Iwwer d’Basis, méi no bei d’Leit

Iwwer d’Basis, méi no bei d’Leit: CSV Aperitif: där frot, mär äntweren

Eng wichteg Roll vun der Politik besteet doran, de Kader ze erstellen an deem allgemeng Problemer, déi all Bierger oder eng Kategorie vu Leit aus eiser Gesellschaft betreffen, geléist kënne ginn. Et versteet een, datt an dësem Kader nët all klenge Problem vun all eenzelne Bierger berücksichtegt ka ginn. Anersäits kann all Problem nëmmen an de Grenzen vum Kader, deen d’Gesetzer an d’Reglementer setzen, geléist ginn. Perséinlech Problemer soll ee wa méiglech selwer léisen, a wann een dofir nët déi néideg Mëttel, Kenntnësser oder Relatiounen huet, da sprangen oft d’Bekannten, d’Frënn, d’Noperen, d’Associatiounen oder och nach d’Gemengeservicer an.

Trotzdeem därf d’Politik nët laanscht de Bierger lafen. Oft kënnen d’Schwieregkeete vun engem Eenzelnen op en allgemenge Problem opmierksam maachen an Ustouss zu enger genereller Reglementatioun ginn. Dofier muss een d’Leit och unhéieren. Hei huet d’Partei eng wichteg Roll ze spillen a muss sech och dëser Erausfuederung stellen. Si huet sech jo Strukture ginn fir datt engersäits d’Informatioun vun uewen no ënne fléisse kann an anersäits d’Problemer vun der Basis op d’Parteispëtz an doriwwer an déi zoustänneg Kanäl gedroe kënne ginn. Dës Strukture mussen am Interessi vun enger efficacer Politik fir de Bierger genotzt ginn. An engem Artikel am Profil hat ech viru kuerzer Zäit geschriwen: “Die Basis neu motivieren für eine bürgernahe Parteiarbeit, das soll das Leitmotiv unserer Bemühungen im Bezirksvorstand sein…”

Eischt Initiative sinn an där Richtung vun der Partei geholl ginn. Déi kantonal Informatiounsversammlungen hu bis elo ee grousse Succès ze verzeechnen. Vill Leit aus de Sektiounen hu sech d’Vierträg vum Generalsekretär ugehéiert a ganz vill Froe goufen an dene Versammlungen gestallt an eng etlech interessant Vierschléi goufe gemeet. Och eis Beziirksversammlung déi iwwer den Avis zu der Reform vum Walgesetz befond huet war een Erfolleg. Bei all dene Geleeënheten konnte mer feststellen, datt eis Memberen ee Bedierfnes un Informatiounen an u Kontakt mat eise Mandatsträger hun. Si sinn interesséiert wat an der Partei geschit, wat d’Chamber schafft a wat d’Regierung décidéiert .

Mär wëllen dofir de Kontakt mat der Basis an doriwwer eraus mat de Bierger weider verdéiwen. Vun Ufank nächste Joer un wëlle mer ongezwongen Dëschgespréicher mat de Memberen aus eise Sektiounen a mat de Leit aus hieren Uertschafte féieren. A regelmässegen Abstänn wëlle mer, wa méiglech a Begleedung vun engem vun eise Ministeren a vun deem engen oder aneren vun eise Süddeputéierten, Samsdegs mueres an ee gëegent Lokal vun enger Sektioun goen fir do mat de Leit iwwer hier Problemer ze schwätzen. Et solle keng Rieden oder Vierträg gehaal ginn, mär wëllen de Leit einfach nolauschteren. Si solle Froe stellen a mär wärte versichen hinnen eng valabel Äntwert ze ginn.

Norbert Haupert Beziirkspräsident