D’Politisch Aarbecht huet Prioritéit

– Aus enger fräier tribün um 100,7 vun der Parteipräsidentin Erna Hennicot-Schoepges –

D’Politesch Aktualitéit ass an deene leschten Wochen ouni Zweifel vun enger Rei sougenannten Affären dominéiert ginn. Wichteg politesch Froen, déi mat der Zukunft an der Entwécklung vun eisem Land eng zesummen hänken, sinn leider an den Hannergronn gerekelt. Polemesch Aussoen, verbal Attacken, falsch Behaaptungen a perséinlech Ennerstellungen stungen dofir am Vierdergrond vun den politischen Diskussiounen; dëst bei all dëse sougenannten Affären. Politisch gesinn ass villes dowunner nët novollzéibar.

Mir hoffen, datt no den Aussoen vum Minister Luc Frieden an de Kloerstellungen vum Minister Michel Wolter elo endlech e Schlussstrech gezu gët. Et ass dach héich Zäit zum politeschen Ordre du Jour zréckzekommen. Eng Meenung, déi vill Leit am Land mat eis deelen.

Sëcherlech, economesch a sozial betruecht, si mer am Verglach mat villen aneren Länner an enger extrem gudder Situatioun. Dat heescht natiirlech kénges Falls, datt mer eis iwwert d’Zukunft an d’Entwécklung vun eisem Land kéng Gedanken a kéng Suergen misste machen. Neen, och haut – oder just haut brauche mer eng Politik mat engem Bléck no vir. Eng Politik mat enger nohalteger Dimensioun. Kléngkriicher a perséinlech Reiwereien sinn do feel op der Plaz. Politesch Aarbecht muss nees d’Prioritéit ginn.

Am Parlament respektiv an de Kommissiounen laafen de Moment Virbereedungsaarbechten fir den Debat iwwer den Budget 2001. Kärstéck vum Budget ass niewt engem massiven Investitiounsprogramm, ouni Zweifel d’Steierreform. Hirt Ziel d’Entlaschtung duerch steierlech Reduktiounen fir Privatpersounen. Dës fiskalesch Mesuren ginn bekanntlech am nächste Joer duerch eng Rei zousätzlech Initiativen vrun allem zu Gonschten vun de Betribber ergänzt. Et ass eng Politik fir d’Zukunft vun eisem Land an engem Europa, datt sech mat grousse Schrëtt weiderentwéckelt.

Am Bléckpunkt vun der politischer Diskussioun ass a bleiwt och d’Fro iwwer déi zukünfteg Aussriichtung vun der Pensiouns- an Rentenpolitik. D’Gewerkschaften hun der Öffentlechkeet hir Positiounen a Virstellungen präsentéiert. Et sinn interessant Viirschléi, déi elo am Detail analyséiert musse gin.

Et ass wiichteg, datt an dësem Dossier déifgreifend Iwerleeungen gefouert ginn, well virun allem an dëse Froen sinn schnell Aentwerten an einfach Léisungen fehl op der Plaz. Eng sozial gerecht a fir déi next Generatiounen vertriedbar Rentepolitik muss d’Ziel vun allen Iwerleeungen sinn. De Wuelstand an déi finanziell gesond Situatioun an eisem Land kann a soll eis nët duerzou verféieren ëmmer nees nei an iwerspëtzten Fuerderungen opzestellen, déi de Generatiounenvertrag a Fro stellen.

Och wa mer eng exzellent Ausgaangspositioun fir d’Léisung vun dëse Problemer können virweisen, brauchen mat Bléck op déi künfteg Entwécklungen an Europa och weiderhin eng Politik mat Wäitsiicht.

An dësen Dossieren ass un éischter Plaz Politik gefuerdert, awer och all eenzelnen muss hei Responsabilitéit iwerhuelen.