Interpellatioun iwwer d’Situatioun vun de Krankekeesen

Interpellatioun iwwer d’Situatioun vun de Krankekeesen Interventioun vum CSV-Deputéierten Marcel Glesener (14/11/2000) – et gëllt daat geschwaate Wuert –

Här President, Dir Dammen, Dir Hären,

1992 war ee wichtegt Joer fir daat letzebuergescht Sozialwiesen. Mir hun en neit Krankekeese-Gesetz gestemmt. No vill a grad esou heftegen Diskussiounen – Eenzelner heibannen erenneren sech nach bestemmt ganz gudd dorun – as ee Kompromiss zustan komm. Ee Kompromiss, deen d’Grondlaag fir eng ganz Retsch vun Neierungen bei de Krankekeese war.

All des Neierungen hun et erlaabt, d’Explosioun vun den Ausgaben am Gesondheetssecteur an de Greff ze kréien.

Erlaabt mer op deser Plaz, d’Prinzipien vun eise Krankekeesen an och vun der 92er Reform nach eemol ze rappeléieren: ? gläichen Zougang zur medizinischer Betreiung fir jiddereen; ? obligatoresch Konventioun fir d’Doktoren; ? fräi Wiel vum Prestataire; ? déi selwescht Kotisatiounen fir Naturalleeschtungen; ? d’Festhaalen un der Risikogemeinschaft; ? eng gemëschte Finanzéierung duerch Kotisatiounen a Steieren; ? eng grouss Verwaltungsautonomie fir d’Assuréen an d’Patronat.

Dest sin Prinzipien déi och haut nach gellen. Et sin Prinzpien, déi sech an der Praxis als richteg erwisen hun. Et sin Prinzipien, zu deenen d’CSV sech emmer nach bekennt.

Daat gelt och fir déi konkret Moosnahmen, déi ech nach eemol opziele well.

? Ennert d’Prestatiounen faalen nom 92er Gesetz och d’Programmer vun der Preventiv-Medezin.

? Wat de Finanzement ugeet, esou as d’Répartitioun vun de Chargen an d’Schaafen vun enger Reserve, déi net manner ewéi 10 an net méi ewéi 20 Prozent vun de Joeresausgaben ausmache därf, festgehale gin.

? D’UCM as als daat Haaptentscheedungsorgan um nationale Plang agesaat gin. Des Unioun as responsabel fir de Budget an domat och fir d’Festleen vun den Taux de cotisation, d’Négociatiounen mat de Prestatairen an d’Participatioun vun den Assuréen; ? Konventiounen tëschend der UCM an der Entente des Hôpitaux sollen d’budgetär Froen léisen. Ee Prozentsaatz am Budget vun all Spidol si frais fixes, déi all Mount vun der UCM avancéiert gin. De Rescht si frais variables, déi à l’acte bezuelt gin.

? Mat deene verschiddene Prestataires am Extra-hospitalier (zum Beispill den Dokteren) gin och Konventiounen oofgeschloss. D’Tarifer gin a verschiddene Nomenclature festgehaalen. Hei gët ët och ee Schlëssel, deen all Joer nei ausgehandelt gët.

? Commission de surveillance as als kompetent Organ fir all Litigen tëschend engem Prestataire an der Assurance agesaat gin.

? Den Tiers payant as ausgewäit gin op Analysen an d’Apdikten.

? Schlussendlech huet d’Quadripartite mat dem 92er Gesetz eng legal Basis kritt. An desem Gremium setzen déi eenzel Akteuren, déi am Gesondheetswiesen aktiv, sin zesummen..

Här, President, Dir Dammen, dir Hären,

Mat deem neie Gesetz koum et 1992 zu méi Transparenz a méi Matbestemmung.

Dest war an as och haut nach am Senn vun den Assuréeen, déi awer grad ewéi d’Prestatairen an de Staat méi eng an d’Verantwortung mat abezu gi sin.

D’Gesetz vun 1992 war e gudd Gesetz. Et war ee Kompromiss, an dach huet et sech an der Praxis als zweckméisseg erwisen.

Elo, acht Joer duerno, solle mer haut de nommeteg Bilan zéien. Et as jiddefalls daat, waat den Interpellant wellt.

Ech mengen et sollt ee wirklech Bilan zéien. Awer daat giff de Kader vun enger einfacher Interpellatioun sprengen. Wa mer daat wellen amchen, musse mer eis heibannen Zäit gin, déi néideg Informatiounen anhuelen an des Donnéen am Detail analyséieren.

Daat as eng Übung, dir mer eis net welle verschléissen.

Dem Här Bartolomeo séng Idee as also am Prinzip ze begréissen. Mais, him geet et eigentlech net em déi méi fundamental a prinzipiell Diskussioun. Dem Här Bartolomeo geet et eenzeg an alléng em eng Saach.

Fir séng Partei well hien Kapital schloen aus a) dem Dokterestreik an b) der Onzefriddenheet vun de Gewerkschaften iwwer de Verlaaf vun der Krankekeesen- Quadripartite.

Doriwwer eraus probéiert den Diddelenger Buergermeeschter erem eng Kéier d’Thema Spidolsplang aus evidenten Grenn am Parlament opzewiermen. En Tour duerch d’Frankelach dréien, as souwisou eng vun de Spezialitéiten vum Här Bartolomeo.

Alles daat as legitim. Et muss een just fairerweis soen, waat e wellt.

Här President, Dir Dammen , dir Hären,

Ech kommen dann elo zu e puer méi inhaltlechen Bemierkungen iwwer daat, waat am leschte Joer am Krankekeesewiesen geschitt as.

Wéi 1999 d’Quadripartite an duerno d’Generalsversammlung vun der Union des Caisses de Maladie zesumme komm sin, as et en budgetären Defizit vun eppes klenges manner ewéi 2 Milliarde Frang gin.

Fir desen Defizit an de Greff ze kréien, huet d’Generalsversammlung vun der UCM den 10. November 1999 géint de Wellen vun de Gewerkschaften d’Participatiounen un de Leeschtungen an Cotisatiounen vun den Assuréen erhéijht.

De Widerstand vun de Gewerkschaften hat näischt gedenkt, och net déi konzertéiert Actioun enner dem Impuls notamment vum OGB-L. D’Salariat huet 665 Milliounen Frank missen opbrengen fir den Defizit ze behiewen. D’Patronat koum mat 342 Millioune Frang relativ gudd eweg. De Staat huet sengersäits 1 Milliard bäigesteiert.

Fazit: Fir déi defizitär Entwécklung an de Greff ze kréien, sin d’Assuréen zur d’Kees gebiede gin. Wann och net an engem iwwerdriwwenen Mooss, mais si hun substantiell méi misse berappen, ewéi aner Partner.

Dobäi muss ee soen, daat d’Betrieber duerch d’Kotisatiounserhéijhung och en Effor hu misse bréngen.

D’Prestatairen si gréisstendeels geschount gin.

,,D’Kur fir déi krank Keesen”, wéi et an engem Wort-Leitartikel vun deemols stong , hu missen zu engem groussen Dél déi Krank bezuelen.

Ee Joer duerno as aus dem Defizit, ee Boni gin.

600 Milliounen Frang dest Joer, kumuléiert mat de Prévisiounen fir 2001 komme mer op en Iwwerschoss vun reng 1,4 Milliarde Frang.

Déi krank Keesen sin an engem Joer gesond gin. Déi am leschte Joer beschriwwe Kur huet also Wirkung gewisen.

D’Fro op, déi bechlossen Spuermossnahmen weider bestoen bleiwen sollen, an op weider Spuermossnahmen néideg sin, ass berechtegt.

An op den éische Bléck muss een sech och froen, op d’Opportunitéit, den Doktorenm eppes ofzeverlangen, grad elo gin as. Och, an daat gett bei der Diskussioun oft vergies, wann ee wees, dat d’Doktoren d’lescht Joer minimal Efforen gemach hun, wéi et em d’Bekämpfung vum Defizit gaangen as.

Här President,

Waat elo déi spezifesch Fro vun der Participatioun vun den Spidolsdokteren un den Spidolsinfrastrukturen ugeet, esou as et ze begréissen, dat d’Regierung nach eng Kéier mat den Doktoren well schwetzen, den Dialog sicht, an hire Projet virleefeg op Eis geluet huet.

Et as ze hoffen, dat des Virgehensweis eng nei Phase vun Dialog erlaabt, an deen – an dat soen ech mat Nodrock – och d’Sozialpartner solle mat agebonne gin.

D’Finanzéierung vun de Gesondheetskäschten as keng “chasse Gardée” vun engem oder vun zwee Partner. Et soll, wéi daat bis elo emmer de Fall war, zu enger Matabezéiung vun allen Akteure kommen, déi Responsabilitéit ze droen hun.

Zum Problem vun de Dokteren, erlaabt mer och eng perséinlech Bemierkung.

Et as absolute Quatsch ze mengen, d’CSV giff als Regierungspartei mat op de Wee vun enger Zerstéierung vun der liberaler Medezin goen. Fir eis ass a bleiwt déi liberal Medizin – dee fräie Choix vum Dokter – e Fundament vun eiser Gesondheetsversuergung. Mir welle keng vun Uewen erof diktéiert Medezin, déi de direkten Wee an en Zwee-Klasse-System giff bedeiten.

Här President,

Den Interpellant schwetzt a sengem Froekatalog och d’Evolutioun vun de Cotisatiounen an de Prestatiounen un.

Un sech ass et relativ einfach op dese Volet anzegoen.

D’Cotisatiounen an d’Prestatiounen mussen mat der Finanzsituatioun vun de Keesen am Aklang sin.

Daat as relativ einfach wan déi finanziell Situatioun – aus wirtschaftlechen an sozio-ökonomeschen Grenn – gudd as. Waat awer soll geschéien, wan et eiser Wirtschaft eng Kéier net méi esou gudd geet.

Wat geschitt wan den Emploi net méi an esou engem Mooss zouhellt, wéi bis elo an parallel dozou de Besoin un héichwertege medezineschen Prestatiounen an Infrastrukturen emmer méi grouss gett?

Daat sin déi eigentlech relevat Froen.

Dest sin awer gläichermoossen Froen, déi eng méi déif, eng méi fundamental Analyse viraussetzen, wéi ech daat virdrun scho gesot hun.

Et as dofir, wou et ménger Meenung no interessant wier, am Laaf vum nächste Joer als Parlament méi eng genee Analyse ze machen vun dem Krankekeesendossier.

Firwat net, en Débat d’orientation virbereeden, deen d’ Zukunft vun eisem Krankekeesewiesen zum Thema hätt.

Här President, Dir Dammen, Dir Hären,

Dest waren déi puer prinzipiell Ausféierungen an Uregungen zu der Interpellatioun Bartolomeo.

Zum Schlus awer nach eng Kéier e Wuert zu den Krankekeesen-Leeschtungen a – Käschten an och zu dem Volet vun de Spideeler.

Ech wollt op deser Plaaz dovun profitéieren, en Appell un d’Partenairen vun der “Union des caisses de Maladie”, déi muer Mettwoch an hierer Generlaversammlung zesummesetzen, ze riichten. Si sollen iwwerleen, op net eenzel Efforen, déi d’Assuréen 1999 hu misse brengen, kéinten revidéiert gin. Virausgesat, déi finaziell Situatioun erlaabt dest, an et as net mat negativen Langzäitwirkungen ze rechnen. Daat wir weder am Senn vun den Assuréen, nach am Intérêt vun deenen aneren Partner vun de Krankekeesen.

Am Senn vun méi sozialer Gerechtegkeet wier et och ubruet, ze iwwerleen, op een net d’Héicht vun de Bedeelegungen vun den Assuréen un hiert Akommes soll koppelen.

Konkret heescht daat: Méi Participatioun fir déi, di gudd verdéngen. Manner Bedeelegung fir déi Leit mat méi klengen Payen.

Iwwregens soll den Interpellant eis emol soen, waat hien vun esou enger méi sozial gerechter Approche hällt.

Här President,

Waat de Spidolsdossier ugeet, esou ee Wuert zu der Reduktioun vun Akutbetter.

Et as richteg, sech un international Richtlinien ze haalen. Expären aus dem Ausland gin dovun aus, daat net zulescht wéngst dem medezinesche Fortschrett manner Akutbetter gebraucht gin. Den Trend geet éischter a Richtung Hôpitaux de jour.

An dach soll een oppassen, daat een mat emmer méi Rationaliséierung net op eng Kéier dach d’Qualitéit vun der Medezin a Gefoer bréngt. Ménger Meenung no as et besser e puer Better ze vill ze hun, ewéi krank Leit mussen oofzeweisen.

Des Ausso kennt net vun ogeféier. Schon haut mussen Patienten hei am Land méintelang waarden oder awer an d’Ausland fir eng Behandlung goen, well mir net déi néideg Apparater hun.

Waat haut fir déi medezinesch Apparater de Fall as, ka muer am Beräich vun de Better de Fall sin. Dofir solle mer oppassen, wa mir ofbauen.

A propos Ofbau. Hei verstin ech och d’Approche – besonnesch vun de Sozialisten – net, déi eng Art Glaawenskrich tescht privaten an öffentlechen Spideeler ustiwwelen.

Waat soll daat?

Et as einfach net sérieux, dat een deem aneren viirrechent, wien, wou, wéivill Better ofgebaut huet. Wann een daat awer mecht, soll ee bei der Wouerecht bleiwen. An déi Wourecht seet, dat d’Kongregatiounen an deene leschte Joeren wäitaus méi Better ofgebaut hun, wéi daat elo vun den öffentlechen Träger verlangt gett.

An ech soen Iech eent. Dem Kranken as et leschtenends egal wien wou méi Better ofgebaut huet. Wichteg as et vir hien, e Bett a gudd Pfleeg ze kréien.

Här President,

Eis as een esou léiw ewéi deen aneren, deen am Spidolssekteur aktiv as an am Senn vun enger gudder Gesondheetsversuergung schafft. D’Schwesteren hun an desem Kontext Pionéieraarbecht geleescht, déi unerkannt muss gin. Daat huet näischt mat Extrawurschten oder Cadeauen ze din. Souwisou gett et am Financement keen Ennerscheed tescht Kongregatiounsspideeler an aneren Ariichtungen.

Wat mir wellen, daat as eng héichwerteg medezinesch Offer mat dem Patient am Mettelpunkt. Op an den Zemmeren vun de Spideeler Kruzifixer henken oder net, as fir eis am Endeffekt egal. De Sozialisten schengt daat manner egal ze sin

Här President,

Ofschléissend nach en Appel un de Gesondheetsminister. Un him as et, an der Santé ewéi an der Sécurité sociale, nei Weer ze goen. Dobäi soll en sech awer daat zu Härz huelen, wat seng Partei net midd gin ass am Walkampf ze pridegen. Ech mengen domat den Dialog, an daat mat alle Betraffenen.Ech soen Iech merci.

2

1