Wouropper ass d’Hausse vum Stroumpräiss zu Letzebuerg zréck ze féieren?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden mir Iech, dës parlamentaresch Fro zum Stroumpräis un den Här Minister fir Energie weider ze leeden.

Duerch d’Liberaliséierung vum Stroummarché am Joer 2007 kruten d’Konsumenten d’Méiglechkeet fir de Stroumubidder souwéi d’Energiequell frei ze wielen. Ziler vun dëser Liberaliséierung waren engersäits niddereg Energiepräisser an anerersäits transparent a sécher Infrastrukturen um europäeschen Stroummarché.

Zënter 2007 setzt sech de Stroumpräis am Wesentlechen duerch di tatsächlech Energiekäschte pro kWh, d’Käschte fir d’Notzung vun den Infrastrukturen (Stroumnetz), souwéi d’Steieren an aner Taxen (wéi zum Beispill dem mécanisme de compensation) zesummen.

Duerch di noutwenneg Dekarboniséierung an Elektrifizéierung ass dovunner auszegoen dass de Stroumverbrauch an Zukunft staark klamme wäert. Dobäi ass et essentiell dass de Stroum mat erneierbare Quellen produzéiert gëtt. Fir ze verhënneren dass Bierger zécken vum Petrol op gringen Stroum ëmzeklammen, muss de Storumpräiss attraktiv bleiwen.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  1. Wéi hunn sech di dräi Käschtepunkten vum Stroumpräiss zanter der Liberaliséierung vum Stroummarché an hiren Undeel um Endpräis fir de Konsument entwéckelt? Kann den Här Minister di Undeeler (Energie, Netznotzung, Taxen) grafesch a prozentual duerstellen?
  2. Wouropper ass d’Hausse vum Stroumpräiss zu Letzebuerg zréck ze féieren?
  3. Wéi gesäit den Trend vum Stroumpräis fir d’Zukunft aus, wëssend dass mir en Maximum un Stroumprojet’en aus erneierbaren Energiequelle wëllen? Mat wéi enger Hausse vun der Taxe vum mécanisme de compensation rechent de Minister fir di neideg Subventiounen vun CO2-neutraler Stroumproduktioun ze finanzéieren?
  4. Ass mat enger Verdéierung vun den Notzungsgebühren vum Stroumréseau (vun den Héischspannungsnetzer bis zum Haususchloss an den Chargy-Bornen) ze rechnen wann dësen muss ausgebaut ginn?
  5. Ass de Minister an dësem Kontext bereet d’Méiglechkeet ze.préiwen a Modeller ze entwéckelen fir d‘CO2-Stéier ze erhéijen an dëst Steierakommes fir d’Reduzéierung vun de Steieren (TVA) op dem Stroum auszegläichen, soudass d’Leit net zousätzlech belaascht ginn an d’Emklammen vum Petrol op de Stroum fir Heizen an Transport keng Verdéierung duerstellt? Wann Jo, kann de Minister Modellrechnungen maachen fir sécher ze stellen dass di finanziell manner staark Haushalter net benodeelegt sinn?

 

Här President mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Jean-Paul Schaaf                                           Paul Galles

 

 

Deputéiert

Zréck