Interventioun iwwer d’Gesondheet an d’Secherheet op der Aarbechtsplaaz

Interventioun iwwer d’Gesondheet an d’Secherheet op der Aarbechtsplaaz

… vum Marcel Glesener (CSV) an der Châmbersëtzung vum 08/02/2000

– et gëllt daat geschwaate Wuert –

Här President, Kolleginnen a Kollegen,

Och wann elo grad hei kee Rapport virgedroe gin ass, sou wëll ech dach méngem Virriedner, Merci soen.

Den Här Lux huet nämlech mat sénger Interpellatioun de Mérite, fir op een Thema hinzeweisen, daat an der Öffentlechkeet nët deen Impakt huet, deen ët misst hun.

Wann een d’Zuele geseit – an ech wärt doropper méi am Detail agoen – dann huet d’Sëcherheet an d’Gesondheet op der Aarbechtsplaaz nët nëmmen Auswierkungen op deen eenzelne Beschäftegten, mee och op eis ganz Ekonomie.

D’Öffentlechkeet geseit dovunner neischt. Si gët nëmme op den Thema opmierksam, wann een opsehenderregend Aarbechtsaccident geschitt, bei deem ët am schlëmmste Fall zu engem oder zu méi Doudege koum.

Mee de Problem ass leider vill méi komplex a betrëfft vill méi Leit.

Dofir gët d’Interpellatioun vum Lucien Lux eis d’Gelégenheet, fir eis Gedanken iwwert dës wichteg Problematik ze maachen, a fir gemeinsam – well bei sou engem Thema därf ët kéng Majoritéit a kéng Oppositioun gin – Léisungen fir déi bestehend Problemer ze fannen, an esou ze garantéieren, datt eis Aarbechtswelt hei zu Lëtzebuerg an der Zukunft méi sëcher a méi gesond gët.

Well d’Sëcherheet an d’Gesondheet op der Aarbechtsplaaz si ganz enk matenee verbonnen.

Wann d’Sëcherheet op enger Plaaz nët gebueden ass, wärt ët schwéier sin, d’Gesondheet vun deene Leit, déi op där Plaaz schaffen, ze garantéieren.

A wann d’Arbeitnehmer nët gesond sin – an ech wëll dëse Begrëff ganz breet interpretéiert wëssen – sin si éischter an der Gefor, fir duerch Onopmierksamkeet Accidenter ze provozéieren.

D’Interpellatioun begreift souwuel d’Sëcherheet wéi d’Gesondheet op der Aarbechtsplaaz.

Ech hun lo grad schons den Zesummenhank tëschend deenen zwee Begrëffer hirgestallt. Ech wëll duerfir a ménger Interventioun och kéng Opdeelung a Sëcherheet an a Gesondheet maachen, well ech sin der Meenung, datt sech datt eent aus deem aaneren ergët.

Erlaabt mer, ir ech an de Vif du Sujet eragin, eng kuurz Klaamer opzemaachen.

Mir si momentan an der Chamberskommissioun vun der Santé an der Sécurité Sociale domadder beschäftegt, fir de Gesetzesprojet 4418 iwwert d’Services de santé au travail duerchzehuelen, an de Vote vun dësem Gesetz an der Chamber ze préparéieren.

Och daat aanert Gesetz vum 17te Juni 1994 iwwert d’Sëcherheet an d’Gesondheet vun de Beschäftegten op der Aarbechtsplaaz gët duerch de Projet 4622 oofgeännert.

An dësem Kontext wëll ech d’Fro opwerfen, op ët gutt ass, datt an der selweschter Problematik zwee Ministèren zoustänneg sin. Wär ët do nët besser fir d’Zoustännegkeeten an enger Hand ze regroupéieren ?

Här President,

Zënter 1994 hu mir hei am Land verschidde Services de santé au travail. Dës Servicer sin méi genau duerch d’Gesetz vum 17te Juni 1994 agesaat gin.

Niewend deem staatleche Service, deen fir alleguer d’Entreprisen do ass, hu verschidde Secteuren, wéi d’Banken oder och d’Industrie, eegen Servicer opgebaut, déi déi Leit ënnersichen, déi an dëse Secteure vun eiser Ekonomie schaffen.

Wann och schons virdrun grouss Entreprisen, wéi zum Beispill d’Arbed, sou ee Service haaten, dann ass ët elo fir all Patron Pflicht, séng Salarié’en an ee Gesondheetscheck ze schécken.

Dëst gëlt souwuel bei der Astellung vun enger Persoun, wéi och a regelméissegen Oofstänn duerno. Doduerch soll garantéiert gin, datt keen eng Aarbecht muss maachen, fir déi e kierperlech nët fit ass. Dëse Gesondheetscheck soll awer och op gesondheetlech Verännerungen – siew ët datt se oofhängeg vun der Aarbechtsplaaz sin, siew ët, datt si eng weider Beschäftegung op där Plaaz verhënneren – hiweisen.

Preventioun an aktiv Matgestaltung bei der Léisung vun optriedende Problemer sin d’Mots clés vun dëse Services de santé au travail.

D’Interpellatioun vum Här Lux ass natiirlech méi breed gefächert. Si geet ee gudd Stëck méi weit, wéi déi gesetzlech Bestëmmungen zum Thema Sëcherheet a Gesondheet op der Aarbechtsplaaz.

An daat ass och richteg sou, well mir sollen eis jo Gedanken fir d’Zukunft maachen.

A sénger Demande d’Interpellation haat den Här Lux fënnef spezifesch Froen opgeheit. Ech wëll, wann der erlaabt, nët genau no dësem Froekatalog fueren, mee méng Interventioun an drei grouss Axen opdeelen : ? d’Accidenter, ? d’Aarbechtsconditiounen an enger Zeit vu Globaliséierung an « New Economy » ? d’Réforme vun der Inspection du Travail et des Mines.

Här President, Kolleginnen a Kollegen,

Op der Hierschtfoire 2000 haat den Aarbechtsministère , ënnert dem Motto « All Accident ka verhënnert gin », eng Sensibiliséierung a Punkto Aarbechtsaccidenter gestart.

Ët ass nämlech erschreckend, wéi eng Ausmoossen datt d’Aarbechtsaccidenter hei zu Lëtzebuerg ugeholl hun.

Fir Joer 1999 goufen 26.078 Aarbechtsaccidenter gemellt. Daat entsprëcht 12,6 Prozent vun deene Leit, déi hei zu Lëtzebuerg schaffen.

Wann dës Zuel, déi op d’Joer gekuckt ass, vielleicht trotz hirer erschreckender Héicht, dach nach abstrakt ass, sou gët ët vill méi konkret, wa mer déi däglech Statistik kucken.

Op den Daag gerechend geschéien hei zu Lëtzebuerg 100 Aarbechtsaccidenter. Vun dësen 100 Accidenter sin 21 Accidenter, déi um Aarbeechtswee geschéien. Och daat schéngt mer eng beunrouegend héich Zuel ze sin.

All 16te Schaffdaag geschitt een déidlechen Aarbechtsaccident. Hei sin d’Verkéiersonfall mat déidlechem Ausgang, déi op dem Aarbechtswee geschéien mat agerechend.

Fir 1999 gesin Zuelen hei folgendermoossen aus : 8 déidlech Accidenter op der Aarbechtsplaaz, an 8 déidlech Accidenter um Aarbechtswee.

D’Ëntwëcklung vun den Aarbechtsaccidenter weist an deene leschte Joeren no uewen. Erlaabt mer d’Zuele vun e puer Joer ze zitéieren, fir dës Behaaptung ze ënnermaueren :

1986 haate mer 17.639 Aarbechtsaccidenter, 1990 21.287 ; 1994 21.198 ; 1997 23.091 a wéi gesot 1999–>26.078.

Zu dëser Ëntwëcklung dréit sëcherlech de staarke wirtschaftleche Wuestum hei zu Lëtzebeurg bei.

Dogéint geet d’Zuel vun den déidlechen Aarbechtsaccidenter awer Gott sei Dank eroof. Wann den Total vun Aarbechtsaccidenter an Accidenter um Aarbechtswee zënter 1986 ëmmer iwwert 20, an souguer heiandsdo iwwert 30 luch, sou gung dës Zuel op 16 fir d’Joer 1999 eroof. Wann dëst och nach 16 Doudeger zevill sin, sou ass daat awer eng positiv Ëntwëcklung, déi nëmmen ze begréissen ass.

Här President,

All Aarbechtsaccident bréngt nët nëmme mënschlecht Leed mat sech. Hien huet doriwwer eraus, an och daat musse mer ouni falsch Scham ausschwätzen, een negativen Impakt op eis Ekonomie.

Well all Aarbechtsaccident bedeit ee méi oder manner laangen Ausfall vun enger Aarbechtskraaft an/oder eng Beanträchtegung vun de weidere Capacitéiten vun der betraffener Persoun. Am schlëmmste Fall ass ët souguer de Verloscht vun enger Aarbechtskraaft.

Vum réng ekonomesche Standpunkt aus gekuckt ass hei nët nëmmen ee Mënscheliewen, daat um Spill steet, mee och beruflech Erfahrung, Qualifikatioun a sou weider.

Ët gët gerechend, datt der lëtzebuerger Ekonomie duerch d’Aarbechtsaccidenter ronn 300.000 Schaffdeeg pro Joer verluer gin. Daat sin 1.150 Beschäftegter.

Finanziell ausgedréckt heescht daat : all Aarbechtsaccident kascht d’Ekonomie am Duerchschnëtt eng Millioun Frang. Daat sin ongeféier 116.000 Frang pro Beschäftegten am Joer.

Am Total gin eiser Ekonomie also 23,5 Milliarden Frang duerch Aarbechtsaccidenter verluer, waat ungeféier 2,5% vum P.I.B. ausmescht.

All Aarbechtsaccident bedeit och : manner Bénéfice fir d’Betrieber, eng Erhéihung vun de Kotisatiounen an der Sozialversëcherung, souwuel fir d’Versëchert wéi fir de Patron an eng Baisse vun den Investissementer.

Souguer ouni déi menschlech Komponent mat an d’Spill ze bréngen, woubei de Mensch nach ëmmer daat Wichtegst ass a bleiwt, muss ët jidderengem aliichten, datt a Punkto Aarbechtsaccidenter ganz schnell gehandelt muss gin.

Wann ech lo op déi negativ Konsequenzen, um mënschlechen an um ekonomesche Plang, higewisen hun, sou ass ët dach och nach interessant fir op drei aaner Punkten anzegoen : 1. a wéi enge Sekteure vun eiser Ekonomie sin Aarbechtsaccidenter am heefechsten ? 2. waat fir eng Ursaache gin ët, an, no der Ursaacheforschung eng logesch Konsequenz, 3. wéi kann een méi eng grouss Sëcherheet op der Aarbechtsplaaz schaaffen an doduerch d’Aarbechtsaccidenter vermeiden ?

1. Wéi eng ekonomesch Sekteuren sin dann elo am meeschten vum Aarbechtsaccidenter betraff ?

Datt déi Leit, déi am Bereich vum Dachdecker schaffen am meeschten Aarbechtsaccidenter opzeweisen hun schéngt mer normal ze sin, obwohl ech hei op dëser Plaaz wiirklech keen Aarbechtsaccident als normal wëll betruechten, well wéi schons gesot, ass all Accident vermeidbar.

Waat engem bei der Analyse vun den Zuelen awer besonnesch opfällt, ass datt den Travail intérimaire, tous secteurs confondus, un zweeter Plaaz a Punkto Aarbechtsaccidenter leit. Beschäftegt, déi a sou engem Aarbechtsverhältnis schaffen, hun am Duerchschnëtt 11,5 Aarbechtsaccidenter pro Daag.

An domadder kommen ech direkt op d’Ursaachen vun den Aarbechtsaccidenter ze schwätzen.

Well déi Ursachen, sin zu engem groussen Deel déi selwescht fir all Beschäftegt a fir all ekonomesch Sekteuren.

D’Haaptursaachen fir Aarbechtsaccidenter leien nämlech nët an defectueusen Apparater, oder an nët bestehenden Sëcherheetsmoossnahmen oder -virschrëften. Ursaache leie vill méi :

? an enger nët Familiariséierung mam Aarbechtsëmfeld, ? an enger schlechter Aweisung an d’Aarbechtsplaaz, ? an enger Onopmierksamkeet, déi duerch aaner Facteuren, déi och privater Natur könne sin, ausgeléist gët, ? an engem schlechten Aarbechtsklima, daat och déifgreifend Impakter op d’Gesondheet vun de Beschäftegten huet.

Beim Travail intérimaire kommen nach eng Rei vu méi spezifeschen Ursaachen dobei, an ech wëll do nëmmen eng nennen, nämlech : ? de Fait, datt souwuel d’Interimsfirma, wéi och d’Entreprise utilisatrice fir d’Gesondheet an d’Sëcherheet zoustännerg sin, awer kéng vun deenen zwou Entreprisen sech richteg responsabel fannen, an d’Sëcherheetsmossnahmen, wéi och déi noutwendeg Formatioun dorënner leiden.

Wann ech elo méi spezifesch op d’Aarbechtsaccidenter agaange sin, dann wëll ech hei awer och kuurz méi allgeméng op d’Gesondheet op der Aarbechtsplaaz agoen.

Ech well hei wiirklech nëmmen e puer Stechwierder an d’Diskussioun awerfen, well mir jo sëcher, wann mir de Projet iwwert « d’Services de Santé au travail » behandelen nach eng Kéier op dës Problematik zërëckkomme wärten.

Ech hun ët schons gesot : d’Ursaachen fir Krankheeten sin och ganz oft d’Ursaachen vun Aarbechtsaccidenter. Als Stechwierder wären do ze nennen : Stress, Mobbing, all Sorten vun Harcèlement, Aangst, am Résumé also ee schlecht Aarbechtsklima. Awer och perséinlech Problemer, Démotivatioun, Frustrationen können Ursaache sin.

……

Wéi kann een dann d’Aarbechtsaccidenter vermeiden an d’Gesondheet vun de Beschäftegten op hirer Aarbechtsplaaz garantéieren ? Erlaabt mer, Här President, Kolleginnen a Kollegen, op dësem Punkt ganz generell ze äntworten.

Ët ass, méngen ech, een onbestreitbare Fait, datt d’Aarbechtsklima ee groussen Afloss souwuel op d’Gesondheet, wéi och op d’Motivatioun vun de Beschäftegten huet.

Wann d’Aarbechtsklima also stëmmt, wann all daat nët virkënnt, waat ech elo grad opgezielt hun, dann ass schons ee grousse Schrëtt a Richtung méi Gesondheet a méi Sëcherheet op der Aarbechtsplaaz gemaach.

Ët versteet sech vu selwen, datt doriwwer eraus d’Virschrëften iwwer d’Sëcherheetsmoosnahme musse respektéiert gin. Daat leit awer och an der Responsabilitéit vun de Beschäftegte selwer. Do ass nët nëmmen de Patron gefuerdert.

Als oofschreckend Beispill muss ee jo de Bau nennen, wou dës öftere bestehend Sëcherheetsvirschrëften vun de Beschäftegten nët applizéiert gin.

Doniewend kann ech mer awer och virstellen, datt verschidde Gesetzgebungen kinnten an enger Richtung geholl gin fir Aarbechtsaccidenter ze vermeiden. Ech wëll als Beispill nach eng Kéier de Bau nennen, an zwar méi spezifesch den Travail intérimaire um Bau. An der Belscht ass daat verbueden. Hei zu Lëtzebuerg misste wahrscheinlech Betrieber zou maachen, wann si dës Méiglechkeet nët méi hätten. Ët schéngt awer klor ze sin, datt mat Intérimaire d’Gefor méi grouss ass, datt Accidenter geschéien. Sou Beispiller kënnt ee nach fannen.

Waat ech elo hei gesot hun, ass sëcherlech nët exhaustiv. Mee, ech sin der Meenung, datt hei no engem Tripartitemodell soll no Léisunge gesicht gin. Ët heescht de Modell « win-win-win » unzewenden. Daat bedeit, datt déi drei Partner – Staat, Salariat a Patronat – bei deene Léisungen, déi gemeinsam font gin, gewannen.

Well déi drei Partner hu Responsabilitéiten ze droen. An déi drei Partner zéien Avantage aus enger Situatioun , an där d’Aarbechtskrankheeten an d’Aarbechtsaccidenter op een absolut Minimum beschränkt sin.

D’Idealsituatioun, an där ee weder Aarbechtskrankheeten nach Aarbechtsaccidenter kennt, schéngt mer eng Utopie ze sin. Mee e Schrëtt an dës Richtung ze maachen ass een Ziel, datt mer nët därfen aus den Aen verléieren.

Dobei musse mer eis awer bewosst sin, datt een déi bestehend Situatioun nët vun haut op mar kann änneren. Hei muss een à moyen et à long terme räsonnéieren.

Eng « Culture de la Sécurité » an enger Entreprise baut sech nämlech lues a lues op. Dofir gëlt ët schnell unzefänken, fir a Richtung vu méi Sëcherheet a méi Gesondheet ze schaffen.

Här President, Kolleginnen a Kollegen,

Aus deem waat ech elo grad gesot hun, ergët sech logescherweis déi zweet Haaptaxe vun menger Interventioun : d’Aarbechtsconditiounen an hiren Impakt op d’Sëcherheet an d’Gesondheet op der Aarbechtsplaaz.

Waat d’Verbesserung vun den Aarbechtsbedingungen ugeet, sou ass dëst natiirlech een Thema, fir daat mir alleguer op sin. D’Ziel vun enger richteg verstaanener Aarbechtsmaartpolitik a vun engem richteg verstaanenen Droit du travail, muss och an Zeiten vun Globaliséierung, vun New Economy an engem ëmmer méi staarke Konkurrenzkampf d’Garantie vun Aarbechtsplaaze sin, déi engem héichen Sëcherheets- Standard gerecht gin.

Ech wëll an dësem Zesummenhank d’Aussoen vun der CSV an hirem Wahlprogramm nach eng Kéier an Erënnerung ruffen. Hei hu mir folgendes gesot, an ech zitéieren : « Die CSV tritt für eine humane Gestaltung der Arbeitswelt ein. Arbeit darf sich nicht darauf beschränken, ausschliesslich der Sicherung des Auskommens und des Lebensstandards zu dienen. Arbeit bedeutet auch und vor allem Persönlichkeitsentwicklung, Sinnfindung und Selbstentfaltung. (…) Die Motivation und die Leistungsfreude der Arbeitnehmer ist ein Standortvorteil. Neben einem soliden Arbeitsrecht sind humane Arbeitsbeingungen eine wesentliche Voraussetzung von unternehmerischem Erfolg. »

Dir gesit, Här President, Kolleginnen a Kollegen, datt d’CSV sëcher nët d’Partei vum ongehemmten wirtschaftelche Wuestum um Bockel vun de Beschäftegten ass.

Dësen Image haat d’CSV ni, a wärt d’CSV och ni kréien.

Well fir eis kënnt d’Wuel vum Mënsch nach ëmmer virun all blannem Eifer no Bénéfice.

Woubei natiirlech den Equiliber tëschend der Kompétitivitéit vun den Entreprisen an dem Schutz vun der Gesondheet an der Sëcherheet – an deen Här Lux haat an sénger initialer Froestelung och dëst Thema ugeschnidden – vun de Beschäftegten muss bewahrt bleiwen.

Aus deem waat ech lo grad gesot hun geet ët jo schons klor erfir, datt d’Gesondheet vun de Beschäftegten virun de puren ekonomeschen Iwwerléunge muss kommen.

Natiirlech ass eng Entreprise kee Wohlfartsunternehmen. Hiren inhérente But ass ët Benefice ze maachen. Daat wëlt och keen engem Betrieb oofschwätzen.

Ët ass awer genau sou evident, datt zevill flexibel Aarbechtszeiten, d’Aangst, séng Aarbecht ze verléieren, ze mann Experienz, dozou beidroen, datt d’Accidenter op der Aarbecht an d’Luet gin.

Stress, an eng gréisser Zuel un Troubles musculo-squelettiques (TMS) si weider négativ Konsequenzen vun eiser moderner Aarbechtswelt.

An hei musse mir eis och selwer bei der Nues huelen. Eng Flexibilitéit à la carte, ee POT, wéi en am PAN’s-Gesetz virgesin ass, wärten, wann domadder iwwerdriwwe gët, neischt Positives bewiirken.

Mir – daat heescht all betraffe Partner : Politik, Salariat a Patronat – mussen also Wéer fannen, fir der verstärkter Konkurrenz um Weltmarché ze begéinen, ouni dobei eis Beschäftegt a Situatiounen heran ze manouvréieren, déi négativ Konsequenzen op hir Gesondheet an hir Sëcherheet hun.

Een éischte Schrëtt an déi richteg Richtung ass sëcherlech dofir ze suergen, datt d’Mataarbechter an engem Betrieb : Formatioun continue kréien, fir ëmmer um neiste Stand vum teschnechen an technologesche Fortschrëtt ze sin.

Daat bréngt dem Patron d’Gewëssheet, datt sei Betrieb am internatioanle Wettbewerb ka mathaalen. An d’Salarié’en brauche kéng Aangst ze hun, datt si hir Aarbecht géifen aus deem Grond verléieren, datt si dem Fortschrëtt hannendru laafen. D’Recht op Formation continue ass zënter laange Joeren eng Fuerderung vun de Gewerkschaften. Verschiddenes gouf och schons op deem Plang gemaach. An Zukunft muss dëse Créneau nach weider ausgebaut gin.

Ët gët des öfteren dovunner geschwaat, datt eng Réduktioun vun der Aarbechtszeit géif méi Sëcherheet mat sech bréngen. Mir haaten bei den Diskussiounen zum Lëtzebuerger Beschäftegungsgipfel an iwwert d’PAN-Gesetz och iwwert eng Aarbechtzeitreduktioun nogeduecht.

Dobei war der CSV hir Meenung, datt nët iwwert Gesetz soll eng Aarbechtszeit-Verkierzung dékrétéiert gin, datt awer d’Sozialpartner sou eng Moossnahm können aféieren. Ee parallelt Verhandelen vun Flexibilitéit an Aarbechtszeitverkierzung war eis Positioun am Rapport zur Beschäftegungspolitik vum November 1997. Dobei bleiwe mir och haut.

Ech wëll awer dorop opmierksam maachen, datt duerch d’Aarbechtsaccidenter och haut schons am Duerchschnëtt eng 35-Stonnewoch geschafft gët, och wann d’Patro’en nach 40 Stonne bezuelen.

Déi néideg Iwwerstonnen, déi vun de Kollegen vun den accidentéierten oder kranke Beschäftegte musse gemaach gin, schrauwen den Risiko vu Krankheet an Accident natiirlech nach weider erop. Ët ass also an engem gewësse Sënn een Deiwelskrees aus deem mir awer musse versiche fir schnell eraus ze kommen.

Här President, Kolleginnen a Kollegen,

Als leschte Punkt vu ménger Interventioun wëll ech dann – wann och méi kuurz – op d’Reform vun der Inspection du Travail et des Mines agoen.

D’Reform vun der ITM ass an deenen interresséierte Kreesser een Dauerbrenner. Ët kann ee schons baal soen, datt zënter dem 4ten Abrëll 1974, Datum vum Gesetz daat d’ITM réorganiséiert huet, iwwert eng Reform geschwaat gët.

Waat soll dann a Punkto Reform vun der Inspection du Travail et des Mines geschéien ?

-D’Contrôlleure sollen méi Pouvoir kréien, -Protokoller ausstelle können, – Amendes d’ordre verhängen -an ee Betrieb zou maache können.

Si géifen also eng Fonctioun vun engem Officier de Police Judiciare kréien. Ech wëll mech haut nët iwwert déi legal Méiglechkeeten an där Riichtung ausloossen. Ech sin awer och der Meenung, datt ët wichteg ass, de Kontrolleuren méi Pouvoir ze gin, well daat sëcherlech dozou beidroe wärt, datt si hir Controlle können méi efficace maachen.

Bei sou enger Reform an enger Ausweidung vum Pouvoir vun de Kontrolleuren muss een natiirlech och drun denken, datt bis elo dës Leit vun de Gewerkschafte proposéiert goufen. Wéi steet ët dann mat der Onoofhängegkeet vun dëse Leit, déi jo dann Attributiounen vun engem Officier de Police Judiciaire hun, vis-à-vis vum Patron ?

Eng aaner Fro betrëfft hire Statut. Wéi ass den Iwwergank vum Employé de l’Etat, waat si haut sin, op de Fonctionnaire, deen si am Fall vun der Duerchféierung vun dëser Reform misste gin ? Missten si dann och een Exame maachen ? Daat si Froen déi am Virfeld vun enger Reform musse beäntwort gin.

Eppes wollt ech awer klor soen : bei der Aarbecht vun de Kontrolleure kënnt drop un, datt a Punkto Aarbechtsbedingungen, dem Anhaale vum Aarbechtsrecht, der Sëcherheet an der Gesondheet op der Aarbechtsplaaz konkret Moossnahme geholl gin.

Ganz wichteg ass an dësem Zesummenhank mol nët de Statut vun de Kontrolleuren, méi d’Zuel vun de Kontrolleuren.

Och wann eng Rei Leit vun der Douane mat zum Staff vun der ITM gehéieren, da sin ech dach der Meenung, datt d’Effektiver vun der ITM misste ganz schnell opgestockt gin, fir d’Efficacitéit vun de Kontrollen och weiderhin ze garantéieren an d’Confiance an d’Aarbecht vun der ITM nët ze schwächen.

An dësem Kontext wëll drop hiweisen, datt de Staatsrot a séngem Avis zum Gesetzesprojet 4568 iwwert de Schutz vun de jonken Beschäftegten, ausdrëcklech ënnerstrach huet, datt d’ITM muss daat néidegt Personal hun, fir hir Aufgaben efficace können ze bewältegen.

Här President,

Verschidden Problemer, déi den Här Lux a sénger Demande d’Interpellatioun opgefouert haat, respektiv, déi engem zum Thema nach können afaalen, hun ech elo a ménger Interventioun nët ugeschnidden.

Ech wëll aawer an engem Saatz doropper agoen.

Eng Charta iwwert d’Gesondheeet an d’Sëcherheet op der Aarbechtsplaaz schéngt mir eng interessant Idee ze sin, obwohl ech lo direkt nët gesin, wéi daat an der Praxis soll ausgesinn.

A Punkto Détachement vun auslänneschen Aarbechtskräften op Lëtzebuerg sin ech der Meenung, datt d’Sëcherheetsnormen territorial applicabel musse sin, also och fir auslännesch Firmen hei zu Lëtzebuerg ze gëllen hun. Ët leit jo och ee Gesetzesprojet an där Richtung vir.

D’Artikelen 115 an 116 vum Code des assurances sociales mussen eng Kéier iwwerschafft gin, fir de Familljememberen vun Affer vun engem Aarbechtsaccident d’Méiglechkeet ze gin, fir zivilrechtlech Schrëtter anzeléden, och wann ët um pénale Plang nët zu enger Verurteelung komm ass.

Eng ganz Partie vun Directiven sin nach nët ëmgesaat. Lo kritt d’ITM awer 2001 een Ingénieur an hire Staff, deen sech nëmmen dorëms këmmere wärt.

Och muss hei gesot gin, datt vill Directiven nët nëmmen den Aarbechtsminister, mee och den Ekonomieminister betreffen.

Ët gët öfters vun enger Codificatioun vun de Sëcherheetsnorme geschwaat. Ech wëll dorop opmierksam maachen, datt sou ee Code besteet, an zwar um Internetsite vun der ITM. Hien huet fir Lëtzebuerg eleng 3000 Seiten. Op europäeschem Niveau sin daat 13000 Seiten. Avis aux amateurs fir sech daat unzeliesen.

Här President, Kolleginnen a Kollegen,

Nach eng Kéier. Dës Interpellatioun huet als Mérite, de Fanger op eng Wonn ze léen, déi vill méi déif ass, wéi d’Öffentlechkeet se an Uecht hëlt.

Ët ass un eis als verantwortlech Politiker, fir Wéer opzezeechnen, wéi mir de Problem vun der Sëcherheet an der Gesondheet op der Aarbechtsplaaz können ugoen, an déi héich Zuel vun Aarbechtsaccidenter können vermeiden.

Ët ass awer nët nëmmen eng Aufgab fir d’Politiker.

Hei, wéi op villen aanere Plaazen, ass d’Matwierke vun der Sozialpartner verlaangt. Mat Tripartite’s-Léisungen hu mir hei zu Lëtzebuerg jo vill a gudd Erfahrunge gemaach. An hei ass een Domaine par excellence fir de lëtzebuerger Modell unzewenden. Well jiddereen vun de Sozialpartner huet Interessi drun, datt sou mann wéi méiglech Aarbechtsaccidenter geschéien.

Menschlecht Leed op der enger Seit, ee flott Aarbechtsklima, ee gudd fonktionnéiernde Betrieb, d’Begrenzung vu materiellen a finanzielle Verloschter sin Argumenter genuch fir zesummen un engem Strack ze zéien a gewëllt ze sin, Aarbechtskonditiounen ze schaaffen, déi d’Sëcherheet an d’Gesondheet op der Aarbechtsplaaz garantéieren.

Wann dës Débatte dozou bedréit fir alleguer déi betraffe Partner ze sensibiliséieren, méi grouss Effort’en an dëser Richtung ze maachen, dann war dëst eng wichteg an eng gudd Débatte. D’CSV an d’CSV-Fraktioun sin op jiddefalls bereet, hir Responsabilitéiten op dësem Gebidd ze iwwerhuelen.

Ech soen Iech Merci.