Prett fir den Euro

– Aus enger fräier Tribün op 92,5 mat dem Budgetminister Luc Frieden –

Vum 1. Januar d’next Joer un, huet jiddfereen Euroen amplaz Frangen an sénger Täsch; zu Lëtzebuerg an an 11 aaneren europäesche Länner. Dat ass eng emooleg politesch Décisioun, déi eis alleguer betrëfft.

Emooleg, well ni virdrun 12 Länner mateneen décidéiert hunn eng nei gemeinsam Währung anzeféieren.

Mä d’war an bleiwt eng richteg politesch Entscheedung, grad oder vrun allem aus Lëtzebuerger Siicht: 85% vun eisem Handel ass mam europäeschen Ausland. Mat dem Euro ginn et keng Währungsschwankungen a keng Emwiesselkäschten méi, déi eng Inzidenz op d’Präisser hatten. A mir hänken zu Lëtzebuerg nët méi of vum belgesche Frang.

Den Euro as intern eng staark Währung, eis Suën an domadder eis Kaafkraft hunn an de leschten Joeren vill manner u Wärt verluer, wéi dat z.B. vrun 20 Joer de Fall war mat Inflatiounsschwankungen vun iwwer 10%. Dat ass fir eis all méi wichteg, wéi d’Fro vum Cours vum Euro par rapport zum Dollar; iwregens huet de Frang am Verglach mam Dollar och oft zolidd changéiert.

Et ass elo d’Pflicht vun der Politik dofir ze suergen, dat Wirtschafts- a Steierpolitik an natiirlech eis Staatsbudgteen an den Eurolänner esou opgestallt ginn, dat eng zolidd Economie, verbonnen mat gesonde Staatsfinanzen, den Euro als stabil Währung erhaalen. Mir wärten hei zu Lëtzebuerg eis Staatsfinanzen am Equiliber haalen, an an Europa fir Budgetsdiziplin a koordinéiert Wirtschaftspolitiken plädéieren.

Mä den Euro ass nët nëmmen eppes fir d’Economie an d’Politik. Jiddfereen muss dat next Joer am Euro kaafen a Suen verdéngen. Et heescht elo sech dorop intensiv virzebereeden. D’Präisser soll een sech dëst Joer oft an deenen zwou Währungen, Lëtzebuerger Frangen an Euro, ukukken an d’Iwwerweisungen soll een elo schons am Euro machen. Esou gewinnt en sech am beschten drunn.

Den Emrechnungscours, en Euro sinn 40,3399 Frang, läit fest a gëtt nët méi geännert. D’Betribber sollen elo direkt hir Informatik a Comptabilitéit op Euro ëmstellen. Mir wëllen politesch den Euro, mä elo mussen mer all prett sinn fir wann den Euro den 1. Januar 2002 a Form vu Schäiner a Mënze kënnt. Vum 1. März 2002 un gëtt et keng Lëtzebuerger Frangen méi. Wéin sech dëst Joer gudd préparéiert, fir deen gëtt déi emooleg Emstellung op den Euro an e puer Méint eng einfach Saach.