Zanter engem Joer kann een Numm a Geschlecht am Etat civil änneren. Stëmmt et, dass den Edukatiounsministère awer keng nei Diplomer ausstellt ?

Här President,
Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, des parlamentaresch Fro un den Här Edukatiounsminister weider ze leeden.

Säit engem Joer ass d’Loi du 10 août 2018 relative à la modification de la mention du sexe et du ou des prénoms à l’état civil et portant modification du Code civil an Kraaft.
Bis ewell hunn 38 Persounen Numm a Geschlecht changéiert.

An deem Kontext well ech folgend Froen un den Här Minister stellen:
Kann de Minister confirméieren, dass den Educatiounsministère keen neien Diplom (un di Persounen, di hiren Diplom nach mam aneren Numm an Geschlecht ofgeschloss hunn) no enger Ännerung vu Numm a Geschlecht ausstellt, esou dass Identitéitspabéieren an all anert ofzielt Dokument net mam Diplom iwwertenee stëmmt?

Falls dem esou ass, ass de Minister sech bewosst, dass esou all Persoun déi op enger Universitéit oder bei engem potentiellen Patron säin Diplom muss ofginn, gezwongen ass sech als transident ze outen, sech esou engem enorme psycheschen Drock aussetzt an eventuell guer Gefor leeft op Grond vun senger Trans-Identitéit diskriminéiert/ofgelehnt ze ginn?

Falls dem esou ass, envisagéiert de Minister dëst schnellstméiglechst ze redresséieren a Persounen déi op Basis vun dem Gesetz vun 2018 hiert Geschlecht an Numm änneren an Zukunft een neien Diplom auszestellen?

Mat déiwem Respekt,

Paul Galles
Deputeierten

Zréck