Hëllef leeschten

Ried vum Rapporteur Luss Clement (CSV) zum “Fonds International du Développement”.

Här President, Dir Dammen an dir Hären,

De Fonds International du Développement Agricole, kuerz FIDA genannt, ass keng schrecklech bekannten Organisatioun. An dach mecht en eng Zort Aarbecht an der Welt, déi wertvoll an appréciabel ass, an zu däer eist Land regelméisseg e finanzielle Bäitrag leescht. Ëm genee dee Bäitrag geet et an dësem Projet de loi.

Landwirtschaftlech Entwécklungsprojetë

De FIDA ass eng Organisatioun, déi an den Entwécklungslänner uechter d’Welt landwirtschaftlech Entwécklungsprojetë finanzéiert. Dës Projetë kënne mat landwirtschaftlecher Produktioun ze dinn hunn, oder mat der Commercialisatioun vu Produkter – si hunn eppes gemeinsam : et geet bei der Aktioun vum FIDA ëmmer drëm, eng Ufankshëllef oder Starthëllef ze leeschten. An der Réalitéit sollen déi implizéiert Leit, nom Oofschloss vun engem FIDA-Projet, selwer kënnen hir Aktivitéit weiderféieren, an esou sech selwer an hir Famill ernähren. D’Tatsaach, datt de FIDA also Hëllef zur Selbsthëllef bedreiwt, erklärt, datt en net mat risege finanziellen Beträg operéiert : de Gesamtvolume vun engem jährleche FIDA-Budget beleeft sech op ronn 400 Milliounen Dollar.

De FIDA rekonstituéiert periodesch seng Ressourcen. Well e keng ege Recetten huet, funktionéiert daat duerch regelméisseg Erhiewungen vun enger Zort Kotisatioun, déi seng Memberstaate bezuelen. Fir déi fënneft Rekonstitutioun vun de Ressource vum FIDA stellt Lëtzebuerg e Maximum vu 400.000 Dollar bereet – tatsächlech wäerten et wuel zimlech genee och 400.000 Dollar sinn, well déi fënneft Rekonstitutioun vun de Ressource vum FIDA soll déi selwecht Gesamtzomm obréngen, wéi déi véiert, an och deemols hu mer 400.000 Dollar agespeist.

Déi ländlech Aarmut ze bekämpfen

Zu dëser lëtzebuergescher Participatioun ass am Prinzip soss net vill ze soen. Mir leeschten e korrekte Bäitrag zu enger Tätegkeet, déi ënner der Egide vun der UNO stattfënnt, a sech aschreiwt an déi weltwäit Bestriewungen a Saachen Entwécklungszesummenaarbecht.

Et kéint een allerdings nach vill zur Sënnfällegkeet vum FIDA senger Aarbecht soen. Déi ziilt nämlech virun allem drop oof, déi ländlech Aarmut ze bekämpfen, an d’Leit am ländleche Raum a villen Entwécklungslänner zu wirtschaftlechen Akteure ginn ze loossen. Si ginn am Kader vun esou Projeten, wéi de FIDA se finanzéiert a matgeréiert, an d’Situatioun versaat, hiirt Liewen op manner kuerzfristeg Manéier ze plangen. Wann ee weess, datt et weltwäit nach 3 Milliarde Leit get, déi pro Dag manner wéi zwee Dollar zur Verfügung, fir ze iwerliewen, an datt eng Milliard Leit net emol een Dollar all Dag hunn – dëst ass déi vun der UNO unerkannte Grenz vun der absoluter a batterer Aarmut – da gesäit een, datt dës Leit all eenzelnen Dag mussen derfir suergen, datt se eppes ze iesse kréien. Si liewen esou ze soen an den Dag eran oder wéi mir soen giffen aus der Hand an de Mond. Entwécklungsprojeten am ländleche Raum sollen derzou bäidroen, datt fir eng ëmmer méi grouss Zuel vu Leit eng méi laangfristeg Liewensplanung méiglech get. Si sollen d’Méiglechkeet kréien, datt se iwer den Dag eraus wëssen, wuerfir se schaffen, an datt vun hirer Aarbecht net nëmme si selwer an hir Famill, mee och vill Matmënschen an hiren Dierfer profitéieren.

Géint Landflucht

Grad am ländleche Raum ass et nämlech méiglech, mat relativ wéineg finanziellem Opwand wirtschaftlech Aktivitéit un d’Rullen ze kréien, déi engem ganzen Duerf kann op d’Been hëllefen. Am Kontext vun der städtescher Aarmut ass esou eng Démarche vill méi schwéier. Do ass et guer net einfach, konkret Usätz ze fannen, well déi sozial Bindungen tëschent de Leit manner oder guer net existéieren. Duerch de permanente weideren Zoustroum vu Leit, déi aus ländleche Géigende fortgaange sinn, verschärfen sech d’Problemer an de Stied, vum selwen all Dag weider. Sou gesinn ass d’Entwécklung vum ländleche Raum an denen äermste Länner eng konkret Moossnam géint d’Landflucht. A manner Landflucht bedeit och manner Misère an de Stiet, wou Populatioune sech esou kéinte stabiliséieren. Mat enger Stabilisatioun vun der Zuel vun de Leit an de Groussstied, giff een och hei besser Méiglechkeeten fannen, fir d’Armut ze bekämpfen.

Här President,

Dëse Projet schreiwt sech an, an déi lëtzebuergesch Efforten am Gesamtberäich vun der Entwécklungshëllef an. Mir sinn eent vu weltwäit fënnef Länner, déi d’UNO-Ziil vun der Bereetstellung vun 0,7% vun hirem Bruttoinlandsprodukt fir öffentlech Entwécklungszesummenaarbecht, erfëllen. Eise FIDA-Beitrag gehéiert logescherweis an dëse Kontext, an duerfir verdingt och dëse Projet eis Zoustëmmung.

Ech soe Merci fir d’Nolauschteren.