Intervention de Monsieur Lucien CLEMENT, Membre de la Commission spéciale “Plan d’action national en faveur de l’emploi”

Projet de loi n° 4763 portant révision de la loi du 12 février 1999 concernant la mise en oeuvre du plan d’action national en faveur de l’emploi 1998

Intervention de Monsieur Lucien CLEMENT, Membre de la Commission spéciale “Plan d’action national en faveur de l’emploi”

Här Präsident, Dir Dammen an dir Hären, Als alleréischt wëll ech dem Marcel GLESENER fir seng Aarbecht als Rapporteur merci soen. Hien huet op eng explizit Aart a Weis a seim schrëftlechen wéi och a seim mëndlechen Rapport den virléienden Projet de loi présentéiert an kommentéiert, esou datt ech just nach a puer Bemierkungen zum Gesetzesprojet wäert maachen.

D’Recht op eng Aarbecht ass bei iis an der Constitutioun verankert. Eng abstrakt Garantie geet hei awer net duer. Den Esprit vum europäischen Sommet vu Lëtzebuerg woar et iwwert dest déclaréiert Recht eraus ze goen. Memberstaaten vun der EU sin obgefuedert gin, iwwert den Wee vun nationalen Beschäftegungspläng, konkret Mossnahmen ze hollen fir dest Recht praktesch ze verwirklechen, esou ze soen fir et ” en musique ” ze setzen.

D’EU-Länner goufen incitéiert sech fir eng méi aktiv Beschäftigunspolitik anzesetzen. Hei goufen haaptsächlech zwee Objektiver viséiert.

1) d’Entreprisen méi konkurrenzfäheg ze maachen, se besser op nei Evolutionen firzebereeden.

2) Virun allem awer nei Aarbechtsplaazen ze schaafen. D’Rechter an D’Bestriewungen vun den Aarbechter sollten dobäi respektéiert gin, an net beschnidden gin.

Dis Objektiver sollten un éischter Stell durch eng méi modern Aarbechtsorganisatioun réaliséiert gin. Een Arbechtsorganisatioun déi esou wuel de Betrieber ewéi och de Salariéen entgéint komme sollt. Et ass haut eng Tatsaach, datt d’Flexibiliséierung vun der Arbechtszeit ee séier wichtegt Instrument vun eiser Beschäftigungspolitik gin ass.

Nom Akrafttriedden vum PAN-Gesetz den 12 Februar 1999, ee Gestz waat u sech jo ee Mammoutgesetz as, konnt een ganz séier feststellen dat verschidden Dispositiounen vum Gesetz, zou Interpretatiouns- an zou Applicatiounsproblemer Ulass gin hun, besonnesch déi, déi sech op d’Aarbechtsorganisatioun bezun hun. Ech denken hei un d’Iwerstonnen, un Définitioun vun der Notioun ” imprévisible”, un de Contenu vum Pot, an esou weider.

Et ass relativ séier kloar gin, datt d’PAN-Gesetz sech misst op verschiddenen Punkten enger Révisioun ënnerzéihen wëll, d’Emsetzung sech net grad esou vollzun huet, wéi et erhofft gin woar. Hei wiélt ech nach eng Kéier drop hinweisen, datt méng Fraktion sech vun Ufangs un, vun deem Moment un, wou déi éischt Interprétatiounsproblemer sech bemerkbar gemaat hun , fir eng Nobesserung vun den Texter vum PAN-Gesetz agesaat huet.

An desem Kontext ass dësen Projet de loi och ze gesinn, deen als Ziel huet en Deel vun den Onkloarheeten aus der Welt ze schaafen an ze éliminéieren.

Wou den zoustännegen Minister, den Här Biltgen de Projet an der Kommissioun virgestallt huet, huet den Honorabelen Här Lux e besselchen lakonesch gesoot, “der Berg gebahr eine Maus”.

Entweder wollt hien domatter soen dat déi eenzel Proposen him net weit genouch giffe goen , oder de Volume vun deem Proposéierten woar him einfach net grouss genouch. Daat , Här President , kann ee gesin ewéi ee wëll. Ech sin éischter där Meenung, et soll een hei an esou engem sensiblen Domaine éischter nom Motto ” step by step ” légiféréieren, esou ewéi daat hei och gemaat gett.

Esou as et méiglech datt mir, mee virun allem d’Sozialpartner déi de Gros vum Accord ausgehandelt hun an och droen, schons Léieren aus deenen prakteschen Erfahrungen zéien konnten. An jhust déi Conclusiounen a Léieren huet et gegollen hei em ze setzen. Besser nemmen e puer Moossnahmen , déi herno och d’Strooss haalen, emsetzen, ewéi een all ze grousse Paak , deen sech herno an der Praxis als net machbar erweist.

Ech sin iwregens der Meenung , Här President , datt de Rôle vun der Chamber sech am Prinzip drop beschränke soll, fir en Encadrement vun den Décisiounen vun den Sozialpartner hir ze stellen. D’Politik soll hei deen gesetzlechen Kader stellen , ouni awer domatter déi néideg Freiheeten an ze engen, déi nun eemol Sozialpartner brauchen bei hiren Verhandlungen. As de Spillraum grouss genouch, kënnt et ganz dax zu innovanten Modeller waat d’Flexibiliséierung an d’Arbechtszeitgestalltung uginn. Modeller déi op där eener Seit dem Betrieb ze goud kommen, ouni awer op där aanerer Seit fundamental Rechter vum Salarié ze beeinträchtegen.

Ganz dax sin et esou guer kleen Betrieber déi hei mam goude Beispill vir ginn. Patron as nun emol net gleich Patron. Ech giff mer wënschen, Här President, datt wann een iwer Betrieber oder iwer Patroen schwätzt, heibannen an och soss wou, datt deem Ennerscheed och Rechnung gedroen giff. Et kann an därf een net, wann een iwert Sozialpartner discutéiert, de Patroe, dee mat 3-4 Leit schafft mam Patroe Arbed gleich stellen, oder an daat selwecht Deppen geheien.

Ongleich Betrieber mussen ongleich behandelt gin.

An deene meeschten klengen Handwerksbetrieber as et ganz dax esou, datt de Patroe och de Kolleg vum Salarié as. Si schaffen praktesch de ganzen Dag mat eneen, discutéieren och zesummen iwert hir Problemer, a sin ganz dax méi flexibel waat d’Arbechtszeitregelung ugeet , ewéi mir iis daat hei bannen virstellen kënnen. An esou kleene Betrieber gett et dofir och séier wéineg gerichtlech Ausenaanersetzungen. Hei gett schons dax daat praktizéiert, an ouni groussen Opwand wouriwwer mir hei am Gaang sin ze légiféréieren.

Well awer ewéi schons gesoot ee grousse Betrieb anescht funktionnéiert ewéi een kleen Entreprise muss d’Gesetz klor den Kader fixéieren an dem d’Akteuren sech bewegen kënnen.

D’PAN-Gesetz huet et firdeg bruecht de Spagat tëschend der Flexibilitéit vun der Arbechtszeit, waat eng Fuerderung vun den Entreprisen as, an besseren Aarbechtskonditiounen vun den Salariéen, waat eng Fuederung vun den Gewerkschaften as, ze maachen. Et as wichteg datt Verhandlungsfreiheeten, déi, déi eng esou goud ewéi déi aaner brauchen, erhaale bleiwen , an net op ee Minimum reduzéiert gin sin. Hei meenen ech bleiwt also nach Sput fir jiddfereen.

D’Modifikatiounen déi de virléienden Projet mat sech bréngt, wäert d’Balance tëschend der Flexibilitéit déi de Betrieb brauch, an der Sécherheet, déi dem Salarié zousteet, optimiséieren.

1. D’Méiglechkeet fir eng Entreprise tëschend enger Referenzperiod vun 4 Wochen an enger vun engem Mount ze wielen stellt kéng substantiel Modifikatioun vum PAN-Gesetz duer, mee ass an meinen Aen ganz positiv ze bewerten. Dis Optioun mécht de Functionnement vun den Betribber wesentlech méi einfach, besonnesch déi, wou den informateschen System de Mount an nët d’Woch als Rechenreferenz vun der Aarbechtszäit an der Rémunératioun hëllt. Dis Betribber brauchen an Zukunft keng ministériel Autorisatioun méi unzefroen wéi dat bis haut den Fall woar. Een Prozedur déi, schwéierfälleg an unsënneg woar gett also mat disem Projet éliminéiert.

2. Den Gesetzesprojet préciséiert ganz deitlech den Inhalt vum POT waat och als positiv ze bewerten ass, firun allem aus des Siicht vun dem Aarbechter. Dis Précisioun stellt fir hien eng gréisser Garantie duer. Mat der Ausnahm vun engem Imprévu, muss d’Aarbechtsorganisatioun vir all eenzelnen Aarbechter am Kader vun enger Referenzperiod, déi normalerweis 4 Wochen oder ee Mount ass, am POT festgehalen gin.

Den Projet de loi gesäit och d’Méiglechkeet vir, den POT duerch den horaire mobile ze ersetzen.

Dës Mossnamm dréit der Praxis Rechnung, an spiegelt Organisatiounsmodeller ërem, déi haut schons fir vill Betribber an hir Salariéen, eng Réalitéit sin. Ech denken do virun allem un gréisser Entreprisen, un den Banken- an Assurancensecteur, déi den horaire mobile schons seit längerer Zäit agefouert hun.

Dem Salarié sein Grondrechter gin och hei respektéiert a bléiwen och héi erhaalen. Den Règlement intérieur muss genau préciséieren wéi den Iwwerschoss, respectiv den Defizit vun Stonnen zum Schluss vun der Referenzperiod, gehandhabt get.

Disen Modell vun Aarbechtsorginatioun huet och den Virdeel dem Salarié d’Méiglechkeet ze gin sein Aarbechtszäit ze organiséieren en fonction vun sengen Aarbechtscontrainten an vun seinen Bestriewungen.

3. Dat néit Gesetz verbessert och d’Kommunication vum POT. Hei kënnt et zu enger Reduzéierung vun der Zuel vun negativen Avis’en vun 4 op 2 .Avis’en déi néideg sin fir d’Conciliatiounsprozedur an d’Weer ze leeden am Fall vun enger Ménungsverschiddenheet waat de Pot ugeet, tëschend dem Patron an der Personaldélégatioun.

Den Projet de loi gesäit ausserdem nach vir, datt d’Demande fir eng Ausdehnung vun der Refenzperiod iwwert 4 Wochen oder e Mount eraus, motivéiert soll sin. Eng Moossnahm déi esou wuel dem Betrieb ewéi och seinen Employé’en vu Virdeel si kann. Den Employeur muss iwregens esou wuel d’Servicer ewéi d’Personal préciséieren déi vun dëser conventionnéierter Referenzperiod betraff sin. Fest ze haalen as hei datt esou een Referenzperiod op kee Fall awer iwert 12 Méint eraus goen kann.

4. Een vun deenen gréisseren Applicatiounsproblemer vum PAN-Gesetz gouf et um Niveau vun der Flexibilitéit vum POT.

D’Flexibilitéit vun der Aarbechtsorganisatioun ass een vun denen wichtegsten Aspekter vum PAN-Gesetz. Den Fuederungen vun den Entreprisen sech méi rationnell an effikass kënnen ze organiséieren fir besser op Fluctuatiounen vum Marché ze réagéieren ze kënnen, as iwwert den Wee vun méi Flexibilitéit bei der Arbechtsorganisatioun, Rechnung gedroen gin. Et ass seit dem Akrafttriedden vum PAN-Gesetz enger Entreprise méiglech während enger gewëssener Period sein Personal esouwuel am Dag wéi an der Woch méi lang wéi 8 Stonnen, respektiv 40 Stonnen schaffen ze loosen ouni datt dës Stonnen als Iwwerstonnen bezechend kënnen gin. Dëst natierlech ënnert der Konditioun datt d’Stonnen am Kader vun där légaler oder conventionnéierter Referenzenperiod prestéiert gin. All Stonn déi iwwert disen Kader eraus geet gëllt als Iwwerstonn, oder et sief sie ass am Kader vun engem Imprévu préstéiert gin.

D’Gesetz vum 12. Februar 1999 huet d’Notioun vum Imprévu, respektiv vum Imprévisible agefouert, méi ouni disen Begreff méi genee ze définéieren, waat postwendend fir Interprétatiounsschwieregkeeten gesuergt huet.

Et woar net einfach sech op eng Définitioun ze eenegen, déi esouwuel den Fuerderungen vun den Salariéen wéi deenen vum Patronat Rechnung dréit. D’Gewerkschaften hun gefoart den Imprévu géif esou vague an generell définéiert gin, datt d’Definitioun sech op all méiglechen cas de figure applizéieren kënnt. Fir d’Patronsvertrieder sollt d’Définitioun vum Imprévu den Betribber Méiglechkeet gin op Fakteuren déi nët virauszegesinn woaren, besser réagéiren ze kënnen, an dementsprechend sollt dann och Définitioun net ze restriktiv interprétéiert gin.

Définitioun déi am Projet festgehaalen gouf, an déi weder ze laxistesch nach ze restriktiv ass, kënnt der Définitioun vun der ziviler Jurisprudenz no. Si stellt en néit a goud Beispill vun Kompromess duer tëschend den Exigenzen vun den Betrieber, déi méi Flexibilitéit fuederen, an der Sécherheet vun den Aarbechter.

5. Eng anner Modifikatioun déi der Wert ass erfirgehueven ze gin, ass déi ,déi sech op d’Pausen bezéiht.

D’Gesetz gesäit an senger aktueller Versioun fir, datt all Salarié deen méi wéi 6 Stonnen den Dag schafft eng Pause vun 30 Minuten ze goud huet.

Vill Betribber kënnen sech net un déi Exigenz telle qu’elle haalen, wëll dat fir sie en fundamentalen Wiessel an der Aarbechtsorganisatioun mat sech bréngen giff . Dat ass de Fall fir all Betribb wou fortwährend geschafft muss gin.

D’strikt Applikatioun vun den Dipositiounen vum aktuellen Gesetz huet als Konsequenz dat verschidden Betrieber, ech denken hei speziell un kléng Commercen mat engem oder nemmen e puer Salarié’en, mussen irgendwann während eener gewesser Zeit zoumaachen. Ganz dax as awer eng Schléissung ondenkbar.

Den virléienden Projet gesäit just fir, datt d’Salarien déi iwwert 6 Stonnen pro Dag schaffen Recht op eng oder en puer Pausen hun. D’Auteuren vum Projet de loi hun nach eng Kéier am Commentaire des Articles dorobber hingewiesen, datt all Pausen déi no der éischter ufaalen, also vun där zweeter un, bezuelt mussen gin. Dëst geet ausserdem ganz kloar aus dem Artikel 5 §3 vum Gesetz vum 9 Dezember 1970 iwwert Aarbechtsdurée vun den Aarbechter esou wuel am privaten ewéi am öffentlechen Secteur erfir.

Här Präsident, Dir Dammen an dir Hären, Ech kommen zum Schluss vun menger Ried. Ech hoffen datt déi punktuell Verbesserungen vum PAN-Gesetz, d’Objektiver nach besser wäerten erfëllen, an zou eener besserer Verstännegung innerhalb de Betrieber bei droen wärten. Ech woarden gespaant op deen éischten Bilan iwert all déi Mossnammen déi 1999 am Kader vum PAN-Gesetz agefouert gin sin. Wann dis Zuelen um Desch leien kann ee sech bestemmt besser ee Gesamtbild maachen. Ech sin haut schons iwerzeecht dat de Wee deen ageschloe gouf dee richtege Wee woar, an datt de Bilan och dementsprechend positiv ausfaale wärt.

Fir of ze schléissen wëll ech dann och nach den Accord vun der C.S.V. Fractioun brengen, déi selbstverständlech hannert dësem Projet de loi steet.

Ech soen eech merci.