den Täter ass, deen d’Wunneng verloosse muss. Ons Regierung huet sech um éisträichesche Gesetzgeber inspiréiert, wou zanter 1997 den Täter aus der Wunneng ka geholl ginn. Dës Wegweisung erspuert de Kanner, déi schons duerch d’Gewaltszenen doheem traumatiséiert sinn, vill weidere Misär; sie brauche nët méi mat hirer Mamm vun doheem fortzegoen, an eng aaner Emgéigend ze plënneren an eventuell och nach an eng aaner Schoul ze goen.

Dës Mossnahm soll et der Frau erlaaben, a Rou all weider Decisiounen ze treffen, déi hir Zukunft an déi vun hire Kanner concernéiert.

D’Taatsach, datt bis elo den Täter konnt am Haus bleiwen, huet him am Fong implizit d’Recht ginn an hie konnt doranner och d’Bestätigung gesinn, datt nët hien, mee d’Fra oder d’Partnerin un der Situatioun schold wier.

Mat der Wegweisung an deem domatter verbonnen Hausverbot, setzt een e ganz kloert Signal: D’Gewalt an der Famill ass e Verbriechen, waat een ganz entschiede bekämpfe muss.

Strofen a Sanctiounen

Niewt der Wegweisung ass d’Erhéigung vun de Sanctiounen e weidere Schwéierpunkt vun dësem Gesetz: An deene schlemmste Fäll kenne Sanctioune bis zu 50 000 Euro a ganz héich Prisongsstrofe verhaange ginn. Et drängt sech an desem Kontext d’Fro vun der Prise en charge vum Täter op, fir och him eng Chance ze ginn, eng Therapie ze maachen an den Ursachen vun Gewaltausbrech op de Fong ze goen, fir datt net bei däer nexter Frau oder Frëndin dee selwechten Drama ërem ufänkt. Ech denken hei z.B. un Selbsthilfegruppen, wéi et se am Ausland get.

Et wier och dat s¨cherlech am Intérêt vun der ganzer Gesellschaft.

(aus enger Ried vun der CSV Deputéiert Ferny Nicklaus-Faber op RTL Radio an der Emissioun “Fräi politesch Tribün)