Vun 8 op 9 Prozent

Den CSV Rapporteur Luss Clement zum forfaitairen TVA-Saaz, deen d’Bauere rembourséiert kréien.

Här President, Dir Dammen an dir Hären,

Mir hunn am Mee 2001, zum Schluss vun den Debatten zur Lag vun der Natioun vum leeschte Joer, hei eng Motioun gestëmmt, mat däer d’Regirung opgefuerdert gouf, ze préifen, op een de forfaitairen TVA-Saaz, deen d’Bauere rembourséiert kréien, net kéint eropsetzen. Dës Motioun huet sech deemols ageschriwwen an de Kontext vun däer wirtschaftlech schwiereger Lag, an déi vill Baueren duerch all Zorte vu Liewesmëttelkris unverschöllt gerode sinn.

Mat deem viirleiende Projet de loi get elo dëse Saz vun haut aacht op neng Prozent eropgesaat. Déi meescht Bauerenbetrieber zu Lëtzebuerg hu fir d’Applikatioun vum forfaitaire Saaz optéiert, sou datt si baal all vun dëser Moossnaam betraff sinn.

Den Direkter vun der Enregistrementsverwaltung huet iis an der Finanzkommissioun matgedeelt datt jhust ganzer drei landwirtschaftlech Betrieber net dem forfaitairen Taux ennerleien. Dee forfaitairen TVA-Saaz ass deen, mat deem d’Baueren e pauschale Remboursement fir all déi Produkter a Materialien kréien, déi si ugeschaaft hunn, a wourop si och e bestëmmte Pourcentage un TVA bezuelt hunn. Hei gett eng statistesch Moyenne gerechent, vun der TVA, déi d’Bauere iwwert den Kaaf vun Produit’en bezuelt hunn, an déi Moyenne get als Taux forfaitaire geholl, fir hinnen déi virbezuelten TVA iwert d’Vente vun hiren Produkter auszegleichen. Et kënnt durch dis Unhiewung och net zu enger Verdeierung vun de landwirtschaftlechen Produkter, den Ausgleich mecht sech um Niveau vum Enregistrement bei den T.V.A. Erklàrungen vun deenen eenzelnen Geschäftsleit.

Déi 1%eg Augmentatioun geet praktesch à cent pour cent zu Laaschte vum Staat.

Bei däer leschter Berechnung huet sech erausgestallt, datt d’Baueren, déi ënnert dem forfaitairen TVA-Saatz schaffen, an der Moyenne 8,66% TVA bezuelen. Si kréien de Moment awwer nëmmen 8% erëm, sou datt se global gesinn, der méi bezuelen, wéi se der erëmkréien.

D’TVA ass vun hirem Wiesen hier eng neutral Steier, déi jhust den Endverbraucher definitiv eppes kaascht, well op hirem Wee bei dësen Endverbraucher all Kéier, wou si muss entriicht ginn, se och erëmbezuelt get oder muss ginn. Bei de Baueren, déi am forfaitaire Regime schaffen, ass déi absolut Neutralitéit schwéier ze erreechen, well daat nëmme mat TVA-Sätz géing, déi zwou Stellen hanner dem Komma opweisen giffen.

Mir applizéieren zu Lëtzebuerg dës TVA awer ëmmer mat ganze Prozentzuelen. Wa mer elo vun aacht op neng Prozent eropginn, da kënnt dobäi also eraus, datt d’Baueren am forfaitaire Regime 0,34% méi un TVA erëmkréien, wéi se der statistesch gesinn virbezuelt hunn – daat heescht, datt se eng liicht Faveur hei kréien. Eng Faveur, Här President, mat däer, heibannen mat Secherheet jidfereen d’accord as, net nëmmen wéinst däer schwiereger Situatioun, an där éis Landwirtschaft sech aktuel befennt.

Här President,

Dëse Projet ass kee schrecklech komplizéierten, an et ass mengen ech och net méi derzou ze soen, wéi ech gesoot hunn – Zum Schluss well ech den Accord vun der CSV brengen, an ech giff d’Chamber bieden, dëse Projet ze stëmmen.

Ech soen Iech Merci