Interventioun vum Lucien Clement

Här Präsident, Dir Dammen, dir Hären, Am Moment profitéieren déi Lëtzebuerger Betrieber nach emmer vun engem relativ gudde wirtschaftlechen Emfeld. Och wann
Interventioun vum Lucien Clement (CSV)

am Kader vun den Debatten iwert den Etat de la Nation am Joor 2002 (15/05/2002)

– et gëllt daat geschwaate Wuert –

Här Präsident,Dir Dammen, dir Hären, Am Moment profitéieren déi Lëtzebuerger Betrieber nach emmer vun engem relativ gudde wirtschaftlechen Emfeld. Och wann de Wirtschaftswuesstem am Joer 2002 héichstwahrscheinlich zolidd méi niddreg ausfällt, wéi an de Joere virdrun, ass en bäi eis zu Lëtzebuerg nach emmer méi héich, wéi an deenn meeschte Länner vun der Europäischer Unioun. Op der anerer Säit hunn mir awer keng Garantie, datt et eis wirtschaftlech emmer esou gudd geet, wéi bis elo. Dofir ass et néideg a wichteg schons haut d’Zukunft fir muer an iwwermuer virzebereeden. Périoden vu groussem wirtschaftlechem Wuesstum musse fir Investissementer an d’Zukunft genotzt ginn. Et geet drem fir eisen Wuelstand op lang Siecht ofzesecheren. Daat brengt mat sech, datt déi gudd ékonomesch Situatioun zu Letzebuerg ennert aanerem och dozou genotzt muss ginn, fir verschidden Aarten vu Betrieber ze stärken oder nei opliewen ze loossen an domatter den Secteur vun den PME weider auszebauen. Dës Strategie muss am Senn vun enger gréisserer Diversifizéierung an enger méi nohalteger Entwécklung vun eiser Wirtschaft duerchgefouert ginn. Ech well dowéinst op d’Noutwendegkeet vun enger op laang Zäit ausgeriichtener Politik hiweisen. Et kann an däerf een sech net nemmen op een oder zwee Pilierën an der Wirtsschaft verloossen. An menger Ried well ech mech, wéi ech daat nach bal all Joer bei diser Geleenheet gemacht hunn, mam Handwierk a mat de Kleng- a Mëttelbetrieber beschäftegen. Niewt de P.M.E well ech awer ooch een Deel vu meiner Interventioun fir d’Landwirtschaft an de Wäibau réservéieren. Déi leescht Jooren huet d’letzebuerger Handwierk relativ gudd Resultater op ze weisen. D’Handwierk ass, wéi mer all wessen, a wéi mer et och emmer erem heibannen soen, een vun den Haappilierën vun der Lëtzebuerger Ekonomie. Ech well daat un e puer Zuelenbeispiller beweisen. Et ginn am Moment zu Letzebuerg ongeféier 4.300 Handwierkerbetriber. Daat maachen 25 Prozent vum Gesamttotal vun den letzebuerger Betrieber aus. D’Handwierkerbetrieber beschäftegen iwwer 54.000 Mataarbechter, wat 20 Prozent vum Total vum Emploi ausmecht. Sie erwirtschaften 23 Prozent vum nationalen Räichtum. Am Moment ass et esou, datt een groussen Deel vun den Aarbecherter an der Groussregioun rekrutéiert gett. An der Zweschenzéit ass den Deel un Auslänner op 81 Prozent gestiegen. An aneren Wierder 8 vun 10 Handwierker, déi hei zu Lëtzebuerg schaffe sinn Auslänner. Leit also, déi entweder an eisem Land wunnen oder awer Grenzgänger sinn. Am Zesummenhang mat engem Débat iwert ee populatiounsméisseg méi grousst Lëtzbuerg, well ech och op déi wichteg Roll vum Handwierk als Integratiounsfakteur hiweisen. Waat d’Zukunft ugeet ass d’Handwierkummer optimistesch. Sie schwätzt vun gudden wirtschaftlechen Wuesstumsméiglechkeeten, esou wuel hei ewéi och an der Groussrégioun. Déi rezent a awer och zolidd Steierreform kënnt de Betrieber ze goud a rechtfertegt disen Optimismus. Bal néirgens an Europa ass daat steierlecht Emfeld esou gënschteg ewei hei zu Lëtzebuerg. Een vun den Haaptakzenter vum J-Cl-Juncker seiner Ried läit jo op der Dynamiséierung vun der Wunnengspolitik. Den Programme d’action Logement an dem Staatsminister sein Déklaratioun hunn eng ganz Rei vun Mesuren an disem Domaine virgesinn. D’Handwierksbetrieber, an besonnesch den Bausekteur, wäerten zum Deel subsidiaresch, och vun disen Mësuren profitéieren. Trotz däer positiver Situatioun an trotz gudden Perspektiven däerf een awer net an Euphorie verfaalen. D’Handwierk kennt och eng Rei vun Problemer. Ech well op dess Problemer hiweisen. Een Haaptproblem ass den feelenden Nowuess am Handwierk. Emmer méi Patronen kloen iwwert een Manktum un qualifizéierten Aarbechtskräften, deelweis feelt et esouguer schons vun onqualifizéiertem Personal. Betieber drecken hir Besuergniss aus, datt den Lëtzebuerger Aarbechtsmaart schons méi laang un sengen Limiten ukommen ass, waat daat qualifizéiert Personal betrefft. Och den Réservoir u Personal an der Groussrégioun ass net onendlech, a wäert geschwenn erschöpft sinn. Den Output vum klassischen dualen Ausbildungswee Schoul plus Betrieb ass ze kleng fir eng richteg Regénératioun vun der Handwierkerbranche secher ze stellen. Bei den Léierkontrakter dreckt den Schong ganz besonnesch. Ech hunn d’Zuelen aus dem Annuaire statistique 2001 vun der Chambre des Métiers ennert d’Lupp gehuelt. Wann een d’Jooren 1999 an 2001 mateneen vergléicht, sind d’Zuelen vun den Léierkontrakter vun 687 op 562 Unitéiten zreckgangen. Esou een Reckgang ëm méi wéi 120 Kontrakter ass substantiell. An deene zwee leeschten Joer sinn 345 Léierplaazen net besaat gin. Aus desen Zuelen schléissen ech, datt gewessen Problemer bei der Léier bestinn. Et muss een sech also d’Frô stellen fir waat sech emmer manner jonk Leit fir eng Léier an engem Handwierkerbetrieb entscheeden. Ech mengen dofir get et zwee Haaptgrënn. Een éischten Grond ass, datt nach ëmmer een zimlech négativt Image vum Handwierk, een négativt Bild daat awwer guer net berechtecht ass. Déi Jugendlech kréien ganz oft vun hiren Elteren ofgeroden sech fir een Handwierk ze entscheeden. Si ginn och ganz oft falsch oder guer net beroden. Et stellt een fest dat Discussioun op der Place publique iwert d’Handwerk sech ganz dax op e puer négativ Aspecter beschränkt, ewéi zum Beispill d’Failliten oder dee béisen Patron deen sein Arbechter ausbeut, an där gleichen nach méi. D’Schoulen droen meiner Meenung no och nach net an engem ausreichenden Mooss dozou béi, fir déi Jugendlech an een Handwierkerberuff ze orientéireren. Leider ass et esou, datt no schouleschen Messerfollecher, eng Léier als wirklech déi lescht Méiglechkeet ugesinn gett. Daat ass Här President vun der Approche hir eng total verkéiert Astellung. Et muss een déi jonk Leit zur Zeit motivéieren op een Handwerk ze goen an eng Léier ze absolvéieren, a net eréischt wann si schons e puer schoulesch Echecker hanner sech hunn. Da feelt och hinnen all Motivatioun. An eisen Schoulen muss et also zu enger nach besserer a méi fréier Orientatioun kommen. D’Léier an engem Handwierkerbetrieb muss als positiv Alternativ zu aaneren Studien ugesinn gin. An deem Kontext sollen d’Schüler gewisen kréien, datt een Handwierkerberuff Spass mecht an datt esou een Beruff och gudd Zukunftsperspektiven huet. Ee Selbststännegen mat gouder Ausbildung, an een dee Freed u seiner Arbecht huet, an deen och nach gäre schafft huet mat Secherheet eng gesond a réel Zukunftsperspektiv. Esou eng Sensibilisatioun kann een zum Beispill duerch Schnupperkursen erbeiféieren. D’Schnupperkursen, déi schons zum Deel bestinn mussen regelméissech duerchgefouert gin a virun allem musse se obligatoresch sinn, an daat am beschten schons vun den Primärschoulklassen un. Doduerch können sech d’Schüler een Bild maachen, waat fir een Handwierkerberuff hinnen am meeschten Spass mecht, respektiv fir waat fir eng Sparte sie am meeschten Talent hunn. Et gëllt hei Projéten ewei ” Entreprise à l’école ” ze ennerstetzen. An esou Initiativen mussen esou wuel d’Léierpersonal ewéi d’Schüler selwer, gleichermoossen intégréiert gin. Een zweeten Grond firwaat net genuch Jugendlecher eng Léier maachen, ass meiner Meenung no, well eng Léier finanziell net schrecklech attraktiv ass. Bis elo ass et esou, datt een während der Léier vill manner wéi den Mindestloun verdéint, ongeféier d’Halschend. Dee Jugendlechen, Jong oder Meedchen, ass no der officieller Schoulpflicht mat der Frô konfrontéiert , waat machen ech elo. Machen ech eng Léier an engem Betrieb, wou de Loun ongeféier 50-60% vum Mindestloun ass, oder verséichen ech eng Platz an engem Betrieb als non-qualifié ze fannen, wou de Mindestloun garantéiert ass. Jonk Leit, déi beim beäntwerten vun diser Frô vun doheem oder vun der Schoul keng oder bal keng Ennerstetzung kréien, hu sech ganz séier fir dee finanziell kurzfristeg besseren Job entscheed, a géint déi finanziell manner goud, mee à longue vue besser, Léierplatz. Aus desen Grenn muss een versichen fir d’Léier finanziell méi attraktiv ze gestalten. Et muss een no Modeller sichen, déi et den Léierbouwen an den Léiermeedercher erlaaben fir op den Niveau vum Mindestloun ze kommen. Daat soll awer net alleng zu Laaschten vun den Betrieber goen, déi d’ Leit ausbilden. Dis Betrieber investéieren jo schons ganz vill Zeit an d’Formatioun vum Léierbouf oder Meedchen, wouzou se sech jo och kontraktlech engagéiert hunn. Ech mengen hei misst onbedengt no neien Solutiounen geséicht ginn. Viru Joere huet d’Chambre des Métiers zesummen mat seine Membren sech engagéiert vir d’Offerte vun Léierplaazen zolidd ze augmentéieren. Daat ass hinnen exemplaresch gelongen, mee d’Resultat vun hire Beméihungen woar méi oder wéineger négativ. Firwaat négativ, mee well een ganz Reih vu Léierplatzen net besaat goufen. Déi lescht 2 Joar, ech hunn et agangs schons gesoot woaren daat der ronn 345. Ee Lichtbleck stellt deen am Kader vum PAN Gesetz geschaafenen Apprentissage pour Adultes duer.Hei sinn an deem leschte Joar 74 Kontrakter zum Ofschloss komm. Mee bei disen Kontrakter kennt et duerch divers Mesüren awer och zu eem verstännege Lounausgleich, deen net zu Laaschten vum Betrieb ass. Mir hunn hei zu Lëtzebuerg, Här President eng ganz Reih vun arbechtsmoartpoliteschen Moossnahmen, fir deene Leit ze hëllefen, déi keng Arbecht hunn oder deenen, déi au moins Schwieregkeeten hunn fir eng Arbechtsplaatz ze fanne. Ech denken hei virun allem un déi Programmer, déi d’Pan-Gesetz virgesäit, un den Objectiv Plein Emploi oder un de Pro Activ. Alles Mesüren, deenen hir Ziel oder deenen hir Finalitéit ech hei net well a Fro stellen an schons guer net well kritizéieren. Mee et muss een awer feststellen, datt all dis Programmer praktesch a cent pourcents vun der öffentlecher finanzéiert ginn. Also ass d’Frô erlaapt, probéiere mir hei net Päerd vun hannen op ze zäumen. Ech erkläre mech. Huet dee jonke Mensch, op seinen Arbechtsplatzen als non-qualifié échouéiert, da gett duerno mat villen öffentlechen Gelder probéiert him eppes bäizebrengen. Et gett probéiert him eng Grondformatioun als Steemetzer, Usträicher oder Platteleeër ze ginn, an en esou als eenegermoossen qualifizéierten Arbechter op den Arbechts- Marché zereck ze brengen. Ech sinn där Meenung, datt en Deel vun disem Geld, waat do ass fir déi eenzel Programmer ze finanzéieren, méi fréi, beim Apprentissage also misst agesaat ginn. 345 Léierplatzen sinn net besaat, doriwwer muss een sech Gedanken maachen, an et muss een sech froen firwaat a wéisou, an et muss een no Léisungen séichen. Ech hunn hei zwee Virschléi gemaat .Deen éischten ass, nach méi Efforen an der Schoul machen fir d’Handwierk ze valoriséieren. Deen zweeten ass, onbedengt d’ Léier finanziell méi lukrativ ze gestallten, siew et duerch eng monatlech staatlech Hellef op der Päi oder eng Subventioun als Prime bei bestaanener Geselleprüfung. Alternativ wieren och déi zwéin Modeller uneneen gekoppelt denkbar. Daat Här President si perséinlech Virschléi an ech wier frou wann d’Regierung an dis Richtung giff Iwerleeungen féieren. Een weideren Problem ass den héigen Altersdurchschnett vun den Patronen. An ongeféier 1.500 Betrieber sinn Patroen méi aal wéi 50 Joer. Mee well et wéineg Léierbouwen gett, gett et och herno net vill Gesellen an duerno net vill Patroen an dofir ass et ganz schwéier fir een geeegneten Nofolger fir den Betrieb ze fannen. Dowéinst ass um Niveau vun der Chambre des Métiers eng Bourse d’Entreprise geschaafen ginn, déi déi verschidden Akteuren zesummenbrengt. No mengen Informatiounen fonktionnéiert dess Bourse ganz gudd. Zeng Entreprisen konnten schons vermettelt ginn , a baal 200 Kontakter konnten hirgestallt ginn. Daat ass séier positiv, mä et geet eleng awer net duer fir d’Iwerliewen vum Handwierk secherstellen ze können. A senger Déklaratioun huet den Staatsminister eng zousätzlech Solutioun proposéiert fir, entre autres, den Mangel un Aarbechtskräften Meeschter ze ginn. D’Regierung well den Aarbechtsmaart opmaachen fir Leit aus den EU-Béitrettslänner. Ech well daat hei ausdrecklech ennerstetzen, well d’Rekrutementsméiglechkeeten heiheem ewéi an der Groussrégioun bal erschöpft sinn. Net nemmen d’Handwierk kann vun deser Immigratioun profitéieren, mä och aner Sekteuren wéi zum Beispill d’Landwirtschaft an d’Betrieber aus der Horesca können hei rekrutéieren. An desem Kontext ass et wichteg, datt een disen Leit d’Méiglechkeet gett fir d’Lëtzebuerger Sprooch können ze léieren. Hei musse déi néideg Programmer zur Zeit stoen, wéi a wou esou Couren sollen ofgehaalen ginn. Et muss ee Modell fonnt ginn, den net exklusiv zu Laaschten vun den Betrieber geet. Et ass klor datt d’Betrieber bei esou enger Formatioun mussen hellefen. Si si jo och mat Secherheet drun interesséiert dat hir Matarbechter der letzebuerger Sprooch mächteg sinn. Mä och den Staat ass hei gefuerdert a muss sein Beitrag leeschten. Hei ass eng enk Zesummenaarbecht an een offenen Dialog zweschent der Privatwirtschaft an dem Staat néidech, fir e Wee ze fannen deen gangbar ass a wou all Bedeelegt, de Salarié, de Betrieb, an de Staat herno dervun profitéieren können. Här Präsident, dir Dammen, dir Hären, een zweeten groussen Problem ass deen mangelnden Unternehmergeescht hei zu Letzebuerg. D’Chambre des Métiers schwätzt vun enger Null-Risiko-Mentalitéit. Esou falsch ass déi Feststellung net. Wann een den internationalen Vergläich zitt, ginn et zu Letzebuerg relativ wéineg Leit déi bereet sinn, eng eegen Entreprise ze grennen an sech domat selbststännech ze maachen. Am Joor 2001 sinn hei zu Letzbuerg 164 Handwerksbetrieber nei gegrennt ginn, waat menger Meenung no relativ wéineg ass. Vill Letzebuerger entscheeden sech léiwer fir eng secher an geregelt Aarbechtsplaatz. An aneren Wierder, si ginn vill léiwer bei den Staat, eng Gemeng oder bei eng Bank schaffen. Waat sinn d’Ursaachen fir desen Zoustand? Een Grond ass secherlech d’Angscht virum Risiko. Et ass besonnesch d’Angscht virun dem finanziellen Ruin, den duerch eng Faillite ausgeléist ka ginn, wann de Betrieb net esou réusséiert ewéi de Grënner sech daat virgestallt huet. Et muss een leider feststellen, datt an denen leeschten Joere d’Zuel vun den Failliten emmer méi héich ginn ass. Am Joor 2001 sinn 733 Failliten gesprach ginn. Daat sinn der vill, vill ze vill, an et dréit ganz secher net dozou béi fir den Image vum Entrepreneur ze verbesseren, beziehungsweis fir d’Leit ze motivéieren een Betrieb ze grennen. Dowéinst sinn ech frou, datt den Justizminister intensiv un enger Reform vum Faillitenrecht schafft. Ech hoffen jhust, datt dess Reform esou séier wéi méiglech op den Instanzenwee geet an a Kraft trett. Ech well mech dann awer nach méi am Détail mat den Failliten beschäftegen. Eng Bemerkung zum Ist-Zoustand fir eweg. Déi Failliten déi mir hunn sinn meeschtens, oder glecklecherweis meeschtens däer , déi relativ wéineg Salariéen betreffen. Dowéinscht si si an deene meeschte Fäll weitestgoend keen dramatesche soziale Problem. Et geet meeschtens net em Beschäftechter, déi hir Arbechtsplatz verléieren. Gesellschaften, déi eng Faillite Komme loossen, weil se zum Beispill mat enger héiger TVA-Schold net méi kënnen oder net méi wëllen eens ginn, brengen domat de Staat em Steiergelder, déi him zoustinn. Also musse mir Mettelen a Wéer fannen, fir dis Astellung ze änneren an domat d’Landschaft vun de Failliten hei zu Letzbuerg ze verbesseren. De Staatsminister huet d’lescht Woch Moossnahmen ugekënnegt, duerch déi jonk Betrieber ee Steck méi Leeschtungsfähegkeet solle verschriwe kréien. D’Verduebelung vum Mindestkapital fir Sàrl-en an SA-en brengt mat sech, datt déi, déi nach gegrënnt ginn, iwer méi Finanzmëttelen verfügen an d’Loft hinnen manner séier ausgeet. Et wärten der heiwéinst wahrscheinlech awer och e puer manner gegrënnt ginn. Wann daat genee déi sinn, déi souwisou net viabel gewiescht wieren, erfëllt d’Moossnahm hiren Zweck. Desweidere soll wéi schons gesoot d’Qualificatioun vun de Gesellschaftsgrënner duerch spezifesch Formatiounen verstärkt ginn. Prinzipiell ass daat ee goude Usaatz, deen elleng awer net zum Ziel féiert. Déi konkret Réalitéit vu villen Failliten ass nämlech déi, datt an deene meeschte Fäll ze spéid agegraff gett, wann et engem Betrieb schlecht geet. Vill Betrieber geroden a schlecht Déicher, weil hir Geschäftsiddi vun ufangs un, am Fong net déi richteg woar, a weil se dax ze fréi ze vill Personal agestallt hunn, a weil se eng all ze liichtfankeg Approche zum Bezuele vu soziale Kotisatiounen a Steieren hunn, ech schwetzen hei vun der Lounsteier. Alles daat zesummen ass méiglech, an et ass ganz dacks net d’Schold vum Patron eleng. Vill Manager vu klenge Betrieber liewen, wann hire Business net funktionnéiert, nämlech praktesch ouni Pai, a kucken awer irgend wéi iwert d’Ronnen ze kommen. Bei esou engem Exercice verschölden se sech dann awer iwwert d’Mooss. Datt grad d’Sozialkeessen haut iwwerhaapt keen Humor méi dofir hunn, an no e puer Méint Reckstänn , den Diirwiechter schecken, ass bekannt. Et ass och nach falsch derbei. An déi, déi wëssen, waat de Besuch vun engem Diirwiechter matzen am Betrieb a Präsenz vun den Beschäftegten fir eng Erniddregung si kann, déi wëssen och, datt dise Besuch also mat allen Mettelen vermidden gi soll. Et si genee d’Sozialkeesen an d’Steierverwaltung, déi fir d’alleréischt gesinn a mat kréien, datt e Betrieb net esou dréit, wéi e sollt. D’Kotisatiounen an d’Oofféierung vun der Lounsteier, grad ewéi d’Bezuelen vun der TVA, sinn déi éischt Elementer, déi net méi klappen, wann eng Gesellschaft a schlecht Déicher kënnt. D’Verwaltungen gesinn daat. Aplaatz dann ze woarden, bis et guer net méi geet, sollten si méi fréi Alarm schloen. Si sollten hir Informatiounen notzen, fir de Patron vun esou engem Betrib ze informéieren, datt sech eppes bei him muss änneren. An si sollten domat derfir suergen, datt de Betrieber, an domat de betraffenen Leit ka gehollef ginn, eiér et ze spéid ass. Domat wier ech dann bei der Gestion controlée. Dest Instrument gëtt hei zu Letzbuerg bei weitem net genoug genotzt. Et ass awer daat waat bei weitem am beschten geeegent wier, fir Failliten ze verhënneren, soulaang nach eppes ze retten ass. Wann deen éischten Diirwiechter sech op de Wee mecht, ass et bal an alle Fäll fir eng Rettung vum Betrieb schons ze spéid. Vun deem Moment un heefen sech d’Optretter vum Diirwiechter, mee dem Betrieb geet et vun do un net méi besser. Wann ee Betrieb 2 Méint bei de Keesen a bei de Steieren hannen dran ass, muss et dozou kommen, datt et eng Ulaafstell gett déi dofir do wier, fir de Patron komme ze loossen a fir mat him iwert sei Betrieb, sein Méiglechkeeten a sein Virstellungen ze schwetzen. Dann kann een nach zwee oder drei Méint mat enger méi aschneidender Interventioun woarden, wa sech no disem Gespréich weist, datt et mat dem Betrieb nees biergop geet. Wann daat net de Fall ass, muss esou séier ewéi méiglech de Patron ee Gestionnaire zur Seit gestallt kréien, deen de Betrieb a méi roueg Gewässer ka féieren. Daat d’Ganzt muss ennert der Prämisse geschéien, datt eng Faillite emmer déi leschten, an mat Secherheet déi schlechsten Léisung ass. D’Gestion controlée ze verstärken an op Grond vun Interventioune vun de Verwaltungen un d’Rulle kommen ze loossen, ass eigentlech een onproblemateschen Exercice.D’Verwaltungen wëssen jo souwisou, wéi et em e Betrieb steet, an hautdesdaag gett och de Failliteriichter et ganz séier gewuer, an no der Publicatioun vum Jugement d’ganzt Land. All Patron hätt mat Secherheet léiwer, éier et hei zou kéim, bléiw d’Wessen em den Zoustand vu seim Betrieb op e puer Persounen begrenzt, déi hirerseits d’Aufgab hätten, him ze hëllefen. Egal wou déi Leit vun der Gestion controlée ugesiddelt sinn si mussen selbstverständlech engem secret professionnel ennerleien. Si géifen vun der Verwaltung ageschallt, an dee ganzen Exercice bléif eng Dreiecksrelatioun teschend dem betraffenen Betrieb, de concernéierten Verwaltungen an dem Gestionnaire. Op dis Manéier kënnten secherlech vill Failliten verhënnert ginn. E Paton deem sein Iddi eben neischt gett, verschëllt sech haut perséinlech Hals iwer Kapp, fir sein Affär awer nach irgend wéi ze retten, och wann et objectiv neischt méi ze retten gëtt. Hien denkt awer an esou enger prékärer Situatioun net objektiv. Och him hätt eventuel gehollef könne ginn , wann éischter agegraff gi wier. Hien ass ganz oft an esou enger Situatioun, am falsche Moment ze stolz an ze verbruet , fir een Echec an der fraier Wirtschaft anzegestoen. Een zweeten Grond fir den mangelnden Unternehmergeescht sinn Problemer, déi haapsächlech vun finanzieller Natur sinn, bei enger Betriebsgrennung. Wann een e Betrieb grennen well, bedeit daat een groussen finanziellen Engagement. An aneren Wierder brauch een Startkapital. Wann een zum Beispill eng Bäckerie oder eng Schreinerei opmaachen well, bedeit daat een Investitiounsvolumen vun zirka 350.000 – 500.000 Euro. Daat ass substantiell. Vill Leit hunn dess Suen net selwer, sie kréien dess Suen och net ewéi daat fréier mol de Fall woar vun hirer Famill zur Verfügung gestallt. Och d’Banken sinn méi viersichtech ginn an scheien den finanziellen Risiko. Domat stellt sech fir déi potentiell Entrepreneuren d’Frô, wou sie daat néidecht Startkapital opdreiwen können. Am Moment ginn et niewt den staatlechen Hellefen haaptsechlech zwou Strukturen, déi den Leit ennert d’Ärm gréifen. Et sinn daat d’SNCI an d’Mutualités de cautionnement vum Handwierk an vum Handel. Ech si frou fest ze stellen , datt elo endlech och S.N.C.I hirem Rôle beim Bereedstellen vun Risikokapital oder Capital de démarrage gerecht gett. Elo sinn et net nemmen méi Kapitalgesellschaften déi heivunner kënnen profitéieren .Och d’Handwerksbetrieber déi en Nom personnel funktionnéieren , hunn elo Zougang zum Capital de démarrage. Ech hu selwer hei diser Tribune X-mol op dis Ongerechtegkeet higewisen, elo ass se aus der Welt geschaaft, et kënnt dem Handwierk ze goud. Daat zweet Instrument beim Startkapital sinn d’Mutualités de Cautionnement vum Handwierk an vum Handel. Hei huet den Staat d’Méiglechkeet fir finanziell un eventuellen Verloschter ze participéieren, déi bei Risiko- Kautionnementer entstin, wellech d’Mutualitéiten hiren Membreren accordéieren. No mengen Informatiounen ass vun deser Méiglechkeet nach nie oder bal nie Gebrauch gemach ginn, sou datt Krediter, déi den Staatsbudget viergeséit, och nach nie genotzt ginn sinn. Hei ass d’Frô erlaabt fir waat datt déi Krediter nach nie gebraucht ginn sinn. Et scheint mir Onkloarheet doriwer ze bestoen, waat fir eng Betrieber ennert dess Législatioun faalen, bezeihungsweis waat fir weider Konditiounen erfellt mussen sinn, zum Beispill um Niveau vum Dossier, deen an den Ministère eragereecht muss ginn. Ech riichten dofir een Appelle un d’Regierung, fir déi néidech Reglementer hei vir ze léen. Den Droit d’établissement, gett reforméiert. D’Wirtschaft ass am Embroch. Déi nei Technologieen maachen hir Dieren fir nei Aktivitéiten op, mä sinn hunn awer och Konsequenzen fir déi méi traditionnell wirtschaftlech Aktivitéiten. Vill Akteuren aus der Politik an der Wirtschaft sinn der Iwerzeegung, datt déi bestehend Gesetzgebung veraalt ass, an datt si den Réalitéiten net méi Rechnung dréit. Ech erenneren drun, datt den aktualiséierten Akitiounsplang fir PME vum leschten Joar eng Reform vum Droit d’établissement, viergeséit. Si kennt a si ass wichteg fir d’Betrieber. Een weideren wichtechen Punkt ass d’Plaaz vum Handwierk an der Informatiounsgesellschaft. D’Chambre des Métiers- huet annoncéiert, datt sie am Kader vun “e-Letzebuerg” d’Konzept vum “e-Handwierk” emsetzen wellt. Den Internet muss fir hir Memberen eng interaktiv Informatiounsquell bidden. Daat bedeit ganz bestemmt eng Valeur ajoutée fir d’Betrieber. Här Präsident, a leschten Volet vun menger Ried well ech dann nach kurz op d’Landwirtschaft an den Wäibau agoen. An der Déklaratioun vun der leschter Woch huet den Staatsminister zwou Initiativen ugekennecht. Hien proposéiert d’Erhéigung vum landwirtschaftlechen TVA Forfaitstaux vun 8 op 9 Prozent. Heizou wier ze soen, datt d’Chamber schons lescht Joar eng Motioun gestemmt haat , déi an déi Richtung gung. Desweideren haat sech d’Finanzkommissioun am Kader vum Projet de Loi ,wou et drem gung vir den Taux de TVA vun de Spretzmettelen erop ze setzen, d’Regirung op gefuedert no Compensatiounsméiglechkeeten ze séichen, fir disen Akommesverloscht op ze fänken. Mat dem Staatsminister seiner Ukennegung den Taux Forfaitaire ze héigen sinn dis Fuederungen Réalitéit ginn. Weiderhin wäert sech d’Regierung géint d’Aféierung vun enger europäischer Wäisteier, déi den letzebuerger Wäibau pénaliséieren géif, wieren. Dis zwou Ukennegungen sinn ze begréissen an ze ennerstetzen sie erliechteren denen koncernéierten Akteuren bestemmt d’Liewen. No laangen zéihen Discussiounen ass et dem Fernand Boden gelongen déi dräi Partenairen op der Musel, d’Vinsmoselle, de Wäinhandel an de Privatwenzer un een Desch ze kréien. Ech drecken mein Hoffnung aus datt d’Iddiien an d’Konzepter déi dise Comité elo entweckelt , derzou beidroen wärten , fir d’Positioun vum letzebuerger Wäin, hei heem ewéi am Ausland ze stärken. Oschliessend well ech nach e puer Bemierkungen zur Déklaratioun iwert d’Joor 2001 maaachen, wou den Staatsminister ugekennecht haat, datt d’Regierung den Biolandbau förderen well. Déi Méiglechkeet ergett sech duerch daat neit Agrargesetz. Ech mengen awer, datt een den Baueren den Biolandbau net virschreiwen soll. Et ass hinnen onméiglech fir hir Produktiounsstrukturen kurzfristech emzestellen. Biolandbau jo, mä awer op fréiwellecher Basis. Wann d’Baureren desen Wee aschloen wellen, dann muss a soll den Staat sie dobei ennerstetzen. Letzendlech décidéieren d’Gesetzer vum Marché, daat heescht d’Nofrô an d’Offer, den Prozentsatz vum Moartundeel vun der Biolandwirtschaft. Den Konsument muss bereet sinn, e puer Centimes méi fir Bioprodukter, ze bezuelen. Esou wuel am traditionnellem Secteur ewéi an der Bioproduktioun ass een zevill groussen Drock op d’Préisser net gudd fir d’Liewensmettelsecherheet. Esou een Préissdrock ass den Nährboden fir Liewensmettelkrisen. Daat ass ewéi ech et schons erwähnt hunn net nemmen wouer fir déi konventionnel Agrarprodukter, mä och fir d’Bioprodukter. Ech hunn virun e puer Wochen eng daitsch Bio- Zeitschreft am Grapp gehaat, wou op der éischter Seit een Ausschnett aus enger Ried vun där grenger Agrarministesch der Mme Künast ze liesen woar. Ech hunn awer wou ech weider dra gebliedert hunn, meinen Aen net getraut, a net schlecht gestaunt wéi ech op där leschter Seit eng Reclame gelies hunn ” Bioprodukter zu Niedrigstpreisen”. Daat , dir Dammen an dir Hären dierf a kann net Ziel sinn, wann een Biolandwirtschaft förderen well. Mee Här President et ass awer mat Secherheet Konsequenz dervun wann een d’Landwirtschaft mat finanziell lukrativen Programmer op esou eng Schinn lackelt. Ech mengen, datt een net nemmen op d’Biolandwirtschaft setzen soll. Déi konventionnel Landwirtschaft huet och hir Dasseinsberechtigung a wärt se och behaalen. Dofir plaidéieren ech weider fir eng doppelgleisech Politik: d’Biolandwirtschaft muss durch adéquat Begleitmoossnahmen begleed ginn an déi konventionnel Landwirtschaft muss esou liewensmettelsecher, wéi nemmen méiglech, gemaach ginn.

Ech soen merci fir d’Nolauschteren