Zu Lëtzebuerg gëtt de Skoda Tour de Luxembourg vun RTL diffuséiert. Wéi vill Tëleesspectateuren hunn d’Course dëst Joer verfollegt? Wéi huet sech dës Zuel an de leschten zéng Joer entwéckelt?

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madame delegéiert Ministesch fir Medien a Connectivitéit, un den Här Sportsminister an un den Här delegéierte Minister fir Tourismus weiderzeleeden.

 

De Skoda Tour de Luxembourg, deen all Joer am September stattfënnt, ass e renomméiert internationaalt Sportsevenement, wat vill professionell Cyclisten aus der ganzer Welt zesummebréngt. Och dëst Joer hunn Top-Cyclisten op Weltniveau ëm den Titel gekämpft.

 

An deem Kontext wollt ech follgend Froen un d’Madame delegéiert Ministesch fir Medien a Connectivitéit, un den Här Sportsminister an un den Här delegéierte Minister fir Tourismus stellen:

 

  • Zu Lëtzebuerg gëtt de Skoda Tour de Luxembourg vun RTL diffuséiert. Wéi vill Tëleesspectateuren hunn d’Course dëst Joer verfollegt? Wéi huet sech dës Zuel an de leschten zéng Joer entwéckelt?
  • Wien iwwerdréit d’Course am Ausland? A wéi vill Länner gëtt d’Course iwwerdroen? Ginn et Informatiounen iwwert d’Zuel vun den auslänneschen Tëleesspectateuren? Wéi huet sech dës Zuel an de leschten zéng Joer entwéckelt?
  • Ginn et Informatiounen iwwert d’Zuel vun de Spectateuren, déi d’Course op der Plaz suivéiert hunn?
  • A wéi engem Mooss dréit esou en Evenement zur Attraktivitéit vu Lëtzebuerg als Reesdestinatioun bäi?

 

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

Charles Weiler

Député

Zréck