Lëtzebuerg ass kee palliativt Niemandsland

De Premierminister Jean-Claude Juncker zum Ausbau vun der Palliativ-Medizin.

(D’)Palliativ-Medezin an hiren Ausbau (ass) … ee besonnesch wichtege Beräich … D’Palliativ-Medezin ass net nëmmen eng Fro vu Geld. Et ass virun allem eng Fro vum mënschlech qualitativ héichrangegen Ëmgang mam Liewensenn.

Lëtzebuerg ass kee palliativt Niemandsland. Mee et bleiwe geographesch an aner Defiziter, ier d’Palliativ-Medezin ee Recht fir all Mënsch hei am Land gëtt. D’Palliativ-Medezin muss esou ausgebaut ginn, datt 440 Patienten d’Joer hospitaliséiert kënne ginn, datt 115 Persounen d’Joer an der Dageshospitalisatioun opgeholl kënne ginn an datt ronn 700 Persounen doheem oder an enger spezialiséierter Palliativ-Klinik geflegt a begleet kënne ginn. Dat ass de Besoin, dee mer hunn an d’Erfëllung vun deem Besoin ass eis Flicht.

De Budget 2004 an déi zwee Budgeten dono wäerten dëser Flicht integral nokommen. Et muss investéiert, gebaut a bäigebaut ginn, d’Personalkäschte musse gedeckt an d’Formatioun vun den Dokteren a vum Personal lancéiert ginn.