Du jamais vu!

Wann eng pensionnéiert Riichterin net zéckt, fir viru laafende Kameraën d’Hausfraën – alleguer a pauschal! – als liddereg ze bezeechnen, dann ass daat e staarkt Stéck. Eigentlech onerhéiert u sech. Wa se dann zu allem Iwwerfloss awer och nach mengt, dës Frae kéinte jo awer kee Respekt verlaangen, a si kéint héchstens Matleed mat en hunn, da leeft d’Faass definitiv iwwer. Wien ass déi Fra, fir sech sou ongehéierlech Jugementer ze erlaaben? Datt si selwer mengt, si wir eppes Besseres wéi Leit, déi sech ëm hir Famill an hire Stoot këmmeren, daat sief hier och nach zougestaanen – mee da wannechglifft net op RTL! Datt awer grad eng Juristin, eng Fra, déi misst eppes vum Recht vun all Mënsch op Unerkennung a Respekt géigeniwwer vu senger Persoun verstoen, hei d’Hausfraën zu mannerwäertege Mënschen deklaréiert, daat ass eng onbeschreiwlech Frechheet. Déi 75.000 Fraen hei am Land, déi vun hir veruurteelt goufe, konnten sech nämlech net wieren. Si hate keen Äentwertrecht a Präsenz vun däer Fra, déi se do denigréiert huet. A si hunn esou Gemengheeten net verdingt! Et gëtt Beruffer, déi een nëmme schwéier ka mat der Famill op d’Rei kréien, an all déi Fraen, déi an esou enger Situatioun sinn, verdingen eise Respekt. Verschidden aner Beruffer maachen dës Kombinatioun méi einfach, an och Fraen, déi sou e Beruff an eng Famill hun, verdinge Respekt. An déi, déi sech ausschliesslech ëm hire Stoot këmmeren, verdingen och Respekt. Net méi an net manner, mee grad a genee esou vill wéi déi aner! Well de Respekt dem Mënsch geschëld as, an net der Aarbécht, dem Verdingscht oder der sozialer Stellung. Voilà. Wien esou eng einfach mënschlech Wourecht net kann akzeptéieren, dee soll sech vu Mikroën a Kameraë wäit ewechhalen!