Eng sozial gerecht Politik fiir eist Land

Eng Fräi Tribün vum Maurice Bauer op RTL 92,5

Gudden Metten,

Den nexte 1. Januar ass een ganz wichtegen Datum bei eis am Land. Net nemmen datt mat der Aféierung vun dem Euro ee Meilensteen a Richtung europäesch Eenheet geleescht gett, mee des weideren trett déi zweet Etapp vun der Steierreform vun der Regierung a Kraft.

Wéi wiichteg des Steiereform fiir eist Land ass, ennersträicht den Avis vum Wirtschaft a Sozialrod iwwer déi economesch, sozial a finanziell Evolution vun desem Joer. Aus desem onoofhängegen Avis geet herviir, datt des Steierreform begröisst gett, well sie et fäerdeg brengt, d’Kompetitivitéit vun eiser Economie vill ze staerken an dobäi och sozial gerecht ass.

Sie entlaascht déi jonk Stéit, déi Suën fiir d’Zukunft brauchen.

Wann een elo no den Grenn fiir des Steierreform sicht, esou soot de Staatsminister Jean- Claude Juncker an senger Ried zur Laag vun der Nation dest Joer : Et geet drem d’Dividende vum Wuesstum richteg ze verdeelen. Mam Bleck zreck op d’Leeschtung vun de Leit an mam Bleck no viir op d’Finanznoutwendegkeeten, dei op eis waarden.

Hei mengt den Wirtschafts- a Sozialrod, datt duerch des Steierreform eng méi gerecht Verdeelung vun den Friichte vun eisem Wuesstum zustanne koum an esou all Stoot hei am Land méi eng grouss Kaafkraft huet.

Ouni elo wellen ze vill an den Detail ze goen, hei awer ee puer ganz interessant Zuelen:

– den Agangssteiersaaz läit net ewéi ursprünglech geplangt bei 10%, mee bei nemmen 8%;

– innerhalb vun 10 Joer ass den steierfräie Minimun vun 174.000 op 393.000 Frang fir den Jongesell an vun 248.000 op 786.000 Frang fiir eng bestuete Koppel geklomm;

– mir alleguer wäerten durch des Steierreform ronn 25 Milliarden spueren.

– D’Steierreform as leeschtungsfrëndlech. D’Akommes ginn generell entlaascht. Domat belount sie d’Formatioun an den Asaaz op der Schaff.

Mee niewt de Privatpersounen wäerten awwer och d’Majoritéit vun eisen mettelstännege Betriiber vun deser Steiereform profitéiere kennen.

Fiir den Wirtschafts-a Sozialroot ass et kloer, datt des erfollegräich an wäitsichteg Steier- a Budgetspolitik, déi hei am Land zenter laange Joere gemach gett, op daat ass vum Pierre Werner, Jacques Santer, Jean-Claude Juncker oder Luc Frieden, den Grondsteen duerstellt fiir den staarken Wuestum vun eiser Economie.

Zesumme mat deser zweeter Etapp gett direkt nach eng weider sozial gerecht Mesure getraff.

Vum 1. Januar 2002 u, gett d’Kannergeld em 1000 Frang de Mount gehéischt. Heiriwwer ass d’CSV speziell zefridden: Duerch die regelmässeg Erhéichung vum Kannergeld ka villen Familljen gehollef ginn. D’CSV huet des Erhéichung 1999 an hirem Wahlprogramm gefuerdert.

Ee weideren Schweierpunkt ass fiir d’CSV dat neit Gesetz iwwer déi behënnert Matbierger.

Wéi d’CSV daat an hirem Wahlprogramm gefuedert huet, geet et bei desem Gesetz doremms fiir d’Akommessituatioun vun den Händikapeierten ze verbesseren, fiir esou hinnen Secherheet an Onofhängegkeet ze garanteieren.Mat deser Autonomie waerten Sie hir sozial Integration secherlech besser kennen oofsecheren.

Mir wellen awer och vun deser Geleenheet profiteieren fiir Iech alleguer haerzlech ze inviteiren fiir mat dem Arbechts-an Kommunikatiounsminister François Biltgen ze chatten an zwar iwermuer den Mettwoch den Owend um 20.00 Auer.

Wann Dir also Froen, Idde’en oder Bemierkungen hutt; wann Diir wellt matmachen, einfach op eis Internetsait www.csv.lu; goen an matmachen .

Ech soen Iech villmols Merci fiir aeren Interessi an wenschen iech am Numm vun der CSV eng ganz schein Vakanz.

Maurice Bauer CSV-Generalsekretär adjoint