D’CSV kritt e neie Grondsatzprogramm

Eng Fräi Tribün vum CSV Generalsekretär adjoint Maurice Bauer op 100,7 an der Sendung d’Parteien hunn d’Wuert.

“Dëse Samschdeg, de 9. November (opgrond vun den trageschen Evenementer ass dëse Kongress op de 18. November verluecht ginn – em 19.00 Auer och zu Eiteré) ass zu Eiter den ausserordentlechen Nationalkongress vun der CSV. Op dësem Kongress wäerten d’Nationaldelegéiert vun der CSV iwwert den neien Grondsatzprogramm diskutéieren an hire Vote ofginn.

De neien CSV-Grondsatzprogramm ass d’Resultat vun engem intensiven Reflexiounsprozess un dem vill Parteimemberen awer och interesséiert Bierger déelgeholl hunn. No der Statutereform vun 2001, déi d’Entscheedungsfindung an der CSV op eng méi bréet Basis gestallt huet, ass de neien Grondsatzprogramm eng wéider wichtig Etapp an der kontinuéierlecher Ernéierung vun der CSV.

De neie Grondsatzprogramm passt d’Grondsätz an d’Leitlinien vun der CSV un die nei gesellschaftlich, wirtschaftlich a politisch Realitéiten an Erausfuerderungen un. Dës Upassungen bedéiten awer elo net, datt d’CSV engem volatilen Zäitgeescht wëll gerecht gin an dem Zäitgeescht ouni Iwwerleung hannendrun léeft. Esou wéi et den CSV-Generalsekretär Jean-Louis Schiltz an engem rezenten Interview gesoot huet, wëll d’CSV Äntwerten formuléieren, déi dem Mensch an der Zäit vun der Globaliséierung Sëcherhéet a Gebuergenheet vermëttelen.

De neie Grondsatzprogramm bréngt zum Ausdrock, datt d’CSV d’Partei vun der sozialer a fortschrëttlecher Mëtt ass. D’Mëtt représentéiert d’Wäerter, déi de Mensch an de Mëttelpunkt stellen – de Mensch a senger Individualitéit, mat senger Responsabilitéit a mat sengem Potential fir sech a fir d’Gesellschaft.

“Jidder Eenzelen zielt”. Den Titel vum neien Grondsatzprogramm bréngt et op de Punkt.

Däitlech zum Ausdrock kënnt am neie Grondsatzprogramm och, datt d’CSV d’Partei vum soziale Fortschrëtt a dem sozialen Zesummenhalt ass. D’Verännerungen an der Aarbechtswelt, d’Entwecklung vun de neien Technologien, d’Globaliséierung vun der Wirtschaft duerfen nët den Ustoss ginn fir eng wëll Liberaliséierung an Déréguléierung. De Mensch däerf héi nët ze kuerz kommen. An eisem neie Grondsatzprogramm hunn mir vis-à-vis vun dësen Erausfuerderungen eis Äntwerten formuléiert an eis Standpunkter festgeluegt.

Am Grondsatzprogramm vun der CSV huet dat d’Sozialt Virfaart. De Generatiounevertrag, d’Weiderentwecklung vun der sozialer Maartwirtschaft ëm hir Eckwäerter déi do sinn: Fräiraum fir d’Economie, Chanceglàichhéet a soziale Fortschrëtt sinn och weiderhinn d’Kärelementer vun eiser Sozialpolitik.

Eise Grondsatzprogramm orientéiert sech dobäi un de grousse Leeschtungen vun e puer Generationen vun CSV-Sozialpolitiker, déi dozou bäigedroen hunn, datt Lëtzebuerg haut e sozialt Netz huet, dat international un der Spetz ass.

De Kader fir eng erfollegräich Wirtschaftspolitik ass e weidert Thema vum neien CSV-Grondsatzprogramm. Eng solid Wirtschaftspolitik, déi besonnesch dem Mëttelstand all seng Bedéitung zouerkennt, gëtt net getrennt vun annere Politikberäicher gesinn.

Eng erfollegräich an nohalteg Wirtschaftspolitik setzt sech aus enger ganzer Reih vun politischen Bausteng zesummen. Ech well nëmmen dräi nennen: D’Edukatiounspolitik, d’Integratiounspolitik an d’Wéiderentwecklung vun engem familljefrëndlechen Ëmfeld, dat et erlaabt Famill a Beruff mateneen ze verbannen.

D’CSV ass sech bewosst, datt d’sozial Sëcherheet, an d’Qualitéit vun den öffentlichen Servicer an Infrastrukturen zu engem groussen Déel vun enger gudd funktionéierender Wirtschaft ofhängen.

An datt d’CSV dëse Grondsatz a praktisch Politik ëmsetzt, weisen déi substantiell Steierreformen vun de leschte Joeren.

D’Globaliséierung vum soziale Fortschrëtt an den Dialogue des Cultures sinn aner wichtig Stéchwierder vum neien CSV-Grondsatzprogramm. D’globaliséiert Economie muss vun enger sozialer an ökologischer Globaliséierung réglementéiert ginn. Eventuell Feelentwécklungen mussen duerch d’Globaliséierung vum soziale Fortschrëtt corrigéiert ginn.

Déi rezent Geiselnahm zu Moskau, déi schrecklich Attentater an Indonesien awer och den Terror am Nohen Osten weisen, wéi noutwendig den Dialogue des Cultures ass. Och den 11. September ass onvergiess.

Den neien CSV-Grondsatzprogramm ënnersträicht d’Wichtigkéet vum Gespréich zwëschen de Vertrieder vun den ënnerschiedlichen Culturen. Fir Ängschten ofzebauen, Gemeinsamkéeten däitlech ze machen an domat d’Grondlaag ze schaffen op der e friedlecht a fairt Zesummeliewen vun de Culturen méiglech ass.

Léif Nolauschterer,

Den neien CSV-Grondsatzprogramm weist, datt eis Partei fir d’Réalitéiten vun eiser Zäit op ass. Am Mëttelpunkt vun eisem Grondsatzprogramm stéet keng ideologisch Virstellung vun der Gesellschaft an déi den eenzele Mensch eragedréckt soll ginn.

Am Mëttelpunkt vun eisem Grondsatzprogramm ass de Mensch, mat sengen Suergen an Hoffnungen. Um hire neie Grondsatzprogramm weist sëch, datt d’CSV sech och weider mat de Léit identifizéiert. “Jidder Eenzelen zielt”.

Ech soen Iech Merci”

Et huet geschwat de Maurice Bauer,

Generalsekretär adjoint vun der CSV