Reaktionär?

Reaktionär ass eng Politik, déi vun enger herrschender Klass bedriwwe gëtt, fir fortschrëttlech Usäz an der Gesellschaft ze erstécken. Reaktionär sinn Moossnamen, déi wëlle verhënneren, datt sech Fortschrëtt deet, datt et weider geet an enger Gesellschaft, datt et de Leit soll besser goen. Reaktionär huet de Jean Asselborn et genannt, datt d’CSV um Rentendësch 3.000 Frang pro Kand a pro Mount fir all Mamm duerchgesaat huet, déi hir Kanner groussgezunn huet. Abee! De Sozialistechef huet eng gelungen Opfaassung vun deem, waat reaktionär ass. Hien als ale Klassekämpfer misst wëssen, datt eng materiell Besserstellung vun dausende Fraën hei am Land net reaktionär ka sinn. Obwuel ee beim Jean Asselborn souwisou dacks net weess, op e Wierder, déi e benotzt, och selwer versteet – ausser natiirlech Mumpitz a Quetschekraut… D’CSV huet duerchgesaat, datt d’Erzéiungsleeschtung vun de Fraën hei am Land eng finanziell Unerkennung fënnt. Doriwwer sinn mir frou an houfreg, a mir sinn dervun iwwerzeecht, datt dës Moossnam fundmental richteg a gerecht ass. Wann awer den Här Asselborn, an aner Exponente vu sénger Partei, an och nach e puer Grénger, heiran eppes Reaktionäres wëlle gesinn, da musse se daat maachen. Et ass keen Zeeche vu politescher Intelligenz, wann een an d’Mattekëscht vun de Klassekampfbegrëffer muss gräifen, well engem einfach keng verstänneger Argumenter géint eng bestëmmte Saach afalen. Mee wien de Ball net méi geréit, de spillt alt de Mann…