www.csv-stad.lu an www.csv-hesper.lu sinn online

www.csv-stad.lu an www.csv-hesper.lu sinn online

CSV an CSJ Sektioun Hesper an den CSV-Stadverband sinn online.

Den technologesche Fortschrëtt ass net ze bremsen, huet ëmmer méi Afloss op d’Liewensgewunnechte vun de Mënschen a schaft fir all Dimensioune mënschlecher Kommunikatioun nei Méiglechkeeten a Formen.

Stechwuert: Internet. D’Zuel vun de Surfer hëllt ëmmer zou. Esou hunn och eis Sectioune d’Zeeche vun der Zäit erkannt an eegene Site konzipéiert; engersäits fir sech no baussen nach besser kënnen duerzestellen an anerersäits fir d’Leit iwwert d’Aktivitéiten an d’Meenungen um Lafenden ze halen.

Op dësen zwee neie Site ginn virgestallt, e.a. de Comité an d’Vertrieder aus dem Schäffe- a Gemengerot, d’Membren an d’Suppléanten aus deenen eenzelnen kommunalen Commissiounen, souwéi d’Comitéen vun CSJ an CSF.

Eng Säit mat deenen leschten News kann opgeruf ginn, Uregungen, Kritiken a Verschiddenes kann en iwwert déi technesch Formulaire zoukomme loossen.

E neie Surftipp fir all Intresséierten