Politik bedeit d’Zukunft virbereeden. Eis Politik huet dobäi een Zil: Mir wëllen Iech laangfristeg – net just kuerzfristeg – eng héich Liewensqualitéit garantéieren. Eis Aufgab ass et dofir de richtege Kader opzestellen an déi grouss Erausfuerderungen unzegoen: am Wunnengsbau, bei der Mobilitéit, an der Educatioun vun eise Kanner an am Beräich vun der Innovatioun. Mir maache Lëtzebuerg fit fir d’Zukunft!
Dofir hu mir en ambitiéise Plang opgestallt. Wat mir virschloen ass e Gesamtpak am Zeeche vu Gerechtegkeet, Innovatioun an Effizienz. Dëse wäerte mir konsequent ëmsetzen.
Eise Plang fir Lëtzebuerg stelle mir de 15. September op eisem Nationalkongress am Detail vir. Déi grouss Linnen hu mir schonns duergeluecht. Déi grouss Linne fannt Dir an de Dokumenter ënnen op der Säit.
Mir këmmeren eis ëm Är Uleies vun haut a plange fir déi nächst Generatiounen.
Mir hunn e Plang fir Lëtzebuerg.