Sozial an an der Mëtt

Aus enger Radioemissioun op RTL Radio Lëtzebuerg mat dem CSV-Generalsekretär Jean-Louis Schiltz.

Een éischten Entworf vum neien CSV Grondsazprogramm läit vir. No der Consultatioun vun de Parteimemberen wäert de neie Grondsatzprogramm de 9. November op engem ausserordentleche Nationalkongress zur Ofstëmmung kommen.

De neie Grondsatzprogramm wäert d’CSV resolut an der sozialer a politischer Mëtt positionéieren. D’Mëtt ass fir d’CSV keen eidele Begrëff. D’Mëtt verpflicht. D’Mëtt steet fir Wäerter, déi sech kloer vun allen extremistischen Usätz ofgrenzen. Et ass nët een abstrakt ideologischt Konstrukt dat am Mëttelpunkt vun enger Politik vun der Mëtt steet, et ass vrun allem de Mensch a senger Individualitéit an mat sengem Potenzial un Méiglechkeeten an u Responsabilitéit.

Politik vun der sozialer Mëtt bedeit fir d’CSV de feste Wëllen un der positiver Weiderentwecklung vun eiser Gesellschaft aktiv matzeschaffen. Am Mëttelpunkt steet dobäi d’Weiderentwecklung vum Mateneen, vun der Partnerschaft a vun der Gerechtegkeet. Déi politisch Mëtt, esou wéi d’CSV se an hirem neie Grondsazprogramm definéiert, steet och fir eng solidarisch an tolerant Gesellschaft, déi bei jiddfer politischer Decisioun d’Uspreech an d’Rechter vun den kommenden Generatiounen mat am Aa huet.

Am Cadre vun hiren Aarbechten um Grondsazprogramm huet d’CSV déi politisch a sozial Mëtt net erréichl fanne missen. Zanter Joerzengten sinn déi Sozial Marktwirtschaft, de Sozialen Dialog an d’Promotioun vun enger aktiver Sozialpartnerschaft d’Eckwäerter vun der CSV-Politik.

De neie Grondsatzprogramm wäert och zum Ausdrock brengen, datt d’CSV eng Vollekspartei ass, an däer sech jidfereen a jidfereent erëmerkenne kann. D’CSV vertrëtt eng Politik, déi sech un all sozial Gruppe riicht. Sie ass géint all Politikusaaz, deen sech nemmen un den Intresse vun enger Gesellschaftsgroup orientéiert an dobäi d’Rechter an d’Uspreech vun anere Grouppen vernoléissegt. Wou conträr an konkurréierend Intresse optrieden, ass Polariséierung de falsche Wee. D’CSV ass vum Geegendeel iwwerzeegt: Grad do gëllt et Brécken ze bauen an e fairen Ausgläich ze fannen.

Mir définéieren dementspriechend eis Politik als d’Bestriewen d’Gesellschaft am Sënn vun konkreter Partnerschaft a Matbestëmmung op ee gemeinsamt Ziel hinzeorientéieren, wou d’Mateneen, de gegensäitige Respekt an d’Sozial Gerechtegkeet déi zentral Leitlinen duerstellen.

Am Grondsazprogramm vun der CSV huet dat Sozialt Virfahrt.

Chrëschtlech-Sozial Politik, esou wéi se am neien Grondsatzprogramm développéiert get, steet awer och fir den Obbau an d’Weiderentwecklung vun der Europäischer Union. Sie steet fir eng resolut Kooperatiounspolitik, d’Globaliséierung vum Soziale Fortschrëtt an den Dialog vun den Kulturen.

Un eisem neie Grondsatzprogramm ass intensiv geschafft ginn. He schreift sech an d’Opbrochstëmmung an, déi den internen Aarbechten vun der CSV zanter zwee Joer hire Stempel opdreckt. No der Statutereform vun 2001 ass de neie Grondsazprogramm eng wieder Etapp bei der kontinuéierlecher Moderniséierung vun der CSV.

De neie Grondsatzprogramm wäert d’Konturen vun der CSV an der Ausernannersetzung mat den annere Parteie schärfen. Eppes ass awwer elo schons kloer: Säi ganze Profil wäert de neien d’CSV-Grondsatzprogramm erréischt duerch d’CSV-Mandatäre kréien, déi seng Leitlinen a konkret Politik ëmsetzen. Et ass zu deem Moment, wou den neie Grondsatzprogramm seng ganz Gestaltungskraft entfale wäert.

Ech frëe mech op d’Diskussiounen an op d’Aktiounen, déi sech aus dësem Programm ofleede wäerten.