Keng fundamental Äennerungen vum Budget

Fräi Tribun vum Generalsekretär adjoint Maurice Bauer vum 25 November 02 op RTL Radio Lëtzebuerg.

Gudden Mëtten,

Keng fundamental Äennerungen am Budget’sprojet fiir 2003: Dëst wor de wichtegsten Message bei der Präsentatioun duerch den Budget’sminister Luc Frieden vun den korrigéierten Eckwäerter vum Budget’sprojet fir 2003.

Dësen Exercice, fir d’Budget’szuelen, déi am Summer eng éischt Kéier präsentéiert ginn nozekucken, ass eigentlech een ganz normalen Viirgang, deen all Joër am November virun de Budget’sdiskussiounen an der Chamber stattfennt. Dest Joer ass et och, bedingt durch déi schlecht economesch Situatioun an der Welt an natiirlech och bei eis am Land, zou Adaptatiounen komm, well d’Regierung den aktuellen Wirtschaftszuelen Rechnung gedroen huet.

Jo, d’Situatioun an eiser Economie ass secherlech ugespaannt! Mee grad an dësen Situatiounen weisen sech d’Viirdeeler vun der zenter laange Joeren gefuerten viirsichteger Budget’spolitik vum Luc Frieden an sengen Viirgänger. D’CSV Finanzpolitiker hunn ëmmer drop gehaale, fir och an speziell an denen fette Joeren dofir ze suergen, datt Reserven ugeluegt an Investissiounsfonds’en laangfristeg opgebaut géifen ginn, woufiir den Budget’minister deemols emmer erem massiv kritiséiert ginn ass. An zenter 1999 konnten esou eis Reserven hei am Land em bal dat duebbelt op 3,12 Millarden €uro klammen.

Och fir d’Oppositioun misst et kloer sinn, datt Reserven am allgemengen ugeluegt ginn, fir wann méi schwéier Zäiten kommen an den Staat manner Recetten huet fir esou dann nach eng Mouck ze hunn. Och daat gehéiert zu enger viirsichteger Budget’spolitik.

An elo wou et dann hei am Land méi lues dréit, ass et dann awer legitim, dass d’Regierung op dës Reserven zereckgräift. Dëst emsou méi ewéi d’Kommissioun zu Bréissel an hiren Wirtschaftsprognosen fir dëst Joer nëmmen ee Wuesstum vu 0,1 Prozent virausgesäit, awer fir déi next zwee Joer erem eng gewesse Reprise an méi en staarke Wuesstum vun em déi zwee Prozent prognostizéiert.

D’CSV stellt mat Zefriddenheet fest, dass déi geplangten Investitiounen nët reduzéiert ginn mussen, an esou och keen falscht Signal un eis Betriiber am Land gescheckt gëtt.

An wievill vun eisen Nopeschlänner mussen an dësen Deeg ganz dramatesch Aschneidungen an hiiren Budget’en viirhuelen, grad well sie keng Reserven opbauen konnten, an esou hiiren Biirger an den Betriiber substantiell Affer elo oofverlangen.

Dobäi ass et och ganz wichteg drop hinzeweisen, datt den Budget’sminister nëmmen een Deel vun eisen Reserven wäert gebrauchen, an datt also och weiderhin nach Reserven disponibel sinn.

Eng ganz wichteg Roll an der Diskussioun spillen natiirlech och d’Steierreformen déi an den leschten zwee Joer hei am Land vum Finanzminister Jean-Claude Juncker agefouert goufen. Am nachhinein confirméiert déi aktuell ugespaanten wirtschaftlech Situatioun d’Noutwendegkeet vun dëser Steierreform an och den Zäitpunkt konnt eigenlech nët besser gewielt ginn. Als Privatpersounen hunn mir haut alleguer méi am Porte-Monni, trotz schwéieren economeschen Zäiten an eis Betriiber sinn an der Laag durch dës Steierreform och nach weider ze investéieren. Vertrieder vum Commerce hunn bei enger rezenter Impuls-Diskussioun op Télé Letzebuerg d’Regierung fiir dës Steierreform félicitéiert, well sie eis alleguer eng gréisser Kaafkraaft zouséchert an et esou erlaabt eis Economie nees ze beliewen.

D’CSV begréisst, datt d’Regierung et fäerdeg bruecht huet déi noutwendeg Äennerungen ze maachen ouni, dobäi d’Sozialleschtungen ze reduzéieren. Dëst ass ganz wichteg, well et erlaabt huet, datt sech all d’Akteuren vum Lëtzebuerger Modell no enger sachlecher Analyse positiv zu den proposéierten Upassungen am Budget’projet ausgeschwaat hunn.

Wann dann nach d’Oppositioun sech opreegt an awer dobäi nët an der Laag ass fiir konkret Alternativen viirzeschloen, dann gesäit een, datt trotz der momentaner schwiereger Situatioun vun eiser Economie, déi joerelang viirsichteg Budget’spolitik vun de leeschten Joeren sech bezuelt mecht an et esou dem Budget’minister Luc Frieden erlaabt, flexibel a besonnen ze reagéieren.

Ech soen Iech villmols Merci fiir Äeren Interessi.

Et huet geschwaat de Generalsekretär adjoint Maurice Bauer