Politik fir d’Fraen: Fair Rente

– Ried vum CSV-Fraktiounspresident op RTL am Kader vun der Emmissioun “Fräi Tribün” –

Dir Damen an dir Hären Déi zoustänneg Chamberkommissioun ass de Moment am Gang de Gesetzesprojet iwwer d’Beschless vum Rentendësch ze analyséieren. Dir wësst, datt um Rentendësch eng ganz Rei vu Verbesserungen vun de Renten am Privatsektor zreckbehalen goufen, ennert anerem och, an datt huet äis als CSV besonnesch um Häerz geleeën, spiirbar Verbesserungen vir déi kleng Renten.

Awer eng vun de Propositiounen vun der CSV war nët um Rentendësch zreckbehale ginn, well praktesch jiddereen sech géint des Propositioun am Kader vum Rentendësch gewiert huet: Et war dat CSV-Propositioun fir de Fraen a Mammen eng Erzéiungspauschal vun 3000.- Frang pro Kand beim Antrett an d’Rent ze bezuelen.

Mir waren a mir sinn als CSV der Meenung, datt jiddfer Fra, déi een oder méi Kanner gebuer huet an dës Kanner erzunn hunn, d’Recht op eng Unerkennung fir hir Erzéihungsleeschtung huet.

An des Unerkennung soll folgendermossen ausgesinn: ? All déi Fraen, déi berufstäteg sinn, sollen fir all Kand zwee Joer supplémentär Cotisatiounen an hirer Pensioun ugereechent kréien, wat Minimum 3 000.-Frang pro Kand an hirer Pensioun weider mecht.

? An all déi Fraen, déi net berufstäteg woren oder sinn, sollen beim Antrëtt an de Pensiounsalter 3 000.- Frang pro Kand kréien. Speziell vir déi zig dausende vu Fraen, déi an deene leschten 20, 30 a 40 Joer dacks ennert ganz schwierigen Emstänn hir Kanner doheem erzunn hunn, déi keng Méiglechkeet haten fir schaffen ze goen, déi nët konnte profitéieren vun deenen ville Méiglechkeeten an Infrastrukturen, déi haut vum Staat an de Gemengen zur Verfügung gestallt stinn, speziell fir dës vill Fraen handelt et sech bei de Propositioune vun der CSV em reckwierkend Gerechtegkeet fir hieren Asatz fir d’Kanner, an dommader déi ganz Gesellschaft.

Well eis Propositiounen net um Rentendesch akzeptéiert goufen, huet d’Regierung décidéiert eis Virschléi fir d’Fraen dach emzesetzen, a se iwwer de Wee vum Staatsbudget ze finanzéieren.

Besonnesch d’Familljeministesch, d’Madam Marie-Josée Jacobs huet hei Drock gemaach a sech energesch fir d’CSV-Virschléi agesaat. Elo läit ee Gesetz do, wat also d’Ausdeenung vun de Babyjoeren op all beruffstäteg Fraen virgesäit, an déi 3 000.-Frang fir déi net berufstäteg.

A nodeems dat CSV-Viirschléi vir d’Fraen lang a vun villen kritiséiert an zum Deel bekämpft goufen, wellt elo beemol jiddereen de Papp vun dëse Viirschléi sinn.

Tatsaach ass, datt d’Fro vun den Babyjoeren vun deene meeschten Parteien an hiren Programmer opgegraff gouf. Tatsaach ass awer och, datt d’Propositiounen vun deenen 3 000.- Frang aleng vun der CSV kënnt.

Mé, wichteg ass en fin de compte net dat parteipolitischt Gestreits, wichtig ass fir eis vun der CSV, datt mer eppes zoliddes gemach hunn fir déi zéng dausenden vumMammen, déi, op an der Vergangenheet oder haut, sech em d’Erzéiung vun eise Kanner këmmeren an domatter däer ganzer Gesellschaft een Dengscht leeschte, deen nei mat Suen ka bezuelt ginn.

Lucien Weiler CSV-Fraktiounspresident