Eng Sendung op RTL Radio mat dem CSV Deputéierte Nortbert Haupert

Zënter enger Zäit schonns steet d’Problematik vun eisem Wunnengsbau am Zentrum vun der ëffentlecher
Neel mat Käpp am Wunnengsbau

Eng Sendung op RTL Radio mat dem CSV Deputéierte Nortbert Haupert Zënter enger Zäit schonns steet d’Problematik vun eisem Wunnengsbau am Zentrum vun der ëffentlecher Debatt. Dëst obschonns an de leschte Joeren vill Efforte vu Säiten vun ëffenlecher Hand gemeet goufe fir de Bau vun Eegenheemer a Mietwnnengen ze förderen. Esou huet de Stat an de leschten 10 Joer nobäi 950 Milliounen Euro oder 38 Milliarden aler lëtzebuerger Frang un Ënnerstëtzungen u Privatleit fir de Wunnengsbau ausbezuelt.

70% hunn en eegent Heem

Och goufe an de leschten 10 Joer zu Lëtzebuerg 28.000 nei Wunnengen gebaut, an haut hu bei eis am Land ongeféier 70% vun de Leit en eegent Heem a méi wéi 90% vun de Stéit liewen an enger Wunneng vun 3 oder méi Zëmmer. Trotz all deene schéinen Zuele gëtt et bei eis am Land Leit, déi fir sech an hier Kanner keng uerdentlech Wunneng fannen. A fir déi besteet en eschte Problem, an duerfir déi Opregung, well an engem räiche Land wéi Lëtzebuerg, et keng Leit méi dierfte ginn déi net iwwer eng uerdentlech Wunneng verfügen.

Aktiounsprogramm fir de Wunnengsbau

De Problem vun eisem Wunnengsbau situéiert sech op 2 Pläng: deem vun der Deierescht vun engem Eegenheem, déi besonneg duerch d’Explosioun vun de Präisser vun de Bauplazen entstan ass, an dem Plang vun de Mietswunnengen, däer der net genug um Maart ze fanne sinn, well den Investissement an de Logement Locatif net rentabel genug ass. Fir de Wunnengsbau erëm nei ze dynamiséieren huet den zouständege Minister Fernand BODEN en Aktiounsprogramm opgestallt. Dëse Programm begräift ënner anerem, d’Erstelle vu Bauterrainreserven, steierlech Erliichterungen, d’Bedeelegung vum Stat un de Gemengeninvestissementer déi duerch d’Schafe vu grousse Wunnzonen verursacht goufe, an d’Aféiere vun enger Statlecher Garantie locative.

Steierlech Moossnamen

A senger Déclaratioun zu der Lag vun der Natioun huet de Statsminister Jean-Claude JUNCKER déi steierlech Moossnamen, fir déi hie verantwortlech ass, präziséiert. Et sinn dat zäitlech begrenzte Steiererliichterunge vu bis zu 75% op der Realisatioun vu Plus-Valuen beim Verkaaf vun Immeublen an Terrainen. Si solle, während 3 Joer, d’Propriétairen incitéieren hier Terrainen ze verkafen. Doduerch soll d’Offer an d’Luucht goen an d’Präisser vun de Bauplazen miisste gebremst oder esouguer gedréckt ginn. Wat d’Rentabilitéit vum Investissement an d’MietWunnengen ubelaangt, esou hängt déi haaptsächlech vun der Besteierung vum Loyer of. Hei huet de Finanzminister proposéiert fir den Taux d’amortissement accéléré vu 4 op 6% ze erhéigen an d’Period während déer deen Taux applizéiert ka ginn vu 5 op 7 Joer ze verlängeren.

An de Grëff kréien

Weider gi Weeër gesicht fir d’TVA-Logement méi schnell zeréckzebezuelen. De nidderegen TVA-Saz soll a verschidde Fäll direkt vun dem Entrepreneur verrechent ginn. Wat den Droit d’Enregistrement op dem Uschafe vun enger Wunneng ubelaangt, esou soll an Zukunft all Jonggesell e Steiercredit vun 20.000 Euro an eng Koppel ee vu 40.000 Euro kréien. Mat eiser Regierung hoffe mer, datt dës Moossnamen gräife wärten an datt mer doduerch de Wunnengsmaart erëm an de Grëff kréien.