Wéi geet et elo weider an Europa?

Ried vun der Parteipräsidentin Erna Hennicot-Schoepges um 100,7 an der Emmissioun d’Parteien hunn d’Wuert

D’Resultater vum Sommet vu Nice sinn positiv! ? Nice bréngt e Fortschrëtt ? d’Unioun huet et fäerdeg bruecht de Gruew tëschent groussen a klenge Länner ze iwerwannen.

? De Funktionnement ass verbessert ginn – 40 Artikelen aus dem Vertrag sinn vun der Eestemmegkeet entbonnen. Et wäert alo méiglech sinn méi séier zu Décisiounen am Ministerrot ze kommen.

Et gouf natiirlech grouss Widerstänn bei der neier Verdeelung vun der Stëmmegewiichtung, wann déi grouss elo 29 Stëmmen hunn, dann ass de Benelux zesummen gläich mat Däitschland Frankreich England an Italien.

Eist Land huet duerch eng gudd Virbereedung vum Sommet a vrun allem och duerch d’Verhandlungsgescheck vum Premier Jean-Claude Juncker gudd ofgeschnitten. Nodeem schon am Virfeld vum Sommet den Drock op eis Finanzplatz aus der Wee geraumt gi wor, konnt eis Positioun bei der Reform vun den Institutiounen gestärkt ginn: Mir sinn dat eenzegt Land, deem säi Stëmmenundeel verduebelt gouf, vun zwee op véier. Mir hunn och weider sechs Europadeputéierte – a behalen eise Kommissär.

Mir kennen also mam Resultat zu dëse Froen zefridde sinn.

? Et heescht elo wieder schaffen, well d’Europäesch Unioun huet nach vill Defiziter. Sou ass z.B. an der Sozialpolitik nach villes ze maachen. Dat vun enger Majoritéit vu Sozialisten regéiert Europa beweist, datt de Sozialismus ké Garant fir Sozialpolitik ass – au contraire.

? Mat der Erweiderung kënnt ee neien Defi op d’Unioun duer. Nice huet awer ganz kloer de Wee zur Erweiderung opgemaach. Dat ass e grousse Fortschrëtt, an do sinn all Länner gefuerdert, wann et drëm geet deene Staaten, déi duerch en halleft Johonnert Kommunismus de freie Wueren- a Persouneverkéier net kannt hunn, ennert d’Aerm zegräifen.

? Europa mecht och no Nice e puer Schrëtt no vir. Dem engen oder aner sinn dës Schrëtt sëcherlech nët grouss genuch. An enger Zäit vun grousse Changementer am politeschen Liewen, an der Gesellschaft, ass dat vläit gutt.

Fir datt Europa weidergeet, fir datt Europa och wiederhin fir Fridden, Wuelstand a Gerechtegkeet steet, brauche mer d’Versteedemech vum Biirger. Nice ass an dem Sënn ee wiichtege Moment. Nët alles, awer villes ass décidéiert gin.

? Och no Nice bleiwt Europa nët stoen, och no Nice huet Europa nei Perspektiven.

? De Wee fir ee staarkt a solidarescht Europa ass nach net ofgeschloss. Den Défi fir d’Politik bleiwt bestoen. Kleng Fortschrëtt maache grouss Fortschrëtter méiglech, heescht et. An datt war zu Nice de Fall.

An dach, Europa ass a bleiwt eng wichteg a noutwendeg Aufgab fir d’Politik.

D’CSV jiddenfalls ass bereed un dëser Aufgab och weiderhin konkret a mat Engagement mat ze schaffen, d’Ierwschaft vun de Grënner, déi all Chrëschtdemokrate waren, verpflicht eis.

Ech lueden Iech an op dësem Wee mat eis ze goen.