Nei Schrëtter a Weër fir de Wunnengsmoart

Nodeems de Ko-rapporter den Här Norbert Haupert op déi vun him gewinnten exzellent Manéier dee Volet vum Fiskalitéitspak Logement, deen déi direkt Steiere betrëfft, oofgehandelt huet, wëll ech der Chamber dann elo och nach duerleeën, waat de Projet am Beräich vun den indirekte Steiere virgesäit.
Rapporteur Luss Clement, CSV-Deputéierten zum Fiskalitéitspak Logement, besonnesch zum Beräich viun den indirekte Steieren.

Här President, Dir Dammen an dir Hären,

Nodeems de Ko-rapporter den Här Norbert Haupert op déi vun him gewinnten exzellent Manéier dee Volet vum Fiskalitéitspak Logement, deen déi direkt Steiere betrëfft, oofgehandelt huet, wëll ech der Chamber dann elo och nach duerleeën, waat de Projet am Beräich vun den indirekte Steiere virgesäit. All dis Mesuren, zesummen mat aaneren, déi nach kommen wäerten, sollen dozou bäidroen fir de Wunnéngsmaart besser un d’Rullen ze kréien.

Et geet hei an disem Deel vum Projet am wiesentlechen ëm zwee Elementer:

d’Enregistrementstaxen an den Taux super réduit vun der TVA.

Haut ass et esou, datt beim Kaaf vun enger Immobilie, sief daat en Terrain oder en Haus oder Appartement, ongeféier siwe Prozent vum Kaafpräis vun däer Immobilie un Enregistrementstaxen ufaalen. Daat ass vill: e klengt Appartement vun 100.000 Euro zum Beispill kascht dem Keefer och nach eng Kéier 7.000 Euro Enregistrement. Fréier hätte mer gesoot, daat si baal 300.000 Frang. Natiirlech gouf et ënner bestëmmte Konditiounen a Kritären de bëllegen Akt, mee daat ännert awer näischt um Prinzip.

Fir d’Acquisitioun vu Wunnraum ze verbëllegen, get elo e Steierkredit vun 20.000 Euro agefouert, deen op d’Enregistrementstaxen imputéiert ka ginn. All Mënsch, onoofhängeg vu sengem finanziellen an vu sengem immobilière Besëtzstand, huet e Recht op dëse Kredit. Ee Kredit, dee perséinlech an individuell ass – esou datt eng Koppel, déi zesummen wunnt, deen dueble Kredit, also 40.000 €, beim Kaaf vun enger Immobilie ka notzen.

Eng bestëmmten Zomm

De System vun dësem Steierkredit huet de Mérite, datt en séier einfach ze verstoen an ze géreieren ass. All Mensch huet eng bestëmmten Zomm zegutt. All Kéier, wann en eng Immobilie zu eegenen Wunnzwecker keeft, kann en een Deel vum Kredit notzen. Daat geet esou laang, bis en opgebraucht ass.

20.000 Euro Enregistrements-Taxen entspriechen engem Kaafpräis vun 286.000 Euro. Gudd 11 an eng hallef Milliounen aler Frangen kënnen also pro Persoun fir Immobiliekeef ausgi ginn, ouni datt Enregistrementstaxen ufaalen – ausser den 100 Euro vun der Basistax, déi allerdengs all Kéier ze bezuelen ass. Bei enger Koppel sinn daat gudd 23 Milliounen aal Frangen, déi beispillsweis hiirt Haus ka kaschten, ouni datt se mussen Enregistrement bezuelen. Ass de Präiss vun enger Immobilie méi héich wéi d’Fräigrenzen, da muss jhust daat un Enregistrementstaxe bezuelt ginn, waat iwwer dem Betrag vum Steierkredit vun 20.000 Euro op de Kapp ufällt. Selbstverständlech kann de Kredit och opgedeelt genotzt ginn. Ech hu kuerz virdru vun engem Appartement vun 100.000 Euro geschwaat. Déi 7.000 Euro, déi do géifen un Enregistrement ufaalen, gi vum Keefer an Zukunft agespuert, an op sengem Compte bleiwen 13.000 Euro vum Steierkredit iwwreg, déi hien dann op enger spéiderer Acquisitioun geltend maachen kann.

E puer Konditiounen

D’Notzung vun dësem Steierkredit, am Ganzen oder deelweis, ass un e puer Konditiounen gebonnen, déi d’Raison d’être vun deem Instrument reflektéieren. Zesumme mat deenen anere Moossnahmen, déi mer de Mëtteg stëmmen, soll d’Aféirung vun engem Enregistrements-Steierkredit den Accès zum Wunnraum vereinfachen. En ass geduecht, fir méi Leit et ze erlaaben, zu Besëtzer vun hirem eegenen Wunnraum ze ginn.

Et ass kloer, datt déi Immobilie, op däer hiren Enregistrements-Wäert de Kredit soll imputéiert ginn, och zu Wunnzwecker déint, a zu kengen aneren Zweck gebraucht gett. Et ass grad esou kloer, datt et muss de Keefer sinn, also deen, deen de Kredit notzt, deen och selwer duer an daat Haus oder Appartement wunne geet, fir daat e vum Steierkredit profitéiert huet. An et ass schliesslech och virgesinn, datt de Bénéficiaire vum Steierkrédit op däer betreffender Plaaz och muss eng gewëssen Zäit wunne bleiwen. Hei sin 5 Joar virgesinn.

No disem Délais kann de Crédit deen eventuel nach Rescht ass, fir neien eegenen Wunnraum genotzt gin, ouni dat daat Haus oder daat Appartement waat een verléist , muss verkaaft gin. Och daat ass eng wesentlech Aennerung zu der Method vum bëllegen Akt, well do woar eng vun de Konditiounen oder besser gesoot vun den Obligatiounen, vir de bellegen Akt ze kréien, datt een net am Besetz vun enger Immobilie dierft sin.

Wichteg a noutwendeg Mossnahmen

Dis Moossnahmen sin wichteg well nëmmen esou sëchergestallt ass, datt de Crédit d’impôt ausschliesslech vu Leit profitéiert gett, déi en och fir d’Acquisitioun vu privatem Wunnraum brauchen.

Duerfir geseit d’Gesetz folgend Konditiounen vir. Et muss ee, wéi gesoot, selwer an dee Wunnraum, deen ee keeft, wunne goen. Ob een elo beispillsweis do och seng Elteren ouni eppes derfir ze froen do mat ënner Daach brengt oder eventuell aner Famijemitglieder, spillt keng Roll: wesentlech ass déi perséinlech Okkupatioun, an zwar just zu Wunnzwecker.

Et muss ee bannent zwee Joer nom acte d’achat, och an daat Haus wunne goen, daat ee kaaft huet, an et muss een, ewéi schons gesoot, dann och während fënnef Joer op d’mannst do wunne bleiwen. Véier Joer Zeit huet den Acquéreur , fir dra wunnen ze goen , wann de Kredit fir eng Bauplaaz beusprocht ginn ass. Et soll also eng logesch Reiefollech vun Akte ginn, déi beweisen, datt et sech ëm perséinlechen an och benéidechte Wunnraum handelt . Daat fänkt un, bei der Formulatioun am Notairesakt. De Keefer, deen de Steierkredit notzen wëll, engagéiert sech derzou, datt all Konditiounen, déi ee brauch fir de Kredit ze kréien, erfëllt sinn. Hien muss selwer Besetz vum Wunnraum hollen a während mindestens fënnef Joer selwer dra wunnen bleiwen. Den Direkter vum Enregistrement kann Derogatiounen zu dëse Konditiounen vun deenen eenzelnen Délai’en accordéieren. Bei der Wunnzeit vu 5 Joar, wann et sech ëm e Cas de Force majeure handelt. Bei der Obligatioun, bannent wéivill Joar nom Kaaf ee muss dra wunnen, kann dérogéiert gin, an daat sur demade écrite et dûment motivée.

D’Konditioune vum Steierkredit

Och muss de Keefer Résident zu Lëtzebuerg sinn oder op d’mannst wëlle ginn, wann een de Steierkredit wëllt fir sech beusprochen. Anescht géing et jo och net : eng vun den objektive Konditiounen, en ze kréien, ass jo, selwer am kaaftene Wunnraum ze liewen. All aner Iwerleeungen zu der Résidents-Klausel si net fondéiert: wann een déi objektiv Konditioun vun der effektiver perséinlecher Okkupatioun wëllt erfëllen, muss een zumindest op Lëtzebuerg wunne kommen, wann daat net schons de Fall ass. Wunnt een am Ausland muss déi voll Enregistrementstaxe bezuelt gin. Ee Remboursement vun der Taxe ass virgesinn, deen Daag wou een an d’Haus wunnen geet, an daat bannent zwee Joar. La restitutiom du montant correspendant à l’abattement se fait, que sur demande écrite, appuyée du certificat de résidence, seet den Gesetzestext.

D’Konditioune vun deem Steierkredit, dee mer hei aféieren, musse natiirlech an engem gewësse Mooss iwerwaacht ginn. Duerfir ass d’Enregistrements- Verwaltung zoustänneg. D’Verwaltung huet och schons an der Finanzkommissioun versëchert , déi néideg informatesch Preparatioune getraff ze hunn. Vun all eenzelne Keefer gëtt ee compte de crédit d’impôt vun der Verwaltung géreiert. Et kann also à tout moment gekuckt gin wéivill Krédit un Enregistrementstaxen all eenzelnen nach huet, oder emgedréit wéivill all eenzelnen schons vu sengem Krédit verbraucht huet.

Et ass natiirlech noutwenneg, datt och d’Chamber am Bild driwer ass a bleiwt, wéi eng Uwendung vun dem Kredit gemaach get, op wéi eng Manéier e genotzt get, a wéi strikt d’Leit selwer sech un d’Konditiounen haalen. Duerfir soll den Enregistrement der Chamber no engem Joer Rapport iwer d’Gestioun vun deem neien Instrument maachen, an no zwee Joer, wann esou lues och déi direkt steierlech Mesüren, déi mäi Kolleeg Norbert Haupert behandelt huet, voll greifen sollen a schons baal auslaafen, e konsolidéierte Rapport virleeën.

Den Direkter vun der Verwaltung huet iis an der Finazkommissioun gsoot, dat daat ouni supplémentar Personnalastellungen méiglech wier.

Inhaltlech wëll ech nach folgend Prezisioun zum virleiende Gesetzprojet liweren. De Steierkredit get net applizéiert op d’Käschte vun engem Terrain, deen am Kader vun engem Bail emphythéotique zur Verfügung gestallt get. Am Regelfall sinn dis Käschte esou niddereg, et si meeschtens mol keng dausend Euro am Joer fir en Terrain vu raisonnabler Gréisst, datt dowéinst de Steierkredit net soll ugepaakt ginn. E get och net applizéiert op Schenkunge vun Terrainen innerhalb vun der Famill, well och do d’Enregistrements-Tax, déi ufällt, esou niddreg ass, datt se soll ausserhalb vum Mechanismus vum Steierkredit entriicht ginn. De crédit d’impôt bleiwt duerfir integral zur Verfügung fir aner Acquisitiounen, déi d’Bénéficiaire vun esou Schenkungen an hirem Liewen nach maachen.

Kommentär zum Staatsrot sengem Avis

Bleiwt nach ze soen datt de Staatsrot eng alternativ Systemlogik am Bezuch op den Enregistrements-Steierkredit virgeschloen haat, déi zwar a sech och schlëssech war, mee vun der Kommissioun schlussendlech awer net zréckbehaale ginn ass. De Staatsrot haat virgeschloen, de Steierkredit net un d’Persoun vum Keefer, mee un den Akt vun den Acquisitiounen ze bannen. Sou hätt een Keefer kënne bei all Acquisitioun vun perséinlechem Wunnraum, déi hien a sengem Liewe gemaach hätt, vun engem bestëmmte Fräibetrag profitéieren, och wann dee respektive Fräibetrag villeicht manner héich geleeën hätt, wéi 20.000 Euro. An deem zréckbehaalenen, an och vun der Regirung esou proposéierte System, ass de Gesamtkredit festgeluecht. Ass deen opgebraucht, an et keeft ee weider Immobilien, da bezillt een den integralen Enregistrementstaux. De Montant vun 20000 € kann iwert d’Loi budgétaire adaptéiert gin. Daat steet net expressis verbis am neien Text. De Staatsrot huet dis Dispositioun déi am aalen Text stung als superfétatoire ugesinn.

Dem Staatsrot säi System ass aus verschiddene Grënn net zréckbehaale ginn, op déi ech lo net all wëll agoen. Ech wëll just soen, datt d’Kommissioun de System, dee mer och der Chamber recommandéieren, méi einfach a méi pratikabel fonnt huet. D’Kommissioun woar och der Meenung, datt dise Projet manner riskéiert, zu Mëssbrauch ze féieren, wéi dem Staatsrot seng Alternativ. Et woaren also 2 grond verschidden Approchen déi der Kommissioun virluchen, de Staatsrod wollt ee plafonnéierten Freibetrag op all Aqisitioun, de Regierungstext huet ee Crédit d’Impôt fir all Acquéreur virgesinn. Aus deenen virdrun schons opgezieltenen Grënn proposéiert Finanzkommissioun der Chamber beim Regirungstext ze bleiwen. Ze soen bleiwt nach datt de Projet rétroactiv op den 7ten Mai applizéiert gett, deen Daag also, wou den Staatsminister an senger Ried beim Etat de la Nation dis Mesüre ugekënnegt haat. Déi virdrunn getätegt Acquisitiounen ennerleien selbstverständlech deem aalen Systhem. D’Enregistrementsverwaltung seet sech prette vir de Remboursement vun der Taxe vir ze huelen fir déi Keef déi nom 7ten Mai getätegt si ginn a wou de Montant dann op deen nei geschaafenen Crédit d’Impôt imputéiert gett.

Voilà, Här President, daat ass deen ee Volet, deen ech haut der Chamber wollt duerleeën. Deen aneren, zu deem ech als Rapporter e puer Explikatioune well ginn, betrëfft déi direkt Applikatioun vum superreduzéierten TVA-Saatz vun dräi Prozent.

De Remboursement vun der TVA

Et ass haut jo esou, datt d’TVA, déi beim Bauen ufällt, mat 15% verrechent get, an d’Differenz tëschent deene 15 an den 3 Prozent vun der Enregistrements-Verwaltung rembourséiert get. D’Zréckbezuele vun der TVA iwert d’Enregistrement’sverwaltung huet sech awer am Verlaaf vun de Joeren derart an d’Längt gezunn, datt Leit haut dacks bis zu zwee an en halleft Joar op de Remboursement waarden mussen .D’Leit déi jo awer, via Gesetz, ee Recht op disen Remboursement hunn, an déi de Montant vun deemselwechten , an hiren finanziellen Iwerléungen schons weiderverplangt hunn, kommen durch esou ee laangen Retard och nach a finanziell Schwieregkeeten oder können eppes, waat se ursprünglech spéider bauen wollten, net bauen.

Déi Réckstänn, déi den Enregistrement an dëser Saach huet, erklären sech zwar duerchaus. Si sinn dorop zréckzeféieren, datt vill Dossieren einfach net komplett oder net korrekt sinn, an datt zum Deel och gefuddelt get bei den Deklaratiounen, déi den Enregistrement esou erakritt. Do muss also ganz vill, seitens der Verwaltung, un deenen Dossierë verbessert a redresséiert ginn, bis se esou virleien, datt effektiv Réckzuelunge kënne gemaach ginn. Trotzdeem sinn déi aktuell Délaiën einfach ze laang.

Äennerungen

D’Regirung proposéiert elo am virleiende Gesetzprojet, beim Ëmbau an Ausbau vu Wunnengen de klenge Saaz vun dräi Prozent direkt op de Keefer ze applizéieren. Den Neibau vu Wunnegten, Liwrungen vun matériaux de construction an Arbechten wou de Montant vun der Rechnung ennert 3000 € ass bleiwen dem System vum Remboursement ënnerworf.Wéi funktionnéiert disen Systhem dann elo an der Praxis. Et ass virgesinn datt den Handwerksmann deen den Embau oder Ausbau oder besser gesoot deen Arbechten an disem Kader mecht , een Devis fir dis Arbechten opställt.

Ass den Client mat disem Devis d’accord scheckt den Handwerker den Devis op d’Enregistrementsverwaltung. Hei gett den Devis formal gekuckt, an e gett mat der Autorisatioun fir herno op der Rechnung dierfen den Taux vun 3% ze applizéieren , zereckgescheckt. Dis Operatioun soll seitens der Verwaltung an engem fir béid Seiten vernünftegen Délais oflaafen. D’Verwaltung ass fir den 1ten November ,deen als mise en vigueur vum Gesetz proposéiert gett, prette.

Well Ëm- an Ausbau awer bei wäitem d’Majoritéit vun den Dossierën ausmaachen, mat deenen den Enregistrement zwecks TVA-Réckerstattung befaasst get, kënnen duerch eng direkt Applikatioun iwert d’Betrieber, vum niddrege Saaz vun 3 Prozent op de Keefer, déi verbleiwend Réckstänn beim Remboursement méi schnell opgeschafft ginn. E puer Méint no der mise en vigueur vum Gesetz missten hei déi éischt Resultater , waat d’Retard’en ugeet, sichtbar ginn.

D’Betriber bezuelen hirerseits nach ewéi vor selwer 15% Prozent TVA op de Produit’en déi se akäfen, a bleiwen hirerseits dem Remboursementssystem iwert hir TVA Erklärung ënnerworf. Si verrechnen nëmmen 3 weider op de Client : doduerch entsteet eng Créance, déi si op d’Verwaltung wärten hunn. Ass TVA Erklärung vun engem Betrieb duerch d’Enregistrementsverwaltung akzeptéiert, kënnt et hei zu engem Remboursement vun der Differenz.

Keng finanziell Engpäss fir de Betrieb

Ech wëll hei nach eng Kéier drop insistéieren, an hunn daat och schon a mengem schrëftleche Rapport gemaach, datt d’Verwaltung sollt versichen, dës Remboursementer un d’Betriber esou séier wéi méiglech oofzewéckelen. Disen neien Projet , Här President, deen en Faveur vum Client ass, därf allerdengs net zu enger Défaveur fir de Betrieb gin. De Projet däerf net zum Ausléiser vun finanziellen Engpäss fir de Betrieb ginn. Daat ass och eng vun den Ureegunge vun der Chambre des Métiers an hirem Avis zu dësem Gesetzprojet. Et woar iwregens deen eenzegen Avis vun enger Beruffschamber war, dee mat Zäit virlouch, sou datt d’Finanzkommissioun dise Avis konnt bei hiren Aarbechte berücksichtegen.

Här President,

Mat deenen zwou Moossnaamen, déi ech elo hei erläutert hunn, an där, déi den Norbert Haupert virgedroen huet get de Paak vun den direkte an indirekten steierleche Mesüren, déi zugonschte vum Wunnéngsmaart zu Lëtzebuerg agefouert ginn, zougeschnéiert. Am Hierscht ass hei an der Chamber d’Orientéirungsdebatt iwert de Logement. Och de Gesetzesprojet 4977 iwert d’aide au logement , an dem Kolleg Mars di Bartholomeo sei Propsition de Loi stinn nach zur Discussioun. Am Kader vun disen Débatten wärten nach weider Mesüren diskutéiert a kommentéiert ginn.

D’Verkrampfung vum Lëtzebuerger Wunnéngsmaart muss geléist ginn. Déi Moossnaamen, déi mer haut stëmmen, an déi incitéieren fir um Wunnengsmoart actif ze ginn, wäerten dozou hoffentlech e spiirbare Beitrag leeschten. Ech géif Iech all oofschléissend bieden, duerfir dësem Projet Äer Zoustëmmung ze ginn.