Fräi Tribün op RTL vum Jean-Louis Schiltz, CSV-Generalsekretär

Léif Nolauschterinnen, léif Nolauschterer,

Politik ass kee Spektakel an d’Chamberstribün ass keng Theaterbühn.

Politik, dat sinn Iddeeën, Reegelen a Leit, déi se mat dem néidege Seriö realiséieren.

Politik ass awer och Präsenz um Terrain.

Eng Politik, déi net no beim Bierger ass, verdéngt am Fong geholl den Numm Politik net.

Et ass an d’Zeeche vun der Präsenz um Terrain, wou d’CSV – als Partei – hir Rentrée an dësem Hierscht 2000 gestallt huet. “CSV-Horizont 21 – Am Gespréich mat de Sektiounen”, ënnert dësem Motto organiséiert d’CSV iwwert d’Méint September, Oktober an November e groussen Tour duerch d’Sektiounen mat enger Villzuel vu Versammlungen an Diskussiounsowender op regionaler Basis.

Et geet der CSV dobäi haaptsächlech ëm de Kontakt tëschent de Sektiounen an der sou genannter Parteispëtzt, gläichzäiteg awer och ëm de Kontakt an d’Diskussioun tëschent den eenzelne Sektiounen, ënnert sech an hire Memberen. Op déi Manéier kann een deem aneren seng Ideeën opgräifen. Op déi Manéier kënnen d’Ideeën aus de Sektiounen nach besser an d’Parteiaarbecht agebaut ginn.

No bei der Basis – et ass dorëm, wou et ons geet. Enger Vollekspartei, wéi der CSV, muss dat schons eppes wäert sinn. Politik, richtig Politik kann net vun engem Klub von Notable verriecht ginn, dee sech doropper beschränkt, seng Ideeën iwwert d’Medien ze diffuséieren. Politik, léif Nolauschterer, ech hunn et agaangs scho gesot, dat sinn awer och Ideeën an Projeten a Leit, déi se realiséieren.

An dësem Zesummenhang erlaabt mer, ee Beispill aus der leschter Woch opzegräifen. Verschidde Politiker hunn sech d’lescht Woch mat enger Interpellatioun iwwert d’Justizwiese beschäftegt. Hinnen huet d’ganz Medienopmierksamkeet gegollt. Währenddeem – an dat ass de Punkt, deen ech hei wollt ervirhiewen – hunn anerer weider seriös, awer manner opfälleg Aarbecht geleescht.

Leschten Donneschdeg huet d’Chamber – endlech muss ee schons bal soen – dee vun der Familljeministerin Marie-Josée Jacobs ausgeschaffte Gesetzesprojet iwwert d’Iwwerverschëldung

gestëmmt.

Dat ass eent vun deene wichtigste Sozialgesetzer: Deen neien Text setzt endlech eng Prozedur an, wou Leit, déi sech finanziell iwwerholl hunn, Méiglechkeete fannen, sech nees ze erkrabbelen an hir Situatioun – an uerdentlichen an koordinéierte Verhältnisser – ze sanéieren. Sou kann z.B. vun haut un de Friddensriichter e Plang virleeën, wéi d’Scholden ofgedroe solle ginn. De Plang muss vum Schëldner a vu sengem Geldgeber guttgeheescht ginn.

D’Gesetz iwwert d’Iwwerverschëldung erlaabt et, datt an engem Land, wou et deene meeschte gutt geet – och déi, deenen et finanziell net esou gutt geet – eng nei Chance kréien, amplaz datt se lénks um Wee leie gelooss ginn. Et ass deemno ee sozial eminent wichtege Projet. Et ass mat esou Projeten, wou eist Land weiderkënnt a sozial nach méi gerecht gëtt.

Nei Gesetzer, déi d’Situatioun vun de Bierger verbesseren.

Eng Parteiaarbecht, déi no beim Bierger ass.

Dat ass d’Politik mat engem groussen C.

Dat ass d’Politik, déi eist Land och an der Zukunft wäert weiderbréngen.