Wou d’Uelzecht duerch d’Wisen zéit

Ausfluch vun den CSV Senioren.

… dohinner wëlle mir, d’CSV-SENIOREN eis nächst Sortie maachen, an zwar am Kader vun der sozio-kultureller Formatioun vun eise Memberen a Frënn.

D’CSV-SENIOREN wëllen an deem Kontext véier Objektiver realiséieren:

Frëndschaft, Gesellegkeet an de gudde Geescht teschent eise Memberen erhalen an entwéckelen.

Eist schéint Land a sénge räichen Géigenden besser kenneléieren.

Déi verschidden ökonomesch a kulturell Ausdrocksformen vun eisem Vollek méi genee verstoen.

Solidaritéitsmomenter mat eise Ministeren, Deputéierten, Buergermeeschteren, Conseilleren a soss Verantwortlechen op hirer « Mëscht », an hirem Beziiek erliewen.

Esou wëlle mir eng menschlech fondéiert, a parteipolitesch nëtzlech Aarbecht an der Virwahlperiod maachen. Den éischte CSV-Senioren-Trip hat eis d’ lescht Joer an den Osten, op d’Musel gefouert. En zweeten Bildungsausfluch hat eis den 22. Mäerz an de Musée d’Art Moderne Grand-Duc Jean gefouert.

11. Juli 2003: Ausfluch

Den Optakt fir eis sozio-kulturell Summerformatioun bréngt eis den 11. Juli 2003 an de Beziiek Zentrum op Miersch. De Programm:

13.30 Auer fuere mer mam Bus op der Gare fort ( d’Quaien vun de RGTR-Bussen, vis à vis vun der Neier Post).

Vun 14.00-15.30 Auer kréie mir am “Centre National de Littérature”( Servais-Haus) e Kuerzreferat an eng visite guidée iwwert d’Haus an d’Ausstellung vum Erich Maria Remarque senge Wierker (weltberühmte Roman “Im Westen nichts Neues”) vun der Madame Germaine Goetzinger, chargée de direction, gebueden.

Eis Kulturministesch, Madame Erna Hennicot-Schoepges, wäert eis hei bei dëser Besichtigung begréissen a begleeden. Duerno gëtt eise Grupp am Agro-Center vum Direkter Guy Ewert an engem Verantwortleche vun der Bäckerei Zeimet empfaangen. Mir rechnen och dermatt, datt den Agrar- a Mëttelstand-Minister Fernand Boden bei eis kënnt.

Géint 16.00 Auer hält d’Europa-Deputéiert Astrid Lulling am Festsall vum Agro-Center e kuerzt Referat iwwer déi europäisch Agrarpolitik (PAK) a beäntwert Är Froen.

E gesellegen Ofschloss fënd dat Ganzt mat engem Buffet mat Produkten vum Agro-Center, der Bäckerei Zeimet an der Vinsmoselle.

D’Astrid Lulling huet sech bereet erklärt, heifir en Deel vun de Käschten ze iwwerhuelen.

Jiddereen, dee wëllt derbäi sinn, soll 15 € als Bedeelegung un de Gesamtkäschten op den CSV-Senioren-Postscheck IBAN LU65 1111 1919 1953 0000 iwwerweisen. Dës Iwwerweisung gëllt als definitiv Umeldung.

Schéckt w.e.g. virum 5. Juli den Umeldeformular zréck un:

CSV-Senioren, BP 130, L-2011-Lëtzebuerg

Fir eventuell zousätzlich Froen, ruft un um Telefon 48 68 89 – Fax 40 82 56

Umeldeformular fir den 11. Juli 2003 ( w.e.g. zréckschécken bis den 5. Juli un :

CSV -Senioren, BP 130, L-2011-Lëtzebuerg

och wann een de Bus net hëllt ! ! ! )

NUMM………………………………………..Virnumm……………………………….………

NUMM………………………………………..Virnumm…………………….………………….

Adress :……………………………………………………………………..

Code postal………………………..Uertschaft…………………………..

Telefon……………………………..E-mail……………………………….

Ech/mir

O huelen de BUS op der Gare

O fueren direkt op Miersch

……………………………………….. , den…………………………….2003

———————–

Ennerschrëft