“Mir sinn d’Vollekspartei vun der fortschrëttlecher Mëtt.”

Eng Fräi Tribune op RTL vum Paul Weimerskirch zum neie Grondsazprogramm.
“Mir sinn d’Vollekspartei vun der fortschrëttlecher Mëtt.” Mat dëse Wierder huet den CSV-Generalsekretär Jean-Louis Schiltz d’leescht Woch, wou de neien CSV-Grondsazprogramm präsentéiert ginn ass, d’CSV an der Lëtzebuerger Parteienlandschaft positionnéiert.

De neie Grondsazprogramm ass keng Revolutoun, awer eng Evolutioun. Beim Iwwerschaffe vum Grondsazprogramm sinn kengesfalls d’Grondoptiounen, déi d’Politik vun der CSV säit Joeren definéieren iwwer Bord geworf ginn. Mir stinn méi ewéi je zum Prinzip vum solidaresche Mateneen, zur subsidiärer Hëllef, zu enger Politik vun der Responsabilitéit, zum perséinlechen Engagement an zur Nohaltegkeet.

Fir eng Politik vun der sozialer Gerechtegkeet

Mir wëllen och weiderhin eis Politik vun der sozialer Gerechtegkeet – besonnesch an enger Zäit vu Liberaliséierung an Dereguléierung – als Alternativ zu eben dësen esäitegen individualistesche Konzepte emsetzen.

Et gett eis drëm, déi an de leeschte Joeren verännert gesellschaftlech, ökonomesch a sozial Entwécklungen oder Strukturen, un dëse Wäerter a Grondhaltung nei ze orientéieren. Nei Technologien hunn d’Aarbechtswelt verännert. Europa ass an engem enormen Embroch, politisch, institutionell, awer och geographesch. Globaliséierung a Moderniséierung oder besser Monopoliséierung bestëmmen eis d’Wirtschaftsliewen. De Mënsch däerf hei nët ze kuerz kommen. Eise neie Grondsazprogramm soll op all dës Défiën Aentwerte formuléieren an eis Standpunkte festegen. Mat dem Sproch …

… “Jidder Eenzelen zielt” …

… soll kloer zum Ausdrock kommen, datt de Mensch am Mëttelpunkt vun eiser politischer Aktioun ze stoen huet. Den Optrag un d’Politik ass et, sech em de Mensch ze këmmeren, em jidder Eenzelen. Als Vollekspartei wëlle mir Brécke bauen, zesumme féieren, integréieren an Uleis oder Interessen vun den eenzelne Gruppen openeen ofstëmmen a Léisungen siiche, déi am Intressi an zum Wuel vun der ganzen Gesellschaft méiglech sinn.

Mir bauen dobäi op eis bewährte Prinzipien vun der Solidaritéit an der Subsidiaritéit. Mir wëllen eng Gesellschaft, déi keen ausschléisst. Eng Gesellschaft, wou Versteestemech, de Respekt an Toleranz, d’Zesummeliewen tëschent de Mensche charaktiséiert.

Een nei Sozialkontrakt

Als Vollekspartei vun der sozialer Mëtt wëlle mir eis staark maache, fir een nei Sozialpakt. Ee nei Soziakontrakt, och iwer eis Grenzen eraus. Als Aentwert op eng globaliséiert Economie plädéiere mir dës duerch eng sozial an ökologesch Globaliséierung ze begleeden, ze korrigéieren – jo ze steieren. D’Kärelementer vun eiser Sozialpolitik sinn a bleiwen och weiderhin de Generatiounevertrag an eng Erneierung vun der sozialer Maartwirtschaft, déi der Economie genuuch Fräiraum léist fir ze funktionéieren, déi fir Chancengläichheet a soziale Fortschrëtt steet.

De Grondsazprogramm beschreiwt och de Wee an eng aktiv Biergergesellschaft – als Garant vun eiser demokratescher Gesellschaft, als Basis vun enger echter Sozialpartnerschaft.

Europapolitik ass Friddenspolitik

E weidere Schwéierpunkt vum erneierte Grondsazprogramm ass de Wonsch no engem geeenten Europa als onverzichtbar Sécherheetsgarantie fir déi next Generatiounen. Europapolitik ass Friddenspolitik, ass Politik fir sozial Gerechtegkeet.

Mir hunn op dëser Welt eng eenzeg Aufgab, seet de Schrëftsteller Léon Tolstoi, nämlech déi dofir ze suergen, datt et alle Mensche gutt geht.

Eise Grondsazprogramm soll dës Wierder Rechnung droen.

Paul Weimerskirch

op RTL

an der Emmissioun “Fräi Tribün”