Wien steet op der Brems?

Aus enger Radioemissioun vum CSV-Generalsekretär Jean-Louis Schiltz

Dat ass eng Fro, déi hei zu Lëtzebuerg an der Politik an deene lëschte Wochen wiederhuelt gestallt ginn ass. Als Generalsekretär vun der CSV wollt ech mech haut och eemol mat der Fro beschäftegen: Wee steet op der Brems?

Wien verhënnert déi neideg Reformen, oder wee mëcht datt et an der Politik méi lues weider geet wéi et eigentlech soll? Ech well haut hei nëmmen e puer Beispiller erausgräifen.

Eischt Beispill: d’Steierreform an d’Sozialpolitik. D’CSV ass ganz eendäiteg de Moteur vun deene Politiken. Déi meescht vun Iech mierken all Mount am Porte-monnaie d’Resultater vun der Steierreform 1999, entweder well se manner Steieren bezuelen oder guer keng méi. An och un déi, déi virun der 99er Reform schons keng Steieren méi bezuelt hun, ass geduecht ginn mat enger Rei vun Moossnahmen. Dat alles ass ënnert dem Impuls vun der CSV geschitt.

Soll daat also elo wirklech déi Partei sinn, déi hei an dem Land op der Brems steet?

Politik, dat ass awer och Gesellschaftspolitik. D’Sozialisten mengen säit Méint d’CSV géif do op d’Brems trieden an och d’DP huet rezent gemengt, sie misst duerch hiere Fraktiounssekretär behaapte lossen, d’DP géif jo gäer méi progressistisch an der Gesellschaftspolitik virgoën, mä d’CSV géif sech do schwéier doen.

Gesellschaftspolitik, dat ass z.B. d’Fro vum 700.000 Awunnerstaat: wëlle mer esou ee Staat, a wa jo wéi, a wa nee, waat huet daat fir Konsequenzen?

Zu deem Thema – wat vläit daat allerwichtegst ass fir d’zukünftegt Gesellschaftsbild vu Lëtzebuerg – huet een nach nët vill vun der LSAP an der DP héieren.

Gesellschaftspolitik daat sinn awer och Froen wéi Euthanasie an déi nei Formen vum Zesummenliewen: Wann ee verschiddene Parteiën nolauschtert, mengt en iwrégens Gesellschaftspolitik daat wäer nëmmen daat.

Déi Themen – Euthanasie an nei Formen vum Zesummenliewen – sinn vill ze wichteg, fir datt een einfach nëmmen drop lass jäizt, fir den Noper – siehe Holland – ze imitéieren. Wat sinn déi Froen op déi et elo Äntwerten gëllt ze fannen:

Beispill: Euthanasie: Wëlle mir haut och zu Lëtzebuerg den hollänneschen Modell vun der Euthanasie? Wëlle mir ee Gesetz, daat firgesäit wéini a wéi jiddereen vun eis kann oder soll doud gemaach gin? Sinn mer fir d’Doudespëll?

Oder awer: Siche mir eng Äntwert op d’Fro, wéi mir kennen an de lëschte Momenter vum Liewen gehollef kréien? Wéi kënnen mir am beschte errächen, datt den Betraffenen manner Leit, daat sech nët therapeutesch op him acharnéiert gëtt an daat säi Liewen ennert menschenwürdegen Emstänn en Enn fënnt?

Dat sinn déi Froen, déi sech stellen.

All Partei – a virun allem déi, déi datt Thema hei plakativ an mat Slogans uginn – sollen hei emol kloer Positioun bezéien. D’Zäit bleiwt awer net méi, fir mech haut och nach am Detail mat der Fro vun de neien Formen vum Zesummenliewen ze beschäftegen.

Awer eppes ass kloer: D’CSV wäert hiirt dozou bäidroen, fir deen ädequaten gesetzlechen Kader fir dës nei Formen vum Zesummenliewen ze schaafen. Domatter wäert der Evolutioun vun eiser heiteger Gesellschaft Rechnung gedroen ginn.

An wann déi neideg Reformen gemaach sinn, dann wäerte mer jo gesinn ob een, a wann jo ween, op der Brems stung. Déi déi awer haut der CSV viirwerfen, si géiff op der Brems stoen, solle ganz gutt op-passen, daat si net mat Vollgaas an eng Sackgaass histeieren.

Um Ofstellgleis ass iwregens och nach vill Plaaz.