Ass d’LSAP nees wackreg ginn?

Ass d’LSAP nees wackreg ginn?

Aus der Interventioun vum CSV-Fraktiounschef Lucien Weiler am cadre vun der Debatt iwwer Motiounen vun der LSAP: (et gëllt dat geschwaate Wuert aus der Châmber / 24.10.2000)

… Den LSAP-Prësident Asselborn huet virun 14 Deeg op dëser Tribün eng Ried gehaalen, eng Ried, déi un sech de Kader vun de Motiounen vun den Sozialisten duerstellt.

Den Här Assselborn huet an engem mélodramateschen Tounfall eng Rei vun Saachen gesoot, vun deenen ech unhuelen, datt en an der Tëschenzäit selwer zur Iwwerzeegungn komm ass: “Si tacuisses”.

Wann daat net de Fall sollt gewiescht sinn, giff ech wellen dén jonken Parteiprësident vun der LSAP, dén eréischt gudd 3 Joer am Amt ass, soen, dass hien d’Impressioun opkommen gelooss huet, hien géiff seng Carrière an seng Partei iwert déi sériös Froen stellen, déi mer virun 14 Deeg diskutéiert hun.

Hien wollt beweisen, datt d’Sozialisten à même wären, grëffeg Oppositiounspolitik ze maachen an net ze feig wiiren, fir dran ze schloen. An daat ass him zum Deel gegléckt.

Hien huet de Leadership an der LSAP u sech gerappt, d’Putschisten éliminéiert, déi Hären Krecké a Bodry, wéi eng Zeitung geschriewen huet, regelrecht viirgefouert, a versiicht, no baussen ze vermëttelen, datt d’LSAP nees wackreg gin ass.

Zum Fong awer, ëm deen et jo en fin de compte gung, haat den Här Asselborn näischt oder wéineg ze soen.

“Frieden darf sich einmischen”, haat den Här Asselborn gesoot.

Wou den Här Frieden sech hätt sollen amëschen, kënnen amëschen, diirfen amëschen, missen amëschen…..keen Wuert vum Här Asselborn. Keen Wuert och zu der wésentlecher Fro vun der Relatioun vum Justizminister mam Parquet. …)

D’Parteiinteressen stungen am Mëttelpunkt, de Fong war fir den Här Asselborn Peanuts fir d’Juristen. An dann, Här Prësident, wann den Här Asselborn schwetzt vun Carrière an Parteiinteressen, an et kuckt een d’Aart a Weis wéi hien dovunner schwätzt, dann stellen dach awer vill Observateuren d’Parallelen hiir mat der sozialistescher Vergaangenheet.

Haaten d’Sozialisten dann net viirun all ze laanger Zäit ee Leader, dém d’Carrière an d’Parteiinteressen iwert alles gaang sinn, an dén sech kén Deit gekëmmert huet ëm d’Libertés individuelles an de Schutz vun der Privatsphäre vun enger Ministerin.

Huet net den Här Poos, fréieren sozialisteschen Leader, seng Carrière opgebaut op d’Ausspionéieren an d’Ausschluechten vun der Privatsphäre vun der deemoleger Ministerin Frieden- Kinnen.

An wann der Här Asselborn schwätzt vun Ministeren upöbbelen an esouguer erniddregen, dann froen ech mech waat den Här Poos aanescht gemaach huet, wéi eng Ministerin unzepöbbelen, ze erniedregen an ze deemütegen.

(…)

De Robert Krieps huet gesoot: “Soignéier deng Geschicht”. Den Här Asselborn schengt op jiidfer Fall vun der sozialistescher Geschicht nëmmen daat verhaal ze hun waat hien arrangéiert an déi däischter Momenter, contrairement zum Rood vum Här Krieps, vergiess ze hun.

An dann, Här Prësident, huet den Här Asselborn gemengt hien misst vum Maulkuerf schwetzen. Och do kann een nëmmen dem Här Asselborn soen: “Si tacuisses”

Et ginn der nämlech net vill hei am Land, Här Prësident, déi esou ongenéiert Maulkierf verpassen, wéi d’Sozialisten.

E puer Beispiller gefälleg: den Här Goebbels.

Mir sinn jo eréischt virun e puer Wochen gewuer gin, mat waat fir enger staarker Hand den Här Goebbels d’Bauverwaltung an der Gitt haat, an daat an engem Mooss, datt sie sech net méi getraut huet, a Punkto Nordstrooss an an aaneren Dossierën hiir Meenung ze soen.

No joerlaangem Maulkuerf huet déi Verwaltung jo regelrecht opgeotment, wéi en neien Haushär ugetrueden ass.

An dann Här Prësident, well den Här Asselborn jo esou frou ass mat Bréiwer,

Ech hun och e Bréiw hei. Et ass e Bréiw vum 3. Abrëll 1992, dén deemols d’Ëmweltverwaltung un dén jonken Minister Bodry, deen eréischt 3 Joer am Amt war, geschriewen huet. Et ass e Bréiw vun annerhalwer Säit an dém et ëm den 91 er Aktivitéitsberiicht vum Ëmweltministär geet.

An dësem Bréiw bekloot d’Ëmweltverwaltung sech véhément, iwert daat waat den Ëmweltminister mat hiirem Beitrag zum rapport d’activité gemaach huet. D’Ëmweltverwaltung seet datt hiiren Beriicht verfälscht gouff. dass d’Textpassagen gestraach gouffen, falsch Conclusiounen gezun gin sinn an falsch Behaaptungen opgestallt gin sinn.

An d’Ëmweltverwaltung résuméiert folgendermoossen: ” ……..des manipulations du texte ont été opérées au point d’énonçer des contre-vérités. Une telle situation ne s’est pas présentée durant les quatorze dernières années où j’ai collaboré à la rédaction du rapport d’activité”.

Här Prësident, daat sinn schwéier Viirwërf, ganz schwéier Viirwërf.

An dofir well ech dem Här Asselborn e puer Froen stellen:

Firwaat huet den Minister senger Verwaltung esou nohalteg an d’Handwiert gepfuscht? Wirwaat hun d’Beamten d’Wourecht net däerfen schreiwen? Waat huet den Minister un dëser Wourecht gestéiert? Haat de Minister Bodry eppes ze verstoppen, an waann jo, waat? Froen iwwer Froen an keng Aentwert.

Daat eenzegt waat mer kennen ass d’Enn vum Lidd, mam Maulkuerf gong et net duer, de Beamten huet d’Blaatt missen botzen.

Dofir stellen ech d’Fro un den Här Asselborn:

Waat hällt hien vun der Aart a Wäis wéi seng fréier Ministeschkollegen do viirgaangen sinn, wéi sie et mat der Informatioun un d’Leit an virun allem un d’Chamber gehaalen hun? Ass hien och hei der Meenung, dass d’Chamber degradéiert gin ass zu engem Clibbchen wou d’Engelen mat de Keelen spillen.

Mir sinn gespaant op seng Aentwert!

Här Prësident, d’Sozialisten sinn net ëmmer déi als déi sie sech ausgin, déi soen waat se denken an maachen waat se soen. Den Här Asselborn ass ageholl gin vun senger eegener Geschicht. D’Sozialisten hun net d’Recht sech als déi eenzeg Verdeedeger vun der Transparenz an de Mënschenrechter opzespillen an als Moralapostel opzetrieden.

Hiir Vergangenheet beweist, datt se dacks an ganz uerg gesënndegt hun an dofir passen se net an déi Roll déi se sech gären wëllen zouléen. Dee Costume do ass hinnen ze grouss.

E bëssjen Bescheidenheet giff den LSAP-Leaderen gudd zu Gesiicht stoen!

(et gëllt dat geschwaate Wuert aus der Châmber / 24.10.2000)

1

1