eLetzebuerg konkret

Aus enger Fräier Tribün op RTL mat dem Generalsekretär Jean-Louis Schiltz

Leif Nolauschter, leif Nolauschterinnen,

De Projet E-Leztebuerg ass virun zeng Deeg vum Kommunicatiounsminister Francois Biltgen virgestallt ginn. Déi éischt Erausfuerderung, déi an dësem Zesummenhang op d’Politik zoukennt ass den Problem vun der sozialer Ausgrenzug duerch den Internet.

D’CSV huet dee Problem säit längerem erkannt, an sech och schons ganz sériös Gedanken doriwwer gemaach, wéi een däer sozialer Ausgrenzung duerch den Internet entgéintwierken kann. Et kann net sinn, datt et an Zukunft zwou Kategorien vun Leit ginn, déi déi mam Computer kennen emgoen, an déi déi daat net kennen. Et däerf kee Gruef ginn tëschent den Computerfreaken an deen aneren.

Dat ass hei keng Fro vun Alter, mä fir d’eischt emol eng Fro vun den Méiglechkeeten, déi een huet fir sech mat dem Instrument ze familiariséiern an och eng Fro vun der Zäit, déi een sech hëllt fir daat ze léieren. Déi Méiglechkeete fir sech mam Internet ze familiariséieren mussen dofir weider ausgebaut ginn.

Fir d’eischt sinn daat Zäitmeiglechkeeten. Hei sinn och d’Patronat an d’Gewerkschaften gefuerdert. Et ass un hinnen ze hellefen, do déi riichteg Modellen auszeschaffen. Wéi kënne mer am beschten organiséiern, datt all Mensch zäitlech gesinn, d’Meiglechkeet kritt fir sech mat deene neien Technologien ze familiariséieren? Dat ass hei d’Haptfro.

Als zweete Punkt musse Coursen offréiert ginn, Coursen fir dat deen eenzelnen den Emgang mam Internet ka léieren. Daat muss méi flächendeckend wéi haut a mat méi Nodrock gescheien. Do sinn och d’Gemengen gefuerdert. Coursen, déi den Besoinen vun den Leit ugepasst sinn. Coursen, déi awer och dem Ausgangsniveau wat Computeren ubelaangt vun deem eenzelnen adaptéiert sinn. Grad do muss den Hiewel speziell ugesaat ginn, et ass do virun allem do, wou musse grouss Efforten gemacht ginn fir d’sozial Ausgrenzungen ze verhënneren.

Fir den Autosführerschein brauch deen een jo och nëmmen 12 Stonnen, während deen aaneren der 35 oder méi brauch. Daat nämlecht gëllt fir den Internetführerschein. A wann virgëschter d’Autofueren enger Elite virbehaale war, esou huet haut baal jiddereen haut een Autosführerschein. Daat nämlecht wäert geschéihen mam Internet, et ass jhust ze hoffen, datt et do e bëssen méi séier geet – zäitlech gesinn- biss all Mensch daat Instrument maitriséiert.

Dat ganzt ass awer och eng Fro vun den Präiser. Et mussen Weer fonnt gin fir och finanziell all Mensch et ze erlaaben d’Zougang zu den Informatiounstechnologien ze kréien. Sozial Präisser an sozial Ennerstëtzung an deem Zesummenhang, sinn do déi wichtegst Elementer.

Deen, an aaneren Probleemer am Zesummenhang mat E-Letzebuerg wäerten mer eis als CSV dest Joer widmen ennert dem Motto: “CSV-Horizont 21 – Jo zu E-Letzebuerg – jo zu E-Letzebuerg fir jiddereen”.

Och wann eLetzeburg ganz sëcher net alles ass, och wann eLetzebuerg kee Wonnermëttel ass, och wann den Computer niemols den zwëschenmenschlechen Kontakt waert erstzen kennen – eLetzebuerg wäert dach eis Gesellschaft veränneren

An bei deene Verännerungen däerf kee lenks oder riets um Wee leien gelooss ginn.

1

1