De Budget 2004 : Eng gesond Basis fir d’Zukunft

Eng fräi Tribün vum Jean-Louis Schiltz, CSV-Generalsekretär op RTL Radio.

De Budget vum Joer 2004 ass elo um Instanzewee. Et stelle sech natierlech e puer Froen an dem Zesummenhang. Obwuel dëse Budget an engem schwieregen internationalen Ëmfeld huet missen opgestallt ginn, esou konnt dach dat Ziel, wat d’CSV zanter Joere mat hirer virsiichteger an ëmsiichtëger Finanzpolitik verfollegt, och dëst Joer erreecht ginn.

An dat Ziel heescht, datt mer op der Basis vu stabilen a gesonde Statsfinanze weiderhin eng verantwortungsvoll an zukunftsorientéiert Politik am Interessi vun de Leit, déi zu Lëtzebuerg wunnen, wëllen a kënne gestallten.

Wéi gesot: zolidd Statsfinanze fir eng zukunftsorientéiert Politik – dorëmmer ass et, wou et der CSV geet. Wann ee manner Suen erakritt, muss ee manner Suen ausginn. Dat ass och beim Stat esou. A well d’nächst Joer manner Stéiere wäerten erakommen, zum Beispill bei de Banken, gouf am Budget 2004 och op d’Brems getruede wat d’Ausgaben ubelaangt.

Or, et ass keng brutal Oofbremsung, déi Pneue quiitschen deet. Nee, am Joer 2004 ginn dem Stat seng Ausgaben nëmmen em zwee Prozent an d’Luucht (am Verglach dozou, am Joer 2003 waren et nach siewe Prozent). Méi wichteg ass et awer nach villäicht, ervir ze hiewen, datt am Budget 2004 konsequent Prioritéite gesat ginn.

Esou bleift beispillsweis, dat Sozialt weiderhin eng Prioritéit vun dëser Regierung ënnert dem Impuls vun der CSV. Domainer wéi Sécherheet, Justiz an Educatioun bleiwen och weiderhi Prioritéiten.

Och Investitioune gi weiderhin op engem héiche Niveau gehalen. Fir datt Lëtzebuerg weider konkurrenzfäeg bleift am internationalen Ëmfeld. Et gëtt weider a Stroossen, Schinnen, Schoulen a Spideeler investéiert. Am Interessi vun de Mënschen, déi an eisem Land liewen. Dat sinn Dépensë fir d’Zukunft. Och fir déi zukünfteg Generatiounen.
Dës Ausgabe kënnen haut gemaach ginn, well an deene leschte Joere grouss Reserven ugeluegt gi sinn. Hätte mir déi net, géif et eis haut méi schlecht goen.

Alles an allem schafft de Budget 2004 – ausgeschafft ënnert dem Impuls vun den CSV-Ministere Juncker a Frieden – deemno eng gesond Basis fir d’Zukunft.

(eng fräi Tribün vum Jean-Louis Schiltz, CSV-Generalsekretär)