Zesumme mat Total Energies soll och endlech eng Waasserstofftankstell zu Lëtzebuerg gebaut ginn. Leider koum et onsen Informatiounen no erëm zu Verspéidungen. Wat sinn d’Grënn vun der Verspéidung?

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro zu der Waasserstofftankstell un den Här Energieminister weider ze leeden.

Zesumme mat Total Energies soll och endlech eng Waasserstofftankstell zu Lëtzebuerg gebaut ginn. Leider koum et onsen Informatiounen no erëm zu Verspéidungen. En Grond soll sinn, dass Total Energies eréischt kierzlech den Accord vum Staat kritt huet.

 

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un de Minister stellen:

  • Stëmmen ons Informatiounen? Wéini gouf den Accord vum Staat fir den Bau vun enger Waasserstofftankstell zesumme mat Total Energies ënnerschriwwen?
  • Wéi gesäit den aktuellen Zäitplang aus?
  • Wat sinn d’Grënn vun der Verspéidung?

 

Här President ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Paul Galles

Deputéierten

Zréck