Mobilitéit zu Lëtzebuerg, e schwieregen Dossier

Eng fräi Tribün vun der Parteipräsdentin Erna Hennicot-Schoepges op 100,7 _ Léif Nolauschterer, Mobilitéit ass een Thema, deen dës Regierung an de leeschte Wochen a Méint intensiv diskutéiert huet. D’CSV wëll des Problematik ugoen andeems kuurz,- mëttel -a langfristeg Aktioune geplangt ginn. Op jidde Fall wëlle mer an dëser Regierung alles maache, fir datt déi respektiv Projeeën och schons esou wäit sinn, datt et net méi geet wéi mam BTB, nämlech datt eng next Regierung erem frësch mat plangen muss ufänken. Den öffentlechen Transport spillt ganz secher eng wichteg Roll an enger Gesellschaft, wou déi allermeeschte Leit nët méi do wunne, wou se schaffen.

Dezentraliséierung muss awer och viru gedriwwe ginn, an d’CSV steet duerfir an, datt de Norden vum Land beim Plangen nët vergiess gëtt.

Leeschte Enns brauche mer awer och ee performant Stroossennetz, dat eis un d’Ausland ubënnt, dat och déi intern Mobilitéiet sëchert. Kee steet gär mueres am Stau – well wa mer vu Mobilitéit schwätzen, dann denke mer jo all fir d’éischt un déi Zäiten, wou de Verkéier nët leeft. Et ass nun emol esou, datt ausser an de Spëtzestonne jo eigentlech et keng gréisser Problemer op eisem nationale Stroossereseau gëtt.

Eng iwwergeuerdnet Planung muss natiirlech all betrafflech Ministären un een Desch bréngen, well nëmmen esou kënne mer verhënneren, datt laanschteneen geschafft gëtt. D’CSV huet an hirem Walprogramm eng Mobilitéitszentral versprach, a mer sinn och haut nach ëmmer der Meenung, datt fir méi Mobilitéit ze garantéieren, z.B. d’Implantatioun vu neie Betrieber matt an d’Iwerleeungen agebanne sollt ginn.

Esou kann et nët sin datt an enger Geméng wou elo schons d’Verkéierssituatioun schwiereg ass, nei Betrieber autoriséiert ginn ouni datt och mat de staatlechen Instanze gekuuckt gëtt, wéi dann d’Leit dohinner schaffen kommen. Och d’Gemèngen hun eng Responsabilitéit, an et ass sech et ziemlech einfach gemaach, wann all Biergerinitiative vun hirer Geméng Recht kritt fir géint all nei Strooss ze sinn, ouni Rücksicht op dat, wat dann eventuell beim Noper geschitt.

Den Auto ass natiirlech dem Lëtzebuerger sei léiwste Kand, an wann och den öffentlechen Transport fir 14% vun den zréckgeluechten Kilometer hun benotzt gëtt da bleiwen bei den 1,2 Milliounen Trajeën, déi an engem Dag stattfannen nach vill Kilometer, déi mat privaten Auto gefuer ginn. 29% vun all dësen Deplacementer sinn fir op d’Aarbecht ze kommen, 40% fir Freizeitgestaltung.

Een sougenannt integréiert Verkéiers- a Landesentwécklungskonzept kurz IV2L genannt, deen de Ministär vum Aménagement du Territoire an Optrag gin huet, soll de Problemer vernetzt analyséieren. Dat heescht awer nët, datt an der Tëschenzäit de Stëllstand soll antrieden.

D’CSV ass allerdéngs der Meenung, datt nët nëmme Stroossebau an öffentlechen Transport de Mobilitéitsproblem kenne léisen.

Et gëlt och emol nees nei Konzepter préiwen, wéi et se an aanere Groussstied gëtt. Mer denken do z.B. un d’Opfangparkingen an Fahrgemeinschaften, an un eng aktiv Gestioun vum Traffic. Eng belsch Zeitung huet z.B. déi Initiative vum Cita-projet hei zu Lëtzebuerg geluett, déi per SMS den eenzelnen driwer informéiert wéi de Verkéier op eisen Autobunnen leeft.

Et géif nach vill Beispiller an deem dote Beräich fir opzezielen. Zum Schluss awer nach eng Bemierkung. Mobilitéit ass och eng Fro vu Mentalitéit zu Fouss goen gëtt schon de Kanner ofgewinnt – well déi gi jo zu engem groussen Deel mam Bus oder Privatautoën an d’Schoul gefouert. Wa jiddereen stur u senge Gewunnechte festhällt. Wa jiddereen nëmme säi Problem kuuckt an all nei Strooss refuséiert, gët, da wäerte mer enges Daags an e ganz geféierlechte Reformstau kommen, deen all Entwécklung an eisem Land vu vireran onméiglech mécht.

(aus enger Radioemmissioun op 100,7 mat der Parteipräsidentin Erna Hennicot-Schoepges)