D’Zukunft geet eis all eppes un!

Eng fräi Tribün vum CSV – Generalsekretär Jean-Louis Schiltz op 100,7.
D’Zukunft ass voll amgang.

D’Zukunft, daat ass haut, muer an iwwermuer.E Land, wou villes gutt fonktionnéiert, e Land wou ët ville Leit gutt geet, muss et sech och selwer wäert sinn, iwwert seng Zukunft ze diskutéieren. D’CSV huet dësen Defi säit enger ganzer Zeit schons erkannt. Esou hu mer zum Beispill am Hierscht 2001, 17 Biergerversammlungen iwwert d’ganzt Land organiséiert. Bei dëse Versammlungen konnten d’CSV-Responsabel mat den Interesséierten iwwert d’Fro vun der Zukunft vum Land diskutéieren. Déi Versammlungen stungen ënnert dem Motto “Horizont 2020”. Et ass eis doremmer gaangen Pisten opzeweisen, wéi dëst Land sech könnt bis d’Joër 2020 weider entwécklen. Et ass eis awwer virun allem dorëmmer gaangen fir de Leit hiren Suergen an Ängsten am Kader vun dër Diskussioun ze begéinen. Mir hunn eis Diskussiounen duerno an der Partei weidergeféiert, nach ëmmer virum Hannergrond “Horizont 2020”. Eise Kongress am Abrëll vun dësem Joer stong och ënnert dem Zeeche vun der Zukunftsdiskussioun, daat nom Motto “Haut schaffen u muer denken”. D’Mobilitéit an d’Landesplanung stongen ganz kloer am Mëttelpunkt vun der Resolutioun, déi mer op dësem Kongress verabschied hunn. Et geet drëm fir ze kucken, wéi d’Gesicht vu Lëtzebuerg am Joer 2020 wäert ausgesinn. Daat huet mat Wunngéngsbaupolitik ze dinn, de Regiounen vum Land nei Chancen vun hirer Entwécklung ze ginn. ­ Ech wëll hei nëmmen d’Stechwierder “Industriebroochen” an “Nordstad” erausdsträichen. Lëtezbuerg am Joer 2020, dat ass awer och d’Fro wéi Lëtzebuerg sech an der Groussregioun integréiert a wéi dës Groussregioun evoluéiert. Lëtzebuerg am Joer 2020, dat ass awer och d’Fro vum Mateneen am Joer 2020. Lëtzebuerg huet bis dato eng gudd a réusséiert Integratiounspolitik opzeweisen, an dat soll och an deene nexte Joeren esou weidergoen. An deem Zesummenhang könnt d’Fro vun der duebler Nationalitéiet op, an och d’Fro vum Wahlrecht op lokalem Niveau vun den Nët-Lëtzebuerger. 2020, wann d’Prognosen stëmmen ­ an dat ass gewëss nach lang nët ëmmer de Fall ­ 2020, wéi gesoot, wärte mer zu 520.000 amplaz 470.000 Awunner haut sinn. Dat ass keen Drama. Wäit gefeelt. Dat ass eng Augmentatioun vun der Populatioun ëm ronn 10% iwwert 20 Joer. Et geet drëm, d’Land op d’Defiën vu muer ze preparéieren. “D’Liewensqualitéit an d’Qualitéit vum Zesummeliewen: ronderëm des Grondnotiounen muss mer d’Politik ausriichten.” Daat hat de Premier Jean-Claude Juncker a senger Ried zur Laag vun der Natioun gesoot. An dat virum Hannergrond vum Horizont 2020. “Haut schaffen ­ u muer denken”. Ennert deem Motto wäerte mer d’Diskussiounen iwwert d’Zukunft vum Land um Horizont 2020 weiderféieren. Mir als CSV freeën eis op jidder Fall op déi weider Diskussiounen. Et geet jo ­ nët zuleescht ­ bei däer Diskussioun ­ an deene Projetën a Realisatiounen, déi dorausser wärten erfirgoen ­ nët nëmmen ëm eis selwer, mee virun allem och ëm eis Kanner an deenen hir Kanner.