D’Politik ass a bleiwt gefuerdert!

Den CSV Deputéierte Lucien Clement kommentéiert aktuell politesch Froen an analyséiert d’Aarbechten vun der Fraktioun an an der Partei.
– Discours vum CSV-Deputéierte Lucien Clement op Radio 100,7 an der Sendung d’Parteien hunn d’Wuert –

Léif Nolauschterer

Zënter geschter ass déi politesch Rentrée offiziell. Um Krautmaart hunn sech d’Deputéiert zesumme fonnt, fir déi virlescht Sessioun, virun de Walen am Joar 2004, unzefänken.

Vill Aarbecht steet um Programm, fir CSV an fir CSV Fraktioun.

D’Rentrée politique geschéit an engem Moment, wou d’Wirtschaftsprognosen, sech manner positiv präsentéieren, ewéi datt allgemein erwoard ginn ass.

Keng falsch Signaler

De Statec huet Wuesstumsdaten fir Lëtzebuerg zolidd no ënne revidéiert. Lëtzebuerg muss sech op ee méi niddregen Wirtschaftswuesstum astellen. Dis Entwécklung, déi sech an éisen Nopeschlänner schons éischter ugedeit huet, greift also elo och op Letzeborg iwwer. Et gëllt disen Trend am Aae ze behalen an “de tout près ” ze suivéieren. Ee falscht Signal allerdengs wier et fir elo iwwerstirzt an op Panikmache opgebauten Décisiounen ze hollen.

Ee méi niddrege Wuesstum bedeit nach laang keng Rezessioun. 1% Wuesstum bleiwt emmer nach Wuesstum. Drastesch Korrekturen sinn jiddefalls fir de Moment net ugesoot, an och net néideg.

Am Géigendeel. Déi budgetär Grondoptiounen, vun deene successive CSV Budgets- a Finanzministeren, ewéi déi säit Joaren gewollte virsichteg Finanz- a Budgetpolitik, ewéi d’Uléen vun Reserven an deenen eenzelnen Fongen, loossen genug Spill- an Handlungsraum fir dis, fir Letzeborg éischter nei, mee och méi schwiereg Situatioun ze meeschteren.

Déi rezent Steierreform fir Privatpersounen, augmentéiert de “pouvoir d’achat “ vun all Eenzelen, a wäert mat Secherheet der Wirtschaft nees op d’Spreng hëllefen.

De Budget fir d’Joar 2003 steet am Gläichgewiicht, gréisser Infrastrukturprojeeën ginn ugepackt, keng nei Staatsschold gëtt opgeholl . D’Finanz- an d’Verscholdungskapazitéit vun eisem Land ass a bleiwt intakt.

Investitioune fir d’Zukunft

Dee ambitiösen öffentlechen Investitiounsprogramm ass och an der Zukunft eng wichteg Stäip fir d’Economie an eisem Land. Et wier secherlech eng falsch Politik den héige Niveau un Investitioune elo ze reduzéieren. Jhust an engem méi schwieregen wirtschaftlechem Emfeld ass et wichteg d’Investitiounsausgaben net ze beschneiden. Investitiounen vun der öffentlecher Hand an d’Infrastrukturen stäerken eis Betribber a sëcheren domatter selbstverständlech och Aarbechtsplazen.

Besonnesch d’Entwécklungen am Banken- a Finanzsektor sinn bekanntlech den Ausléiser vun däer dach méi strapazéierter Situatioun. Et ass awer och de Beweis, datt et weiderhin noutwendeg ass, eis Economie nach méi ewéi bis elo ze diversifizéieren.

De Banken- a Finanzsektor ass onbestridden ee wichtegt Standbeen vun éiser Economie, ergo och vun de Recetten am Staatsbudget. Op engem Been léisst et sech awer bekanntlech schlecht stoen. Mir brauchen also weiderhin eng Politik, déi och deenen anere Wirtschaftssektoren entgéint kënnt. An hei ass mat deenen verschiddenen Steierreformen an de leeschte Joaren eng noutwendeg Viraussetzung geschaffen ginn. D’Steierlaascht fir d’Betribber ass däitlech erofgesaat ginn. Dis Moossnahmen woare séier wichteg, well mir brauchen nun mol eng staark Economie, mir brauchen ee staarke Mëttelstand a mir brauchen vrun allem ee kompetent a staarkt Handwerk.

Kee Reformstau : mir leien am Soll

Niewt der Steierreform sinn awer och d’Pensiounsverbesserungen an d’Reform vun der Invaliditéitsgesetzgebung aus dem Bilan vun der vergaangener Sessioun erauszesträichen. D’Behaptung, vun Oppositiounssäit, d’Chamber an d’Regirung gingen an engem Reformstau steechen, muss also ganz kloar zréckgewise ginn. D’Majoritéitsparteien leien am Soll waat d’Erfëllung vum Koalitiounsaccord ugeet. Esou beschäftegt sech d’Chamber nach dis Woch mat den noutwendegen Äennerungen um Wunnengsbau-Förderungsgesetz. Déi virun der Vakanz votéiert steierlech Mossnamen, am Sënn vum Logement, an eng Rëtsch vun neien Iwwerleeungen a Mesueren, sollen dofir sorgen de Wunnengsmoart nees méi staark ze dynamiséieren.

D’Châmber ass gefuerdert

Weider Schwéierpunkte fir déi next Méint sinn awer och déi gesellschaftspolitesch Reformen, déi ëmzesetze sinn. De Gesetzesprojet iwwer d’Liewenspartnerschaften steet do un éischter Plaz, grad esou ewéi de Projet iwwert den Numm vum Kand.

Gefuerdert ass d’Chamber awer och an der Fro vun der Stierwbegleedung. D’CSV ass hei fir den Ausbau vun der Palliativmedizin. Déi aktiv Euthanasie an den Archarnenemt thérapeutique ginn vun der CSV strikt ofgelehnt.

Och bei de schoulpoliteschen Froen wäert CSV Fraktioun nët abseits stoen. Ee Positiounspapeier matt Schlussfolgerungen aus der PISA-Etude steet hei am Bleckpunkt. Et geet drem éis Schoul esou ze gestalten dat se esouwuel den Besoien vun deene schwaachen, ewéi de Besoien vun deene staarken Schüler entsprecht. Et geet drem éiser Schoul eng nei Motivatioun, méi Flexibilitéit an méi Autonomie ze gin.

Och um Parteiniveau ass d’Aarbecht net leie bliwen. A villen Réuniounen a mat der Mathëllef vun ville Parteimemberen ass ee neie Grondsatzprogramm erstallt ginn. An de nexte Woche gëtt Diskussioun ronderem disen neie Grondsazprogramm fir d’CSV ofgeschloss. Jidder Eenzelnen zielt. Eng Ausso, déi fir eng Politik vum Mateneen, vun der Responsabilitéit a vum Versteesdemech steet.

Ech soen Merci fir d’Nolauschteren.

(Discours vum CSV-Deputéierte Lucien Clement op Radio 100,7 an der Sendung d’Parteien hunn d’Wuert)