Zanter 1 Mount gëtt op de Chantieren uechter d’ganz Land an och un der neier N3 nees geschafft. Wéi kommen déi 3 verschidde Moduler (Nord / Central a Sud), an déi d’N3 gegliddert ass, virun ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte weiderzeginn.

Zanter 1 Mount gëtt op de Chantieren uechter d’ganz Land nees geschafft. Och un der neier N3, déi sech an 3 verschidde Moduler gliddert, de Module Nord / Central a Sud, ass de Fortgang vun den Aarbechten ze observéieren. Dës 3 Moduler sinn awer vun der Ëmsetzung vun den Aarbechten verschiddentlech phaséiert an och geplangt.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte stellen:

  • Wéini sollen d’Aarbechten um Module Nord, un deem zur Zäit ganz äifreg geschafft gëtt ofgeschloss sinn?
  • Wéini kann de Pôle d’échange zu Bouneweg / Lycée technique de Bonnevoie definitiv a Betrib geholl ginn?

 

Well zur Zäit äifreg un de “Bordereau de soumission” vum Module Central an der rue des Scillas um Houwald geschafft gëtt, wollt ech gäre folgend puer Prezisiounen zu dësem Projet vum Här Minister kréien.

 

  • Wéi eng Aarbechte ginn an enger éischter Phase ugefaangen?
  • Wéini ass mam Ufank vun dësen Aarbechten ze rechnen a wei laang sollen des Aarbechten daueren?
  • Ass de Staat tëschenzäitlech Propriétaire vun den Terrainen déi fir dës Phase gebrauch ginn?

 

Um Gabarit vun der Strooss an der rue des Scillas soll an enger zweeter Phase geschafft ginn, ier dës Aarbechte kennen ufänke sinn awer nach eng Rëtsch un Emprisen ze maachen.

 

An dësem Kontext géif ech gären folgend Froen un den Här Minister stellen:

 

  • Ass de Staat och am Besetz vun der Integralitéit vun dësen Emprisen?
  • Wann dat net de Fall sollt sinn, fir wéini ass domat ze rechnen datt de Staat all Emprise riets a lenks vun der Strooss kann a Besetz huelen?
  • Ass ugeduecht datt den Tennis Club Houwald eng Afaart kritt fir de Restaurant an de Shop kennen ze beliwweren?
  • Kann deen integrale Gabarit an der rue des Scillas vun Ufank un gebaut ginn, oder muss hei och phaséiert geschafft ginn?
  • Sollt dat net de Fall sinn, kann eis de Minister soen firwat dat esou ass?
  • Kann d’Bréck fir den Tram an den ëffentlechen Transport a Richtung vun der Gare Périphérique an dem Ban Gasperich vun Ufank un integral gebaut ginn?
  • Sollt dat net de Fall sinn, kann eis de Minister soen firwat dat esou ass?
  • Wéini kéinten dës Aarbechten ufänken a wéi laang sollen se daueren?
  • Sollten et bei der Ëmsetzung méi Phase ginn, wat wier déi projezéiert Dauer vun enger finaler Fäerdegstellung vun all den Infrastrukturen vum Module Central an der Fäerdegstellung vum Tram bis bei den Terminus neien Stadion op der Cloche d‘Or?

 

De Module Sud stellt de sougenannte Contournement ronderëm d’Gemeng Hesper duer (Contournement d’Alzingen). D’consultation publique iwwert de Contournement huet wéinst der Covid-19 Kris missen ofgesot ginn.

 

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un den Här Minister stellen:

 

  • Wéini soll dës ëffentlech Consultatioun nogeholl ginn?
  • Gëtt virun un de jeeweilege Variante vun enger iwwer- oder ënnerierdescher Strooss geplangt?
  • Kann mat enger definitiver Decisioun am Regierungsrot iwwert d’Machbarkeet an de Choix vun enger Variant bis Enn vun dësem Joer gerechent ginn?
  • Wat ass de geplangten Datum vun der Ëmsetzung vun dëser Strooss?

 

Här President, ech biede lech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Marc Lies

Deputéierten

 

Zréck