D’Steierreform 2002: manner Steiere, nach méi Gerechtegkeet

D’Steierreform 2002: manner Steiere, nach méi Gerechtegkeet Aus de Ried vum CSV-Deputéierte Norbert Haupert an der Châmber

D’ Steierreform, déi mer haut hei discutéieren verfollegt eng Rei Objectiver.

D’Haaptobjectif vun der Reform ass ouni Zweifel d’Steierlaascht vun de Steierzueler eroofzesetzen an daat aus verschidde Grënn: 1. fir d’Steieren de Besoiën vun eiser Budgetspolitik unzepassen; 2. fir de Leit hier Kaafkraaft ze verbesseren an doduerch entweder de Konsum ze steigeren oder d’Spueren an den Invest ze förderen; 3. fir den Entreprisen méi Beneficer zeréckzeloossen, fir datt se iwwer de Wee vun dem Autofinanzement nei Investissementer kënnen vierhuelen.

En zweet Objectif vun der Reform besteet doran fir d’Commercialisatioun vun neie Produkter vun der Finanzplaatz, iwwer de Wee vu steierlechen Incentive besser ze begleeden.

Drëttens soll d’ Reform déi steierlech Landschaft vu Lëtzebuerg esou gestalten, fir datt eist Land an Zukunft den Ufuerderungen vun der golbaliséierter Wirtschaft gerecht ka ginn.

E véiert Objektif vun der Reform besteet an der Upassung vun eisen Texter un d’Vierschrëfte vun den europäeschen Direktiven, an awer och an der Verbesserung vu verschidden Dispositiounen déi fir méi Tranparenz a méi Kloerheet bei der Applicatioun vun den Gesetzer bäidroe soll.

Schlussendlech sollt duerch dëse Projet d’Organisatioun vun der Steierverwaltung reforméiert ginn.

E wichtegt Ziel vun der Steierreform ass demno d’Steierreduktioun.

Fir d’Steierlaascht vun de Leit an de Betriber ze reduzéieren gëtt ët véier Manéieren: o de Steiertarif ze senken; o verschidden Ausgaben steierlech oofsetzbar ze machen oder deementspriechend Abattementer vierzegesinn; o verschidden Revenuën ganz oder deelweeis vun der Steier ze entbannen; o d’Imputatioun op d’Akommessteier vu Steieren, déi un der Quell zeréckbehaal ginn.

Déi éischt Manéier fir d’Steieren roofzesetzen ass déi, fir den Tarif ze senken. Hei gesäit d’Reform eng Rei Verbesserungen vier. Fir awer de reellen Impakt vun der Reform vum Tarif ze ermiessen, muss een a Betracht zéien, datt den Tarif an zwou Etappen oofgeännert gouf, wouvun déi éischt d’lescht Joer viergeholl ginn ass.

Aus der Kombinatioun vun denen zwou Ennerungen ergëtt sëch: – datt de steierfräie Revenu vun 270.000 Frang op 393.000 geklomm ass; – datt den Agangssteiersaatz am Vergläich zum Joer 2000 zwar vu 6% op 8% eropgesaat ginn ass, awer par rapport zum Joer 2001 eng Baisse vu 14% op 8% opweist; – déi verschidden Steiersätz op denen eenzelnen Tranchen si linear ëm 6 prozent Punkte gekierzt ginn; – de Spëtzesteiersaatz ass vu 46% op 38% eroofgesaat ginn; – d’Fourschett vun de Steiertranchen ass vu 69.000 Frang op 66.561 kompriméiert ginn.

Mat Ausnahm vun der leschter Moossnahm droen all déi aner derzou bäi, datt ab 1. Januar 2002 vill manner Steiere bezuelt ginn wéi dat virun engem Joer nach de Fall war.

Wat dat steierfräit Mindestakommes ubelaangt esou muss e bemierken, datt de Montant vun 393.000 Frang dat Akommes duersstellt, vun deem un eréicht Steiere berechent ginn d.h. daat Akommes wann d’Forfaiten fir Werbungskäschten, fir Deplacementer, fir spezial Ausgaben an den “abattement compensatoire”fir Lounempfänger ofgezu sinn. Déi muss een awer dobäirechnen fir dat wierklecht steierfräit Akommes festzeleeën.

Am Vergläich zum Joer 2000 sinn déi Forfaiten an Abattementer duerch d’Aféiere vum Euro vun 78.600 Frang op 81.000 Frang erhéicht ginn. Doduerch ass dat reellt steierfräit Akommes dat am Joer 2000 nëmmen 348.600 Frang war op 474.600 Frang an d’Luucht gesaat ginn, wat enger Verbesserung vun 126.000 Frang oder 36% entsprëcht.

En anert Beispill ass dat vun enger bestuete Koppel, déi zesummen schaffe geet, an 2 Kanner à charge huet.

Déi fängt eréischt bei engem Monatsakommes vun iwwer 145.000 Frang un Steieren ze bezuelen. Haut bezillt déiselwecht Koppel nach 76.000 Frang Steieren d’Joer. Dës zwee Beispiller ennerstäiche mat Nodrock den sozialen Aschlag vun dëser Tarifrefrom.

Och op denen méi héije Revenuën gët d’Steierlaascht wesentlech eroofgesaat. Dat huet als Konsequenz: 1. datt héich qualifizéiert Leit, mat héijen Akommesusprëch, déi eis Economie och brauch, incitéiert kënne ginn fir op Lëtzebuerg schaffen ze kommen; 2. et ass awer och en Encouragement fir all déi Leit, déi bereed sinn eppes méi ze schaffen wéi den Duerschnëttsbierger, an ët fördert esou den Initiativgeescht an den Esprit d’entrepreneur.

Eng zweet Méiglechkeet d’Steierlaascht ze reduzéieren ass déi, fir verschiddenen Ausgaben steierlech oofsetzen ze kënnen resp. en deementspriechenden Abattement anzeféieren oder, wa schons ee besteet, deen ze erhéijen. Op deem Plang fanne mer an der Reform folgend Propositiounen: 1.an der Zukunft soll ët méiglech sinn d’Beneficer mat de Verloschter vu verschidde Revenuën aus Kapitalverméigen ze kompenséieren; 2. de Plafong vun de Cotisatiounen déi am Kader vun enger Assurance Prévoyance-Vieillesse kënnen oofgesaat ginn, gët wesentlech erhéijt; 3. den Abattement extraprofessionnel soll an Zukunft op d’bestuete Leit wou déi zwee Partner e liberale Beruf ausüben ausgedehnt ginn; 4. d’ Steierermässegung fir Renten, déi ee sengem geschetene Partner bezuele muss, gët op all Divorcen ausgedehnt.

Wat d’Compensatioun vun de Perten aus Revenuë aus Kapitalverméigen ubelaangt, esou muss ee bemierken, datt dës Compensatioun nëmmen intern an der Catégorie vun dem Akommes aus Kapitalverméigen ka geschéien, awer nët mat Beneficer aus aneren Akommescategorien. Et besteet eng Ausnahm zu där Regel, an zwar déi vum Associé-gérant, dee säi Familjebetrib ënner der Form vun enger Kapitalgesellschaft féiert, deen eng staark Bedelegung an deër Gesellschaft huet a dee säin Haaptakommes aus sénger Aktivitéit an deër Gesellschaft bezit. Dee kann déi Fräën, déi him aus der Beschafung vu senger Participatioun entstan sinn, ganz vu sengen aneren Revenuën oofsetzen. Eng Mesür also zu Gonschte vun de Kleng- a Mëttelbetriber.

Wat den Abattement extraprofessionnel ubelaangt esou muss ee nach ervierhiewen, datt de Projet och eng Verlängerung vum Abattement während dräi Joer, nodeems ee vun de Partner nët méi berufstäteg ass, viergesäit.

Op d’Cotisatiounen vun enger Assurance Prevoyance-Vieillesse kommen ech spéider nach zréck.

Dat sinn déi Moossnahmen, déi am Sënn vun enger Steiererliichterung agefouert ginn. Aaner Moossnahmen am Beräich vun den Abattementer ginn an déi aner Richtung doduerch, datt d’Abattementer reduzéiert oder éliminéert ginn. Dozou gehéiert den “Abattement pour investissement mobilier” besser ënner der Bezeechnung “loi Rau” bekannt. Deen Abattement, deen säin Ziel d.h. den Investissement vun de privaten Erspuernisser a Lëtzebuerger Betriber ze förderen, nët erreecht huet, sollt progressiv iwwer eng Period vun 2 Joer oofgeschaft ginn. Déi Mesur gouf staark krisitéiert, esouguer vun dene Leit, déi nach viru kuerzem fir esou eng Oofschafung agetruede sinn. Well d’Regierung awer d’Suergen vun engem schnellen Ausstiig aus der loi Rau fir d’Lëtzebuerger Bourse gedeelt huet, huet se proposéiert de “phasinng out” vun 2 op 3 Joer ze verlängeren.

Eng drëtt Méiglechkeet Steieren eroofzesetzen ass déi fir verschidde Revenuën ganz oder deelweis vun der Steier ze entbannen. Op deem Plang gesäit d’Reform folgend Moossnahmen zu Gonschten vum Steierzueler vier: 1. d’Exonératioun zu 50% vu verschidde Revenuën aus Kapitalverméigen gëtt op d’ Dividenden, déi vu Gesellschaften aus de Länner vun der Europäescher Unioun ausgeschott ginn, ausgedehnt; 2. een Deel vun de Renten déi am Kader vun enger Zousaatzpensioun ausbezuelt ginn, sinn vun der Steier exonéréiert; 3. d’Ausgläichsentschädegung, déi beim Austausch vu Participatiounen am Fall vun enger Restrukturéierung vu Gesellschafen ausbezuelt gëtt, soll vun der Steier exonéréiert ginn, wann déi Entschädegung manner wéi 10% vun dem Nominalwärt vun de Parten, déi ee beim Austausch kritt, ausmëcht.

Op deem Plang gesäit d’Reform awer och verschiidde “verbösend” Moosnahme vier wouvun der zwou d’Revenuën aus dem Verkaaf vun enger “Participation importante”betreffen. Am Prinzip gesäit d’Gesetz vier, datt de Benefice um Verkaaf vu Parten aus enger Gesellschaft, 6 Méint nodeems se akaaft goufen, steierfräi ass. Wann et sech awer ëm de Verkaaf vun enger Participatioun vu méi wéi 25% vum Kapital vun enger Gesellschaft handelt, dann ass de Benefice an alle Fäll besteierbar. De Seuil vu 25% gët duerch d’Reform op 10% eroofgesat. Doduerch ginn d’Propriétäre vu Parten éischter vum Benefic vun der Exonératioun ausgeschloss. Doniewt gët dës Dispositioun och nach op de Verkaaf vun engem “Emprunt- convertible” ausgedehnt.

Eng weider Verschlechterung betrëfft de Lëtzebuerger Steierzueler nët direkt awer déi Auslänner, déi bei eis am Land eng Entschädegung aus enger literarescher oder artistescher Aktivitéit oder als professionnelle Sportler bezéien. An Zukunft ginn déi Entschädegungen “à la source” zum Taux vun 10% besteiert.

Eng véiert a lescht Méiglechkeet d’Steierlaascht ze reduzéiere besteet an der Imputatioun vu vierausbezuelte Steieren. Esou eng Méiglechkeet soll d’Steier op den Tantièmen bidden. Bis elo gouf op den Tantièmen eng “Retenue à la source” vun 20% viergeholl déi beim Bénéficiaire vum Tantième als Charge konnt oofgesat ginn, déi awer nët als Viersteier op der verechneter Akommessteier konnt imputéiert ginn. De Projet gesäit vier, datt an Zukunft d’ Imputatioun vun der Tantièmessteier op d’Akommessteier gemeet ka ginn.

Niewt all deene Moossnahmen wat d’Akommessteier ubelaangt gesäit de Projet nach verschidde Steiererliichterunge fir physesch Persounen op der Verméigenssteier vier an zwar soll en Abattement vu 75.000 Euro op der Evaluatioun vu Renterechter wéi z.B. Renten aus enger Assurance Prévoyance-Vieillesse agefouert ginn; desweidere soll e Fräibetrag an derselwechter Héicht fir Rechter op Liewensversëcherungen oder aner Renteversëcherungen déi nach nët verfall sinn agefouert ginn; a schliesslecch soll den Abattement fir Geldbeträg, Spuerkonten a verschidden Titren vun 1,5 Milliounen Frang op 75.000 Euro erhéicht ginn.

Dat machen also eng Augmentatioun vun den Abattementer op der Verméigenssteiererklärung vu 7,5 Millioune Frang aus.

Och um Plang vun den “droit d’enregistrement” ass eng Verschärfung vun der Besteierung virgesinn. An zwar soll an Zukunft dën “droit d’enregistrement” och op der Cessioun vu Parten vun enger Gesellschaft, denen hieren Aktif bal ausschliesslech aus Immeublen besteet, verrechent ginn. Bis elo waren d’Cessiounen vun dene Parten vum Doit d’Enregistrement ëntbonnen wat zu graven Abüë gefouert huet, déi een gerechtegkeetshalber vis-à-vis vun enger Cessioun vun Immeubelen huet missen éliminéieren.

Komme mer zur Besteierung vun de Betrieber. Wat déi Besteierung ubelaangt esou sinn am Projet eng Reductioun vum Tarif an eng Rei vu Steiererliichterungsmoosnahmen viergesinn. Vun denen Erliichterungsmoossnahmen hunn déi eng éischter en direkten Afloss op Steierreductiounen, anerer stellen éischter Moossnahmen duer, déi nei, modern Gesellschaftsstrukturen, am Kontext vun enger globaliséierter Wirtschaft, fiskalesch méi favorabel beglede sollen.

Am Kontext vun der Betriibsbesteierung muss een ervierhiewen, datt d’Entreprisen, déi vun enger eenzelner Persoun oder ënnert der Form vun enger Persounegesellschaft gefouert ginn, nom Tarif vun der Akommessteier fir physesch Persounen, dee mer lo grad gesinn hunn, besteiert ginn.

D’Kapitalgessellschafte falen ënnert den Tarif vun der Kollektivitéitssteier. Deen Tarif gesäit nëmmen zwee Steiersätz vier; ee reduzéierte Steiersaatz vun 20% op denen nidrege Revenuën an en erhéijten Taux op de Revenuën vun iwwer 600.000 F. Den héijen Taux war bis elo 30%, hie gët duerch d’Reform op 22% eroofgesat. Dat bedeit e steierlechen Avantage vun ëmmerhin 26,6% wat fir d’Compétitivitéit vun eise Betriber an d’Attractivitéit vun dem Standuert Lërtzebuerg vu grousser Bedeitung wärt sinn. Mat deem Taux läit Lëtzebuerg op zweeter Plaatz wat dee niddregsten Steiersaatz an de Länner aus der Unioun betrëfft.

Zu de Steiererliichterungsmoossnahmen, déi ech als direkt steierreduzierend ging bezeechnen hu mer d’Steierbonificatioun op den Investissementer, an d’Imputatioun vun der Verméigenssteier bei de Kapitalgesellschaften.

Den Artikel 152 bis vum Steiergesetz gesäit eng Steierbonificatioun fir Investissementer vier. Dës Bonificatioun trëfft op all Betriber zou, déi gewerbesteierpflichteg sinn, egal ob se als physesch Persoun oder als Kapitalgesellschaft besteiert ginn. Den Artikel 152 bis gesäit eng Bonificatioun fir zousätzlech Investissementer vun 12% an eng fir global Investissementer vu resp. 6% an 2% vier. Den initiale Projet huet proposéiert déi Steiersätz op 8,4%, 4,2% an 1,4% eroofzesetzen, dofir awer déi immateriel Gidder, wéi Breveten a Logiciellen an d’Berechnung fir d’Bonificatioun mat ze integréieren. D’Reductioun vun denen Tauxen huet zu vehementen Critiquen gefouert, emsou méi wéi de Projet gebrauchte Gidder, déi am Ausland akaaft ginn an Zukunft vun der Bonificatioun wollt ausgeschléissen. Doriwer eraus war d’Regierung och nët bereed deen am Betrib intern erschaffte Logiciel, dee jo iwwer d’Werbungskäschten all Joer vum Bénéfice oofgesaat gët, och nach ënner d’Bonificatioun falen ze loossen. Op Grond vu ville Gespréicher mat der Berufswelt huet d’Regierung décidéiert fir de Logiciel einstweilen aus der Bonificatioun auszeschléissen, d’Tauxe vu 6% an 2% op dem globalen Investissement bestoen ze loossen, an dee vun dem Zousaatzinvest vun 12% op 10%, a nët wéi viergesinn op 8,4%, eroofzesetzen.

Wat de spezielle Fall vun enger Betribsgrënnung ubelaangt, esou wëll ëch hei nët op deen agoen. Mäi Kolleg Lucien Clement wärt a sénger Interventioun nach dorop zereckkommen.

Zu der Imputatioun vun der Verméigenssteier gesäit den Artikel 174 vier, datt d’Collectivitéiten hier Verméigenssteier vun der Akommessteier kënnen oofsetzen wa se de fënneffache Betrag vun deër Steier, während 5 Joer als Reserv an hierem Bilan uféieren. Dës Bestëmmung war geduecht fir déi Gesellschaften, déi Reserven uleën, nët géintiwwer dene Gesellschaften, déi de ganze Benefice ausschëdden ze benodeelegen. D’Reserven erhéije nähmlech d’Betriibskapital dat fir d’Berechnung vun der Verméigenssteier a Betracht gezu gët an doduerch noutgedrongen d’Verméigenssteier. Dës Moosnahm vum Artikel 174 hat awer e Nodeel, an zwar fir déi Gesellschaften mat héijen Investissementer, also mat engem zolitten Betribskapital, déi doduerch eng héij Verméigenssteier ausweisen.

Wann déi z.B och nach en heije Benefic erwirtschaften, da gët d’Assiette fir d’Kollektivitéitssteier iwwer de Wee vun der Steierbonificatioun fir Investissementer op Null eroofgesaat esou, datt se keng Akommessteier bezuelen. Déi kënnen déi héich Verméigenssteier also nët vun der Kollektivitéitssteier oofsetzen well se jo duerch d’Bonificatioun keng méi ze bezuelen hunn. Hier Verméigenssteier mussen se awer bezuelen. Fir si war den Effet vun der Imputatioun gläich null. Och fir d’Filiale vun auslänneschen “maisons mère”war dëse System vu geringem Interessi, well d’Akommessteier an dem Ursprungsland vum Mammenhaus geschëllt ass, an domat déi néideg besteierbar Basis bei eis am Land feelt fir d’Verméigenssteier ze imputéieren. Dës Fäll hunn d’Regierung derzou verleed de System vun der Imputatioun ze änneren. De Projet gesäit vier, datt an Zukunft déi Imputatioun vun der Verméigenssteier nët méi op der Kollektivitéitssteier mais op der Verméigenssteier selwer geschéie soll. Doduerch profitéieren déi viséiert Gesellschaften och vun déer Imputatioun.

Zu deene méi steiertechnesche Moosnahmen am Interessi vu neie Gesellschaftskonstruktiounen am Kontext vun enger progressiver Globaliséierung vun der Economie géif ech – d’ Empreinte vun enger Kapitalgesellschaft op eng Persounegesellschaft; – de Regime “Sociétés mère filiales; – de Regime vun der steierlecher Intégratioun an – dee méi gënstege steierlechen Traitement vun de Plus-Valuen bei enger Restrukturéierung vu Gesellschaften zielen.

Kucke mer d’éischt d’ Empreinte vun enger Kapitalgesellschaft op eng Persounegesellschaft? Et schwätzt een vun enger Empreinte, wann d’Kapitalgesellschaft majoritairen Associé oder “associé commandité” an deër Persounegesellschaft ass. Doduerch kritt de Revenu vun der Persounegesellschaft e commerzielle Karakter, an d’Gesellschaft kann esou vu verschidde steierleche Vierdeler profitéieren, déi nëmmen op e commerzielle Bénéfice kënnen applizéiert ginn wéi z.B. de Report vu Perten, d’Steierbonificatioun op den Investissementer an d’nët Opdecke vun de Plus-Valuen am Fall vun enger Liquidatioun. Par conter fällt de Benfice vun der Persounegesellschaft nët ënnert d’ Kollektivitéitssteier, mais ënner d’Akommessteier vun de physesche Persounen. Doduerch gët d’Duebelbesteierung bei dem Ausschëdde vun de Bénéficer évitéiert. Dës juristesch Konstruktioun gët haut heefeg bei Persounegesellschafte gebraucht, deër hier Activitéit haaptsächlech an der Gestioun vu Privatverméigen, wéi d’Locatioun vun Immeublen oder d’Gestioun vu Participatiounen besteet. An dësem Projet gët de Regim vun der Empreinte am Sënn vu méi grousser juristescher Transparenz textlech verankert.

Wat de Regim vun de “sociétés mère-filiales”ubelaangt esou gesäit d’Gesetz vier, datt den Dividend, dee vun enger Filial un d’Mammenhaus ausbezuelt gët, steierfräi ass, wann d’Maison mère onënnerbrach während mindestens 12 Méint eng Participatioun an déer Filial vu mindestens 10% vum Kapital, oder vu mindestens 50 Millioune Frang hat. De Projet gesäit vier,datt déi indirekt Participatiounen, déi d’Mammenhaus iwwer eng Persounegesellschaft an der Filial huet, fir de Seuil vun 10%resp. 50 Milliounen mat considéréiert ginn. Eng aner Verbesserung vum Regim “maison mère-filiales” läit a méi enger soupler Besteierung vun engem Dividend “avant acquisition” (pre-acquisition dividends).

D’Reform gesäit awer och eng méi streng Moossnahm fir dëse Regim vier. An zwar proposéiert de Projet, datt an Zukunft d’ Dividenden vun enger requalifizéierter Participatioun während 5 Joer vun dem Benefic vum Regim “maison mère-filiales”ausgeschloss sinn.

Och de modifizéierte Règlement grand-ducal deen um Projet annexéiert ass, gesäit verschidden Assouplissementer vun der Besteierung vun de Plus-Valuen am Fall vun enger Cessioun vun enger “Participation importante” vun der “maison mère” an enger Filial vier. Bis elo konnten déi Plus-Valuën nëmmen vun der Steier exonéréiert ginn, wann dem Cédant seng Participatioun an deër Gesellschaft mindestens während enger Period vun 12 Méint bestaan huet, a wann déi Participatioun mindestens 25% vum Kapital oder méi wéi 250 Millioune Frang ausgemaach huet.

De neie Reglement grand-ducal gesäit vier dee “seuil de participation” vu 25% op 10% a vun 250 Milliounen op 6 Milliounen Euro eroofzesetzen. Doniewt gët duerch d’Reform d’ Exonératioun vun de Plus- Valuen op d’Cessioun vun Titren vun engem Etablissement stable vun enger Gesellschaft déi nët am Land établéiert ass ausgedehnt. Datselwecht gëlt fir d’Gesellschaften vun engem E.U. Staat déi an der europäescher Directiv vu 1990 opgefouert sinn.

Zum Regim vun der steierlecher Integratioun ass ze bemierken, datt all d’ Gesellschaften, déi an éngem Group integréiert sinn, hier Beneficer an hier Perten ënnereneen compenséieren kënnen. D’Conditioun ass déi, datt déi dominant Gesellschaft e gewësse Prozentsaatz vum Kapital vu sénge Filialen direkt oder indirekt besëtzt. Dëse Prozentsaatz war ëmmer 99%, hie gët op 95% eroofgessat. Och d’Conditioun, datt d’Filial economesch an organisatoresch an der Société dominante misst incorporéiert sinn, fällt nom Projet ewech.

Dës nei Mesurën stellen eng wesentlech steierlech Erliichterung fir d'”Sociétés de participation financière”(SOPAFI) duer, deër vill zu Lëtzebuer établéiert sinn.

Zum Schluuss nach d’ Restrukturéierung vun de Gesellschaften. Als Restructuratioun vu Gesellschaften ginn d’Fusiounen, d’Scissiounen,an den Apport d’actif vun enger Gesellschaft an déi aner considéréiert. Am Prinzip gët esou eng Restructuratioun als eng Cessioun vun déer Gesellschaft, déi opgeholl gët betruecht.

Déi opgesdeckten Plus-Valuën vun der opgeléisster Gesellschaft missten am Prinzip besteiert ginn. Fir esou Regroupementer vun Entreprisen an enger Zäit vu globaliséierter Wirtschaft awer ze favoriséieren, gesäit eist Gesetz e Sursis vun der Besteierung ënner enger Bedingung vier. Déi Gesellschaft déi no der Restructuratioun nach bestoe bleiwt muss an hierer Comptabilitéit d’Bilansposten mat de Buchwerter vun der Gesellschaft, déi opgeléist gët, iwwerhuelen.

De Projet gesäit am Fall vun de Restructuratioun zwou wichteg Neierungen vier: 1. den Echange vun de Parten féiert zu kenger Besteierung , och wann de Bénéficiaire eng Ausgläichsentschädegung vu wéineger wéi 10% vun der Valeur nominal vun den ausgetoschenen Parte kritt; 2. am Fall vun enger Fusioun oder Scissioun vun enger einheimescher Gesellschaft mat enger Gesellschaft aus engem aneren E.U. Land, huet déi nei Gesellschaft d’Wiel den Apport vun der cédéierter Gesellschaft zu der Valeur comptable oder engem Wärt, deen tëscht der Valeur comptable an der Valeur d’exploitation läit, an séng Comptabilitéit ze iwwerhueln. Dat ass eng wichteg Mesür, well se vu viereran eng Parti vun de Plus- Valuën comptabilitéitsméisseg neutraliséiert.

Ech hunn um Ufang vu méngem mëndleche Rapport als een Objectif vun der Reform d’ Promotioun vu neien a bestehende Produkter vun eiser Finanzplaatz gesinn. An zwar well d’Reform eng Rei vu Mesüren viergesäit déi a mengen Aen d’ Commercialisatioun vun dene Produkter an der Zukunft steierlech besser begleden. Déi Produkter, déi ech viséieren sinn d’ Liewensversëcherungen a besonneg d’Assurance Prévoyance-Vieillesse an, a méi engem klénge Mooss, d’Certificat audio-visuel an d’Certificat capital-risque.

D’Gesetz iwwer d’Pensiounsfongen, daat virun e Puer Joer hei an der Chamber gestëmmt gouf, koum nët esou richteg zum Droen well besonneg de steierleche Vierdeel vun hiere Produkter nët interessant genug schéngt ze sinn. De Projet gesäit eng Rei vu Moossnahme vier, déi dës Schwaachpunkten behiewe sollen.

Esou goufen fir d’Assurance prévoyance-vieillesse eng Rei vu Verbesserungen proposéiert: 1. de Plafong vun de Cotisatiounen, déi bei der Besteierung kënnen oofgesat ginn, ass drastesch erhéijt ginn, a wat besonneg interessant ass, dee Plafong geet progressiv mam Alter vum Preneur d’assurance an d’Luucht; 2. am Stiewfall vum Preneur vun der Versëcherung sollen d’Cotisatiounen un d’ “ayant-droit” zeréckbezuelt ginn; 3. d’Prestatioun vun der Assurance kann deelweis an engem Versement vun engem Capital unique bestoen, deen awer höchstens d’Halschecht vun der Prestatioun därf ausmachen. Deen aneren Deel vun der Prestatioun muss an der Form vun enger Monatsrent ausbezuelt ginn.

4. d’Monatsrent déi ausbezuelt gët ass zur Halschecht steierfräi, an den eemoolege Versement gët mat engem Taux préférenciel vum halwen Duerchschnëttstaux besteiert.

5. bei der Verméigensteier ass een Abattement vu 75.000 Euro fir dës Produkter viergesinn.

Mat dëse Mesure gedenkt d’Regierung d’ Produkter vun de Pensiounsfongen fir de Preneur d’assurance méi interessant ze gestalten, an doduerch hier Commercialisatioun am Intérêt vun den Assurancen ze verbesseren.

Wat de steierlechen Avantage vun de Certificat audiovisuel a Capital-risque ubelaangt esou läit deen de Moment an engem Abattement, deen ee vum besteierbare Revenu oofzéien kann. De Steiervierdeel ass mathin Funktioun vum Steiersaatz. Well d’Steiersätz, esou wuel bei der Kollektivitéitssteier wéi och bei der Akommessteier fir déi physesch Persounen, drastesch reduzéiert ginn, gët de steierleche Vierdeel fir d’Propriétaire vun denen Cerificaten duerch d’Reform reduzéiert. Dofir proposéiert d’Regierung an Zukunft eng Steierbonificatioun am Plaatz vun engem Abattement op dësen Certificaten ze accordéieren. D’Héicht vun enger Bonificatioun ass nähmlech onofhängeg vum Steiersaatz vun der Akommesteier resp. vun der Kollektivitéitssteier.

Nach e puer Wuert zur Gewerbesteier. An der Regierungserklärung gouf proposéiert déi Steier oofzeschaafen ënner der Bedingung, datt een en equivalente System ging fannen, deen d’Fianzkapacitéit vun de Gemenge ging garantéieren. Well deem awer nët esou war, an d’Betriber awer och iwwer de Wee vun der Gewerbesteier sollten entlaascht ginn, gouf proposéiert den Taux d’assiette vun der Gewerbesteier vu 4% op 3% eroofzesetzen.

Well d’Gewerbesteier awer fir d’Kapitalgesellschaften an Zukunft nët méi vun hierer eegener Assiette nach vun der Assiette vun de Kollektivitéitssteier oofsetzbar ass, gët de Steierausfall, deen duerch d’Eroofsetze vum Taux vun der Gewerbesteier entstaan wir, ee wéineg reduzéiert.

Et sief nach bemierkt, datt de Projet viergesäit den Taux vun der Taxe d’abonnement vun 0,06% op 0,05% eroofzesetzen.

Nach ee lescht Wuert zur Reorganisatioun vun der Verwaltung déi am Projet initial proposéiert gouf.

D’Aufgabe vun der Steierverwaltung heefe sëch doduerch, datt d’Steierrecht ëmmer méi komplex gët wat dës Reform nach eng kéier kloer ënnersträicht. Doduerch gët awer och d’Responsabilitéit vun denen eenzelne Beamten méi grouss, an daat besooneg um Niveau vun der Direktioun. Doniewt muss ee wëssen, datt d’Promotiounen vun de Fonctionnaire an der Verwaltung un d’Posten an denen eenzelnen Servicer gebonne sinn. Wat a sëch eng gud Saach ass well besonneg an der Steierverwaltung ee gewësse Roulement vun de Beamte muss assuréiert bleiwen. Dat huet awer de Nodeel, datt een op héij spezialiséierte Posten ëmmer erëm nei Leit muss uléieren, wat fir de Fonktionnement vun dene Servicer vu groussem Nodeel ass.

Aus all denen Ursachen hat d’Regierung och proposéiert dëser Steierreform duerch eng Reorganisatioun vun der Verwaltung déi néideg Mëttel ze verschafen fir déi Reform och um Personalplang optimal ze begleden. De Staatsrot huet zu dësem Deel vum Projet eng formell Oppositioun gemeet, nët well hien d’Opportunitéit vun der Reorganisatioun nët ging unerkenen, mais méi aus Prinzip, well hien der Meenung ass Personalfroe déi d’Fonction Publique betreffen solle nët an engem Spezialgesetz ënnerbruecht ginn. Well hien an ähnleche Fäll den Accord zu sou Moossnahmen refuséiert huet, huet hie sëch hei och obligéiert gefillt, “pour des raisons d’équité” eng formell Oppositioun auszespriechen. D’Finanz an d’Budgetscommissioun huet dorops hin unanim viergeschlo eng Proposition de loi fir d’Reorganisatioun vun der Verwaltung esou séier wéi méiglech op den Instanzewee ze reechen.

Ried vum CSV-Deputéierte Norbert Haupert

1

1