“Méi Wunnengsraum zu raisonnable Präisser”

Den CSV Deputéierte Norbert Haupert op enger fräier Tribün bei RTL Radio

“Gudde Mëtteg léif Nolauschterer vun RTL!

Méi Mietswunnengen zu verstännege Loyerën, dat ass d’Ziel, dat de Wunningsbauminister Fernand Boden an de Projet iwwer d’Ëmännerung vum Loyersgesetz gesat huet. Et ass gewosst, datt de Wunnengsmoart momentan eng Rei Problemer kennt.

9 000 nei Wunnengen

Mer hu nët méi genuch Wunnengen, déi verlount kënne ginn, dat esou wuel wat d’Sozialwunnenge wéi och aner Mietswunnenge betrëfft. Wat déi sozial Mietswunnengen ubelaangt esou sinn de Staat a besonneg d’Gemenge gefuerdert. Dofir huet d’Regierung och décidéiert, am nächsten Investitiounsplang fir de soziale Wunnengsbau 9 000 nei Wunnengen ze bauen, wouvun eng Rei fir d’Verloune virbehaale solle ginn.

Wat deen anere Beräich ubelaangt esou goufen et a leeschter Zäit ëmmer manner Leit, déi bereet waren hier Erspuernisser an eng Mietwunneng ze investéieren an dat aus zwou Uersachen:

  1. de Rendement vum Investissement ass manner interessant wéi wann ee seng Suen an e Finanzprodukt ugeluet hätt;
  2. d’Suergen, déi ee bei engem Investissement an eng Mietswunneng huet si méi grouss, wéi wann ee seng Suën enger Bank ging uvertrauen, well eist aktuelt Mietsgesetz eng vierrangesch Protectioun vu Locatair virgesäit.

Verschidde Verbesserungen

Fir de Rendement vum Investissement ze verbesseren huet de Finanzminister Jean-Claude Juncker virun annerhalwem Joer den accéléréierten Taux fir den Amortissement vun de Mietswunningen vu 4 op 6% erhéicht a vun denen éischte 5 Joer op déi éischt 7 Joer ausgedehnt.

Eng weider Verbesserung vum Rendement gesäit dem Fernand Boden säi Gesetzesprojet vier. Hei soll d’Differenz, déi tëscht enger Wunning déi virum Krich gebaut gouf an denen déi duerno gebaut goufen, opgehuewe gin. Dat soll déi Propriétaire encouragéieren fir déi Wunningen ze renovéieren an erëm dem normale Mietwunningsmoart zou ze féieren. Och soll de Loyer an Zukunft all 2 Joer a nët wéi bis elo, all 3 Joer der Evolutioun vum Präisindex kënnen ugepasst ginn.

Anersäits versicht de Projet méi een Ausgläich vun de Rechter an de Pflichte vun de Propriétären engersäits an de Locatairen anerersäits ze schaafen. Et ass nët esou wéi wann de Projet d’Rechter vun de Locataire wéilt beschneiden a schons guer nët vun denen éierlëche Locatairen.

Et soll awer och an Zukunft verhënnert ginn, datt d’Propriétaire der Willkür vu schlechtgesënnten Locatairen ausgesaat sinn, déi kee Loyer bezuelen an d’Wunneng nët an der Rei halen, an de Propriétair Joere laang prozesséiere muss fir se aus der Wunning eraus ze kréieën.”

(Fräi Tribün op RTL Radio – et huet geschwaat den CSV Deputéierte Norbert Haupert)