Interventioun vum Lucien Clement (CSV) am Kader vun den Budgetsdebatten iwert d’Joor 2002

Interventioun vum Lucien Clement (CSV) am Kader vun den Budgetsdebatten iwert d’Joor 2002 et gëllt daat geschwaate Wuert – Här Präsident, Dir Dammen, Dir Hären, Och Ech wëll dem Rapporteur, dem Claude Wiseler, fir séin ganz ausféierlechen schreftlechen an mendlechen Rapport félicitéieren. Selbstverständlech gëllt mein Unerkennung där exzellenter Aarbecht déi hien an desem Kontext geleescht huet. Als Ex- Budgetsrapporteur wees ech weivill Zéit an Fléiss an esou ee wichtecht an volüminöst Dokument investéiert mussen ginn.

An menger Ried well ech haaptsechlech op déi kleng an Mettelbetrieber zu Letzebuerg agoen. Am Moment profitéieren sie jo nach emmer vun eem relativ gudden wirtschaftlechen Emfeld. Mir hunn awer keng Garantie fir datt daat emmer esou bleift.Mir hunn dest Joar geléiert a gesin wéi séier a wéi schnell sech dis Situatioun änneren kann. Dofir muss een emmer erem am Aen behalen, waat sech an disem Secteur am Ausland deet, a wéi do vun der Politik réagéiert gëtt. D’Périod vum wirtschaftlechem Wuesstum muss fir Investissementer an d’Zukunft genotzt ginn. Et geet drem fir eisen Wuelstand op lang Siecht ofzesecheren. Daat brengt mat sech, datt déi momentan nach goud ékonomesch Situatioun zu Letzebuerg och dozou genotzt muss ginn, fir verschidden Sparten vu Betrieber ze stärken oder nei opliewen ze loossen. Domat wëll ech soen dat een den Secteur vun den PME weider ausbauen a stärken muss. Dess Stratégie muss am Senn vun enger nach méi grousser Diversifizéierung an enger méi nohaltecher Entwecklung vun eiser gesamter Ekonomie duerchgefouert ginn. Ech well dowéinst op d’Noutwendechkeet vun enger op laang Zäit ausgeriichten Politik hiweisen. Daat ass , Här President am Fong geholl neischt Neies, et ass och keng nei Stratégie. Ech wëll heimater einfach soen, datt all Mesüren, déi vun der Politik geholl ginn emmer erem op een Neies op hir Tauglechkeet gepréift musse ginn. Gegebenefalls musse si verfeinert, ofgeschaafe oder et musse neier geschaafe ginn.

Déi lescht Joaren huet d’letzebuerger Handwierk ganz gudd Performancen opzeweisen.

D’Handwerkerkammer huet dis Performancen esouguer als spektakulär bezeechnet. Et iwerdreift een bestemmt net wann een seet datt d’Handwerk mat zu den wichtechsten Pilieren vun eiser Ekonomie gehéiert. Et well daat un e puer Zuelenbeispiller beweisen.

Et ginn am Moment zu Letzebuerg zirka 4.300 Handwerkerbetriber. Daat maachen 19 Prozent vun allenletzebuerger Betrieber aus. D’Handwerksbetrieber beschäftechen ongeféier 54000 Mataarbechter, waat 20 Prozent vum Gesamttotal vum Emploi ausmecht.

Den Sekteur vun den PME steet virun enger ganzer Reih vun Erausfuerderungen. Et ass ee Secteur vun Entrepreneuren, si sin ewéi d’Wuert et seet unternehmungslustig, si wärten dis Erausfuederungen unhollen an och meeschteren.Et ass un der Politik fir fir d’Zukunft hei den legislativen Kader ze stellen, esou ewéi daat och an der Vergangenheet de Fall woar. Ech well an menger Interventioun méi genau op e puer Punkten agoen.

Vill Patroen kloen iwert een Manktum vun qualifizéierten Aarbechtskräften oder souguer iwert een Manktum vun Personal tout court. Sie drecken hir Besuergniss aus, datt den letzebuerger Aarbechtsmoart praktesch un sengen Limiten ukommen ass. Och an der Groussrégioun gett et emmer méi schwéier fir genügend an och nach goud qualifizéiert Leit können ze rekrutéieren.

Dis Situatioun riskéiert awer an denen nächsten Joaren nach emmer méi akut ginn, an besonnesch dann wann déi proposéiert Steierreform ufänkt ze gräifen. Ech well haut net am Détail iwert dess Steierreform schwätzen, mir wärten dozou déi nächst Woch nach Gelegenheet genouch kréien. Ech well just eppes soen. Déi massiv Steiererliechterungen, déi ech hei ausdrecklech begréissen, wärten emmer méi Betrieber, besonnesch aus dem Ausland, op Letzeborg zéihen. Mir wëllen éis Betrieber kompétitif par rapport zum Ausland oder der Groussrégioun halen, waat jo d’Haaptobjektiv vun diser Steierreform ass. Mä et stellt eis awer och virun Problemer fir déi mir no Léisungen sichen mussen. Wann een méi Betrieber seet, dann seet een och gléichzéitech méi Aarbechtskräften, an virum allem méi qualifizéiert Personal.

Qualifizéiert Personal kritt een duerch eng zolid an fondéiert Formatioun. Am Handwierk besteet dess Formatioun aus 3 Etappen. Et ass den Apprentissage, d’Meeschterprüfung an d’Formatioun continue.

A menger Interventioun well ech méi am Détail op den Apprentissage ze schwätzen kommen.

Ech hunn d’Zuelen aus dem Avis zum Budget vun der Chambre des Métiers méi genee ennert d’Lupp geholl.

Wann een d’Joaren 1999 an 2000 mateneen vergléicht, ass d’Zuel vun den Léierkontrakter am Handwerk vun 687 op 540 Unitéiten zreckgangen. Esou een Reckgang vu bal 150 Kontrakter ass substantiell fir Letzeborg. 216 ugebueden Platzen sin gue net besaat ginn. Aus disen Zuelen schléissen ech, datt gewessen Problemer beim Apprentissage bestin. Et muss een sech d’Frô stellen fir waat sech emmer manner jonk Leit fir eng Léier an engem Handwierkerbetrieb entscheeden. Ech mengen dofir get et 2 Haaptgrenn.

Een éischten Grond ass deen nach emmer zimlech négativen Image vum Handwierk an der Popoulatioun.

Déi Jugendlech kréien ganz oft vun hiren Elteren ofgeroden sech fir een Handwierk ze entscheeden. Sie kréien suggéréiert, datt een sech dobéi d’Hänn knaschtech mecht, dat ee fréi opstoen muss, oder méi spéid schaffen muss, ewéi aanerer an dat et dowéinst besser wier an engem Bureau ze schaffen.

D’Schoulen droen och nach net an engem ausréichenden Mooss dozou béi, fir déi Jugendlech an een Handwerkerberouf ze orientéireren. Ech soen daat hei op der Tribün haut net fir d’éischt, ech hunn dis Remarque schons e puer mol gemaacht, si ass also net nei. An eisen Schoulen missten nach vill méi Efforen gemaach ginn fir d’Schüler ze sensibiliséieren. De Schüler muss gewisen kréien, datt een Handwerkerberouf Spass mecht an datt esou een Berouf goud Zukunftsperspektiven huet. Esou eng Sensibilisatioun kann een zum Beispill duerch d’Ubéiden vu Schnupperkursen duerchféieren. Ech wees elo soen der vill heibannen dat et daat schons gett. Si mussen awer méi regelméissech duerchgefouert ginn. Disen Kontakt mam Handwerk, mat eener praktescher Arbechtsplaatz, muss de Jongen a Meedercher regelméisseg ugebueden ginn. Weiderhin sollen d’Schüler eng méiglechst breet Palette vun Berouffer virgefouert kréien. Sie sollen sech domat een Bild maachen können waat fir een Handwierkerberouf oder waat fir eng Arbechtsplatz hinnen herno am meeschten Spass mecht, respektiv fir waat fir eng Sparte sie am meeschten Talent hunn.

Een zweeten Grond firwaat sech net genuch Jugendlecher fir een Apprentissage enscheeden ass secherlech den Fait datt sie eng Léier als finanziell net attraktiv genouch empfannen. Et ass richtech, datt d’Léierbouwen oder d’Léiermeedercher während hirer Ausbildung vill manner ewéi den Mindestloun verdéinen. An der Moyenne leit hei de Loun ongeféier bei 60 % vum Mindestloun. Bei esou Verdéinschtméiglechkeeten soen sech eng Partie vun den Jugendlechen: ech well net manner ewéi den Mindestloun verdéinen an dowéinst probéiren ech fir eng Aarbechtsplaaz ze fannen wou ech disen Mindestloun, oder souguer méi, direkt an ouni Léier verdéinen kann. Daat sin an der Praxis ganz oft Jugendlecher, déi vun hiren Elteren villeicht net déi néidech Ennerstetzung oder Explicatiounen kréien, fir eng Carrière als Handwierker unzefänken. De Choix fir de Jugendlechen ass also een Léier mat wéineg Salaire oder een Emploi als non qualifié mam Mindestloun.

Aus desen Grenn mengen ech, muss een verséichen fir den Apprentissage finanziell méi attraktiv ze gestalten. Fréier soten d’Leit ” Lehrjahre sind keine Herrenjahre” an domatter haat et sech dann. Mir sin awer net méi an de 50er oder 60er Joaren, d’Welt a mat hir d’Mentalitéit an d’Liewensusprech vun all eenzelnen hu geännert. Et muss een no Modeller sichen, déi et den Léierbouwen an den Léiermeedercher erlaaben fir op den Niveau vum Mindestloun ze kommen. Daat soll awer net alleng zu Laaschten vun den Betrieber goen, déi d’ Leit ausbilden.

Dis Betrieber investéieren jo schons ganz vill an d’Formatioun. Daat fänkt un bei der Zeit déi ee Patron investéiert fir ee jonke Mensch ze forméieren, an hält op beim Material waat zu Uebungszwecker zur Verfügung gestallt muss ginn. Ech mengen hei ass haaptsächlech d’Politik gefuerdert fir zousätzlech finanziell Mettelen zur Verfügung ze stellen. Ech sin der Iwerzeegung datt sech bei enger méi gousser finanzieller Attraktivitéit, eener méi intensiver Opklärung, sech erem méi Jugendlecher fir eng Léier entscheeden giffen. Den Apprentissage ass secher een Wee vun villen, deen et erlaabt dem Mangel un qualifizéierten Aarbechtskräften entgéint ze wierken. Méi eng grouss Unzuel un qualifizéierten Aarbechter ass am Interessi vum Handwerk selwer an och am Interressi vun der Politik. Et ass ergo wichtech dat mir nach weider Efforen am Kader vum Apprentissage maachen, a no neien Solutiounen séichen.

Als Beispill well ech den Objectiv Plein Emploi oder den Pro-Activ duerstellen. Hei gett mat villen öffentlechen Gelder verséicht Leit eng zweet Chance ze ginn. Een Initiative déi luewenswert ass, a wou d’ Ziel daat dis Initiative huet och net soll a Frô gestallt ginn. Et mus een awer oppassen op d’Envergure déi esou een Moossnahm ka kréien. Gewollt woar jo secher net fir heimat ee vun de gréissten Arbeitgeber zu Letzeborg ze kréeieren. Frôen muss een sech awer op et net méi sennvoll wier wann een Deel vun disen Gelder méi gezielt giff agesaat ginn. Zum Beispill a méi eem fréiem Alter vum Jugendlechen, beim Apprentissage also. Ech kënnt mir virstellen dat de Lounausgleich vun dem ech elo grad geschwaat hunn zu eem Deel och als Prime eréischt nom Ofschloss vun der Léier giff ausbezuelt ginn. Daat wier da gleichzeiteg ee Startkapital an Beroufsliewen.

Wann ech elo emol d’Zuelen vu Letzborg waat den Apprentissage ubelaangt, mam Ausland vergleichen, da muss ech feststellen dat mir an disem Dossier zolid an d’Hannertreffen geroden. Hei ee Beispill. Op 1000 Betrieber kommen hei zu Letzeborg 352 Léierkontrakter.

Rheinland Pfalz huet bei 1000 Betrieber der 689, also baal duebel esou vill ewéi mir der hei zu Letzeborg hunn. D’Saarland huet pro 1000 Betrieber 807 Léierkontrakter. Et kann een also feststellen, dat dis Statistique net fir Letzeborg schwetzt. Et ass also net vu Moutwell wann een sech hei eriwer Gedanken mecht.

Här Präsident, am zweeten Volet vun menger Interventioun well ech op den Problem vun den Créations d’Entreprises an vum Unternehmergeescht ze schwätzen kommen. Och daat ass en Thema daat ech emmer erem hei virbrengen. En Thema daat an d’Zukunft emmer méi wichteg fir Letzeborg wärt ginn. En Thema daat och direkt mam éischten Punkt vu meiner Interventioun ze din huet, well wa jonk Leit kee Berouf léieren, kréie mir herno och keen Meeschteren oder Patroen.

Waat d’Schaafen an d’Exploitatioun vun engem eegenen Betrieb betrefft, zielt Letzebuerg am internationalen Vergléich mat Secherheet net zum Spetzengrupp. Vill Letzebuerger sin net bereet fir sech selbststännech ze maachen an een eegenen Betrieb opzemaachen. Sie entscheeden sech ganz oft léiwer, och wann se dann nach een Handwerk geléiert haaten, fir eng secher Aarbechtsplaatz bei den Gemengen oder beim Staat. Daat huet secher vill Grönn.

Ech well e bessen méi genee op déi Ursaachen agoen an versichen e puer Verbersserungsvirschléi ze maachen. D’Zukunft awer wärt iis weisen,an dovun sin ech iwerzeecht dat déi Vollkasko Mentalitéit vun verschiddenen Leit net auf immer und ewig den Erausfuederungen stand hale wärt.

Ee Grond ass ganz secher d’Angscht virum Risiko an besonnesch virum finanziellen Risiko.

Vill Leit färten datt sie finanziell runiéiert sin wann hiren Betrieb net gudd genuch leeft. An aaneren Wierder sie hunn Angscht virun enger Fallite. Eng Faillite déi hirt ganz Liewen an daat vun hirer Famill op d’Kopp geheien giff.

Et muss een leider feststellen, datt an denen leschten Joaren d’Zuel vun den Failliten emmer méi héich ginn ass. Daat ass net nemmen schlecht fir eis national Ekonomie. Et dréit och an der Bevölkerung net derzou béi, fir den Image vum Entrepreneur, dee jo schons net emmer dee beschten ass, op ze werten.

Ech sin der Iwerzeegung, datt een den législativen Kader vun den Falliten grendlech muss iwerschaffen. Den Mettelstandsminister huet daat jo schons an sengem aktualiséierten Plan d’action en faveur des PME, deen den 2. Februar 2001 vum Regierungsroot approuvéiert gouf an dono an der Chamber présentéiert ginn ass, ugekenecht.

D’Ziel muss et éischtens sin fir déi héich Unzuel vun den Failliten erof ze setzen an zweetens fir déi organiséiert oder kriminell Failliten ze bestroofen.

Ech mengen, datt et och gudd wär wann een, ennert bestemmten Virausstetzzungen, deene Leit, déi schons eng Faillite haaten, eng zweet Chance gett. Esou eng zweet Chance muss natierlech un ganz strikt Konditiounen gekoppelt ginn. Zum Beispill därfen sie keng organiséiert Faillite gehaat hunn. Et mussen awer nach weider Konditiounen dobéi kommen.

Zum Beispill nosetzen waat Formatioun oder Qualificatioun ugeet, eventuell een neien Plan de Financement plus eng Gestion Controlée iwert e puer Joar. Och mussen hei Mesuren ergraff ginn déi de Betrieber hellefen eventuel Failliten ze verhënneren. Berodung am Virfeld wou schlecht Situatiounen sech virzeechnen.

Op der anerer Séit gett et awer och Leit, déi nach d’Bereetschaft an den Wellen hunn fir sech selbststännech ze maachen an een eegenen Betrieb ze grennen. Ganz oft stinn sie awer virun Hürden, déi et hinnen onméiglech maachen fir op esou een Wee ze goen.

Onofhängeg vun deenen néidechen Kompetenzen a Qualificatiounen, déi ee brauch fir esou een Betrieb ze géréieren, brauch een virun allem grouss finanziell Mettelen fir eng Entreprise ze schaafen. D’Frô stellt sech wou kann een déi vill Suen opdreiwen.

Déi wéinegsten potentiell Betriebsgrenner können hei op hir Familjen zielen, fir datt sie hinnen déi néidech Suen zur Verfügung stellen. Entweder hunn d’Familijen déi Suen net oder sie sin ganz einfach net bereet fir den finanziellen Risiko matzedroen.

Dobäi kennt nach dat déi eenzel Banken an der Vergangenheet emmer méi rétizent beim Start- oder Risikokapital gi sinn Sie refuséieren oft fir daat néidecht Kapital zur Verfügung ze stellen. Wann déi gefrôten finanziell Oofsecherung feelt hu si ganz einfach Angscht virum finanziellen Risiko.

Aus deenen Grenn muss een no Léisungen sichen fir datt déi potentiell Entrepreneuren een erweiderten an erliechterten Accès zum Startkapital hunn. Wou kann dee Jonken daat Start- oder Risikokapital fannen? D’Chambre des Métiers schwetzt hei vun Prêts de Fonds propres.

Am Moment ginn et haaptsechlech zwou Méiglechkeeten, déi awer an der Praxis eng Rei vun Problemer un d’Liecht brengen. Et sin daat d’SNCI an d’Mutualitéiten vum Handwierk an vum Handel.

Bei der SNCI ass et am Moment esou, datt just Entreprisen, déi ennert enger bestemmter Gesellschaftsform bestinn an doriwer eraus eng Activité innovative opweisen können, Zougang zum Risikokapital hunn.

No meinen Imformatiounen, gett et am Beréich vun deenen rengen Handwierksbetrieber eng ganz Rei vun Entreprisen déi net ennert d’Kritèren vun der Innovatioun an der Kapital- Gesellschaftsform falen, déi hei imposéiert ginn. Hei sin op jidde Fall all Entreprisen d’office als non éligibles eraussortéiert, déi en Nom Personnel funktionnéieren. Daat si praktesch all Familljebetrieber vum Handwerk an dem Handel.

Och déi Entreprisen, déi sech an der Ufanks- an Entwecklungsphase befannen, missten de Wee zum Risikokapital erliechtert an méi zougänglech gemaach kréien.

Zirka 45 Prozent- och wann dës Zuel reckleefeg ass- vun den Betrieber aus dem Artisanat sin nach Entreprisen. déi en nom personnel exploitéiert ginn. Waat fir een Grond gett et fir dess Betrieber beim Accès zum Risikokapital auszeschléissen? Ech kann mir einfach net virstellen, datt d’Politik en Uleies soll hunn, fir datt et zu Letzebuerg nemmem Betrieber ginn soll, déi ennert der Form vun Kapitalgesellschaften bestinn. Bei den Kapitalgesellschaften haft den Aktionnär nemmen mat dem Montant deen hien an d’ Capitial scocial investéiert huet. Bei den Betrieber, déi en nom personnel fonctionnéieren, haft den Patron mat sengem gesamten Eegebesetz. Dis Betrieber funktionnéieren einfach no eem aaneren finanziellem Schéma ewéi Kapitalgesllschaften, an et ginn aus deem Grond hei och manner Failliten. D’Frô ass, firwaat dis Betrieber hei ausschléissen? Beim beschten Wëlle fanne ech hei keng valabel oder vernünfteg Aentwert. Ech hunn dest alles schons an ähnlecher Form hei gesoot , an ech wärt et och emmer erem soen , bis hei an disem Dossier Gleichberechtegung geschaafen ass.

Daat zweet Instrument beim Startkapital sin d’Mutualités de Cautionnement vum Handwierk an vum Handel.

Den Budgetsprojet, den eis virléit, geséit an der Partie iwert den Mettelstandsministère, am Artikel 52.001 fir méi genau ze sin, folgenden Posten vir: Den Staat kann finanziell un den Perten participéieren, déi bei den Kautionnementer entstin. Hei ass een Betrag vun 123.947 Euro virgesin. Daat ass een Crédit non limitatif et sans distinction d’exercice. An den Budgeten vun denen 2 leschten Joar war och schons esou een Posten virgesin.

No meinen Informatiounen ass disen Budgetsartikel nach nie applizéiert ginn, sou datt dess Krediter nach nie genotzt ginn sin.

Ech stellen mir Froen fir waat datt déi Suen nach nie gebraucht ginn sin, wou et dach ee goud Instrument ass fir de Mutualitéiten hire Risiko of ze fiederen. Ech denke mir dat et hei Applikatiounsschwieregkeeten ginn Den Artikel 6 vum Gesetz vum 29 Juli 1968 iwert d’strukturell Verbesserung vun den Handels- an Handwierkerbetrieber geséit vir datt den Staat d’Méiglechkeet huet fir un den finanziellen Perten ze participéieren, wann d’Mutualitéiten hir Memberen kautionnéiren. Den 2 Alinéa vun desem Artikel géséit och vir, datt een Règlement grand-ducal muss geholl ginn, deen d’Limiten, d’Konditiounen an d’Modalitéiten vun der staatlecher Particicpatioun un desen Perten virgeséit.

Desen Règlement grand-ducal ass bis haut net adoptéiert ginn. Den Avis vun der Chambre de Commerce konfirméiert daat.

Domat wees een zum Beispill net, waat fir eng Betrieber ennert dess Législatioun faalen, bezeihunngsweis waat fir weider Konditiounen erfellt mussen sin, zum Beispill um Niveau vum Dossier den an den Ministère eragereecht muss ginn.

Ech ginn dovun aus, datt d’Absenz vun desem Règlement de Grond ass fir waat datt desen Budgetskrédit nach nie gebraucht ginn ass oder souguer gebraucht konnt ginn.

Ech riechten dofir méin Appel un d’Regierung, an un de Mettelstandsminister fir dest Réglement esou séier wéi méiglech op den Instanzenwee ze brengen.

Ech sinn schons d’lescht Joar während den Budgetsdebatten op folgenden Punkt agangen.

Ech muss daat nach eng Kéier maachen.

Am Kader vun der Budgetsdebatte vum 16. Dezember 1999 gouf d’Regierung an der Motioun Nummer 21 opgefuerdert, d’Méiglechkeet fir en adequaten institutionnellen a réglementareschen Kader fir Risiko- an Startkapital ze studéieren. Hei sollen d’SNCI an d’Mutualitéiten vum Handwierk an Handel an dess Initiativ mat abezu ginn.

Ech well och drun erenneren, datt dess Motioun eestemmeg vun der Chamber ugeholl ginn ass. Et schengt mer also, wéi wann deser Motioun bis haut nach keng Rechnung gedroen ginn ass. Ech hoffen, datt daat awer elo séier passéiert.

Den allerleschten Punkt vun menger Ried betrefft den Droit d’établissement.

D’Wirtschaft ass am Embroch. Déi nei Technologieen maachen hir Dieren fir nei Aktivitéiten op, mä sin hunn awer och Konsequenzen fir déi méi traditionnell wirtschaftlech Aktivitéiten.

Den aktualiséierten Akitiounsplang fir PME vum Joor 2001 annoncéiert eng Reform vum Droit d’établissement. Eng Reform déi denen neien wirtschaftlechen an technologeschen Emstänn Rechnung droen soll.

Aus desem Dokument geet notamment ervir, datt verschidden Beruffer reforméiert ginn. Daat sin zum Beispill d’Transporteuren, d’Wirtschaftsberooder, d’Reesagencen, d’Komptablen an d’Immoblienmakler. Eng Reform vun desen Beruffer dréit bestemmt dozou béi d’Qualitéit an den Sérieux vun disen Servicer ze verbesseren.

Een weideren Schwéierpunkt vun der Reform ass déi beruflech Qualifikatioun, zum Beispill um niveau vun der Gestion d’Entreprise. Hei muss een dynameschen Kader geschaafen ginn, deen et den verschidenen Beruffer erlaabt fir sech weider ze entweckelen.

Fir d’Handwierk muss d’Meeschterprüfung d’Konditioun bleiwen fir een Handwerkerbetrieb exploitéieren ze können. Trotzdem muss méi eng grouss Flexibilitéit an den ganzen System erakommen. Daat heescht, datt et där Persoun, déi schons Titulaire vun enger Autorisation d’Etablissement ass, et méi liicht gemaach gett fir eng Activité à connexité technique och légal ausüben ze können. Ech ginn ee Beispill vun villen. Eng méi grouss Flexibilitéit erlaabt et den Betrieber, wann eng Aktivitéit net esou gudd leeft, fir op een aanert Pärd ze setzen. E bessen iwerspetzt ausgedreckt, heescht daat awer net datt zum Beispill een Daachdecker och Metzler oder Bäcker spillen kann. Et muss schons een Lien de connexité technique ou pratique zweschent 2 Aktivitéiten bestoen.

Ech begréissen ausdrecklech, datt déi concernéiert Beruffschamberen an dess Reformen mat abezun ginn. Sie wessen jo schliesslech am beschten wéi et um Terrain fonctionnéiert an wou qualitativ Verbesserungen néidech sin. Aus dem Avis vun der Handwerkerkummer geet erfir, datt sie hir Virschléi schons un den Mettelstandministère era gereecht hunn. Ech hoffen och hei, datt déi néidech Texter esou séier wéi méiglech op den Instanzewee bruecht können ginn.

Ech soen eech merci.

Ried vum Luss Clement zum Budget 2002 virgedroen 12.12.2001

1

1